Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
Sech mam “Deuil Climatique” auserneesetzen! – Renelde Pierlot
Klimahelden

Sech mam “Deuil Climatique” auserneesetzen! – Renelde Pierlot

D'Renelde ass an der Lëtzebuerger Theaterwelt fest etabléiert. Aktiv ass si net nëmmen als ausgebilte Schauspillerin, mee och als Regisseurin a Proff. Hir ënnerschiddlech Aktivitéiten hunn et hir erlaabt, ee méi vollstännegen Iwwerbléck iwwert dëse Beräich ze kréien. Am Kontext vum Klimawandel si si an hir ASBL "Les Frerebri(des)" duerch „Robert(s)“ opgefall, en Theaterstéck iwwert d‘Thema Ökologie.

„Mir haten eis mat der Reduzéierung vum CO2-Foussofdrock auserneegesat a gekuckt, wéi mir dësen Challenge och an eist kënschtlerescht Schafen integréiere kënnen. Eist Zil wor et, dee klengstméiglechen CO2-Foussofdrock ze hannerloossen, dofir awer dee gréisstméiglechste soziale Foussofdrock z'erreechen. Dofir sinn, ënner anerem, d'Kostümer an d'Bünebild aus Recupmaterial fabrizéiert ginn. D'Ekipp wor och opgefuerdert ginn, esou gutt et goung, den Dekor an d’Material mam ëffentlechen Transport vun enger Plaz op déi aner ze bréngen. Souguer de Publikum huet eng Hand misste mat upaken. Si souzen op Vëloen an hu missen an d'Pedallen drécken, fir esou Stroum bäizedroe fir d'Beliichtung vum Stéck ze generéieren. Mir si souguer souwäit gaangen, datt mir op eng Chorale zréckgegraff haten, fir eben och dee sozialen Impakt ze vergréisseren a sou vill Mënsche wéi méiglech mat der Thematik a Verbindung ze bréngen. Logescherweis ass de Fazit, datt wa mir manner fossil Energie asetze wëllen, mir méi mënschlech Energie brauchen. An och dat huet säi Präis. Mir mussen eis déi néideg Zäit loosse fir alles ze hannerfroen a mat reelle Léisungen ze kommen."

Méi Detailer iwwert de Projet: 

Fir esou een Theaterstéck credibel kënnen ëmzesetzen, huet sech d'Renelde an d'Matière ageschafft a seng Recherche gemaach: "Wat ech méi gewuer gi sinn, wat mir ëmmer méi bewosst ginn ass, datt obwuel d'Informatiounen zu Ëmweltfroe fir jiddereen accessibel sinn, vill Leit awer guer net um Courant sinn. Du gees dervun aus, si wieren et, well et jo ëm wichteg Zukunftsfroe fir eis all geet, awer nee. Dat huet dann och dozou gefouert, datt ech an eng Aart Depressioun gefall sinn an ech mech mat mengem "Deuil Climatique" hu missten auserneesetzen. Et wor ënnert anerem eng frustrant Feststellung, datt scho Publikatiounen aus de 70 an 80er Jore villes virausgesot haten a gewarnt hunn. Déi intensiv Ausernanersetzung huet zu emotionale Reaktioune gefouert: Refus, Trauer, Roserei, Akzeptanz – du befënns dech an enger emotionaler Spiral. Ech wëll manner produzéieren a wann, da méi effizient. Alles funktionéiert jo mat Budget. Mee recycelen heescht net manner Ausgaben. Au contraire. Upcycelen ass mat méi mënschlechem Asaz verbonnen, ergo mat Méikäschten. An dat ass jo dann och just d'Spëtzt vum Äisbierg. Dee wuel wichtegsten Defi ass dem Theater säi Publikum, wat dee gréissten Impakt vun CO2-Verbrauch mat sech bréngt. Natierlech kéint ech elo de Kapp an de Sand stiechen an opginn. Mee et fënnt een ëmmer nees e Wee raus an et stéisst een och ëmmer rëm op Leit, déi dech mat hiren Iddie begeeschteren a matrappen! Ech hoffen, datt mir an der Theaterwelt och an Zukunft déi néideg Ënnerstëtzung kréien. Zemools an der Phas vun der Recherche. Et ass eis Aufgab, grad elo an an de kommende Joren, duerch eis Konschtform der Gesellschaft ëmmer nees en zäitgeméisse Spigel virun d'Nues halen ze kënnen."

News

Och entdecken Voir plus