Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
Nei Weeër weisen!
Klimahelden

Nei Weeër weisen!

Monique Goldschmit, Patronne vu Velosophie an zertifiéiert Gäschteguide an der Groussregioun

D'Monique Goldschmit fënnt et ganz normal fir op de Vëlo zréckzegräifen an domat vun A op B ze kommen. A wann et mol total ongënschteg ass, da gräift si op de Carsharing zréck. Déi Léift zum Vëlo ass dobäi net vu gëscht: "1989 sinn ech vun der Musel an d'Stad geplënnert. Meng Aarbecht war 2 km vun doheem ewech. Fir mam Bus dohinner ze kommen, war ze ëmständlech an zäitopwänneg, also hunn ech de Vëlo geholl. Deemools ware mir nach net zu ganz vill, déi mam Vëlo ënnerwee waren, sou huet een sech alt ëfters zu verschiddenen Zäiten op verschiddene Plazen erëmbegéint. Dat war flott."

Duerch en Jobwiessel, also eraus aus dem Finanzsecteur an eran an den Ëmweltberäich, ass d'Monique op déi deemoleg "Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ ASBL" gestouss, haut bekannt ënnert dem Numm "Pro Velo". D'Monique, wat och do Presidentin ass, verzielt: "Déi haten eng Offer fir mam Vëlo an d'Vakanz ze fueren! Do sinn ech natierlech direkt matgefuer. Dat war esou flott, datt ech mech am Benevolat do engagéiert hat. No der fantastescher Experienz hunn ech éierenamtlech 4-5 Reesen d'Joer organiséiert a sinn och am Ausland mat Vëlosreesagencen a Kontakt komm. Iergendwann ass mir dunn d'Späicherliicht opgaangen: Misst esou eng Vëlosreesagence net och hei zu Lëtzebuerg funktionéieren?"

Den éischte Schratt war e Congé sans solde. No enger Rëtsch Formatiounen a Stagen am Ausland war d'Monique prett fir definitiv ze kënnegen a sech mat Vëlosreesen am Alter vu 40 Joer selbstänneg ze maachen: "Net datt meng deemoleg Aarbecht mir net gefall hätt, awer ech wollt eraus aus dem Büro, einfach eraus an eppes beweegen! Den Erfolleg vu "Velosophie" war séier do, a meng Toure gefrot. Duerch meng Kontakter a Vernetzunge sinn éischt nei Touren, zum Beispill op Biohäff oder Naturbeobachtungstouren, entstanen. No 3 Joer krut ech den Etikapräis. Och duerch dee Kontakt sinn dunn nei Toure bei Projete vun Etika entstanen. Nächst Joer misste mer do bei mëttlerweil 50 Tier ukomm sinn."

D'Monique ka mëttlerweil op eng staark Basisclientèle zielen, déi ëmmerhi 70 bis 80% ausmécht an och kontinuéierlech wiisst: "An de leschten 3 Joer huet sech eng nei Beweegung bemierkbar gemaach. Mir hu well ëmmer méi nei Clienten, déi sech fir Dagestouren oder Vakanze mam Vëlo interesséieren. Dat mécht besonnesch vill Freed well een sech nees neien Defie stelle muss."

Op d'Iddi, sech selwer als Klimaheldin ze gesinn, ass d'Monique net komm. Mee: "Eng Saach war fir mech ëmmer kloer: ni organiséieren ech Fligerreesen! Just Reese mam Vëlo oder Wanderreesen. Fir mech war ëmmer wichteg, datt mir a klenge Gruppe bleiwen, datt mir a klenge Maisons d'hôtes iwwernuechten oder bei Familljebetriber. Dat ass fir mech immens wichteg well et einfach vill méi flott a perséinlech ass. Vun A no B ze reesen ass anescht mam Vëlo, well et start een net um Fluchhafen. D'Rees fänkt direkt mam Wee dohin un. Et ass den Ufank vun enger Aventure! Ech loosse mech och net op eng Destinatioun projezéieren, nee, ech bannen de Wee dohin a meng Rees mat an. T'leeft wuel net ëmmer alles riicht aus, zemools wann een z. B. den Zuch verpasst, awer et ginn ëmmer nees spannend Léisungen, déi nei an interessant Weeër opweisen a vill Matière fir Storye liwweren. An da kann een herno vu sengen Erliefnesser erzielen.”

News

Och entdecken Voir plus