Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
Klima-Biergerrot

Klima-Biergerrot

All eenzele Bäitrag, fir d’Zäregasemissiounen erofzekréien, zielt. D’Moossnamen, déi vun de Bierger kommen, zielen och a sinn e wichtege Bäitrag, fir zesummen d’Zil z’erreechen.

D’Zil ass et, déi am PNEC festgeluechte Moossnamen z’iwwerdenken, awer och fir nei Léisungsusätz ze proposéieren.

Fir de Klima-Biergerrot (KBR) konnt jiddereen sech bewerben, deen zu Lëtzebuerg lieft oder schafft. Déi 100 gewielte Memberen, duerch en onofhängegt Institut erausgesicht, goufen esou gewielt, datt de KBR sou gutt wéi méiglech mat alle gesellschaftlechen Zesummesetzungen an Hisiicht op Geschlecht, Nationalitéit, Alter, Wunnsëtz, Beruffssecteur a Bildungsniveau, representéiert war. D’Aarbecht vum KBR war zäitlech begrenzt. Déi 60 aktiv Memberen (40 Ersatzmemberen) hunn sech getraff, fir bei Informatiounsveranstaltungen,

Ausflich, Diskussiounen oder Workshops ze beroden, ob et weider Moossname fir de Klimaschutz brauch a wa jo, wéi eng.

Um Enn vun de 6 Méint sollten d’Membere vum KBR méiglech Virschléi fir Moossnamen ausschaffen. D’Viraussetzung fir d’Virschléi war, datt et Moossname waren, déi viruféieren, an datt se op dem PNEC baséieren an doriwwer erausginn. Op déi Manéier konnten aus der Mëtt vun der Gesellschaft eraus nei Iddien an Impulser am Kampf géint de Klimawandel entstoen. D’Virschléi vun de Moossname goufen am Hierscht 2022 dem Parlament presentéiert, wat driwwer beréit, ob d’Iddien ugeholl ginn an an deem Fall 2023 an d’Aktualiséierung vum PNEC afléissen. Begleet gouf de KBR vum onofhängege Berodungscomité, wat deen sech aus verschidde Persoune mat Erfarungen a Wëssen am Beräich Biergerbedeelegung zesummesetzt.

News

Och entdecken Voir plus