Klima.lu - Klimapakt Réidener Kanton

                  

Toggle Navigation
  • Home
  • Klimapakt
    • Allgemeines
    • Nutzen
    • Mitmachen
  • Kontakt
  • Vëlo am Westen
    • Kaart Vëlo
  • Safari am Wëlle Westen
    • Safari Biekerech
    • Safari Einer
    • Safari Eischt
    • Safari Sëll
    • Safari Useldeng
    • Safari Foulscht
    • Safari Koulbich
    • Safari Rued
    • Safari Rëmmereg
    • Safari Schweech
    • Safari Wal
    • Safari Mäerzeg
    • Safari Dellen
    • Safari Kéiber
    • Safari Pärel
    • Safari Misärbréck
    • Safari Naturpur
    • Safari Randschelt
    • Safari Viichten
    • Safari Nojem

Safari am Wëlle Westen

 

Dëst sinn kuerz a kannerfrëndlech (3-5km) Trëppeltier an den 10 Gemenge vum Kanton Réiden an an der Gemeng Mäerzeg.

Iert Dir eng Safari maacht, checkt w.e.g. di aktuellsten Opléisung (ënnert der jeeweileger Safari).

WICHTEG : PLACKE NET ZEVILL IWWERDECKEN, an awer trotzdeem genuch fir d'Spannung ze behalen!!

Villmools Merci am Viraus fir Är Mathëllef a weiderhi flott Safarie gewënscht!
 

Wat brauch ech fir meng Safari?

Dës Tier sinn net all ausgezeechent, dowéinst ass et gutt fir nieft der Kaart aus dem Bichelchen och nach d'Erklärunge mat Fotoen erofzelueden, op déis Du ënnerwee ëmmer kanns zougräifen. Dës kanns Du ënnert de verschiddenen Tier eroflueden (-> Wegbeschreiwung). Fir déi Tier, déi ausgezeechent sinn (Sëll, Koulbich, Rëmmereg, Mäerzeg, Naturpur, Ranschelt) gitt w.e.g. einfach der Beschëlderung no.

Falls Du d'Bichechele net hues, kanns Du och di entspriechent Säiten vun all den Tier eenzel eroflueden (->Extrait Bichelchen). Géi heifir och ënnert déi verschidden Tier kucken, soss hei de kompletten PDF vum Bichelchen. 

Verschidde Safarien ginn iwwer geheimnisvoll Weeër, déi am Summer liicht zougewuess kinnte sinn, dowéinst am beschten eng laang Box undinn (och gutt fir Zeckebësser virzebeugen). Bei Reen, kinnte verschidde Weeër matscheg sinn, dowéinst w.e.g. ëmmer zoue Schong unhunn.

De Special fir d'Kanner

Op all Wee si 4 Schiferplaque mat engem Indice vun engem Mamendéier (Säugetier) verstoppt. Dës si meeschtens un engem Holze-Piquet fixéiert, deen an de Buedem geschloen ass. W.e.g. nëmmen d'Schiferplaque kucken a net versichen den Holze-Piquet rauszezéien. Et wier och super, wanns Du d'Schiferplaque kinnt rëm bëssi mat Blieder verstoppen, fir dass et och nach spannend bleift fir déi, déi no Dir kommen. Merci villmools.

Fir d'Indicen, déi op de Schiferplaque gemoolt si bësser interpretéieren ze kënnen, invitéiere mir Iech di flott Déierekaarte vun der ANF am Virfeld mat Äre Kanner duerchzehuelen. Dës ginn all d'Informatiounen un, déi Dir braucht fir optimal op d'Safarie virbereet ze sinn. Zousätzlech och am beschten eng Kéier d'Erklärungen fir d'Indicen ukucken ;-) (och am Bichelchen op Säit 130 & 131)

D'Eltere kënnen och eng Foto vun all Verstopp ënnert de verschiddenen Tier virfannen (->Opléisung), wou gewise gëtt, wou dat genaut Versteck vun all Schiferplaque ass.

Problemer ënnerwee?

Hues Du eppes ënnerwee fonnt, wat net klappt (gebrache/verschwonne Schiferplaque, Problemer um Wee, ....)? w.e.g eng Mail schreiwen mat der Nummer vun der Safari an der Nummer vum Indice (1-4) : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! ODER um FACEBOOK Grupp "Safari am Wëlle Westen" mellen.

Download vum GPX

Op dësem Geoportail-Link kanns Du d'Safarien als GPX / KML - Datei eroflueden.

Belounung fir d'Kanner

Hues Du op mannst 15 Déiere entdeckt? Da kriss Du ee Safari-Survivor Diplom heemgeschéckt. W.e.g. heifir di leschte Säit am Bichelchen ausfëllen an un d'Tourist Info Atert Wark (1, Millenhaff L-8706 Useldeng) schécken. Et gëtt keng Date-Limite fir dësen Diplom, Dir braucht Iech also net ze hëtzen fir op mannst 15 Safarien dëst Joer ofzeschléissen. 

 

 Mir wënschen Iech vill spannend Entdeckungstouren an eisem Wëlle Westen a passt gutt op Iech an och w.e.g. op eis Natur op!

Dëse Projet vum Syndikat Kanton Réiden gouf zesumme mat der ANF, dem Schifermusée vu Maartel, de Biekerecher Millepätteren, dem regionale Bureau vun Natura2000 an der Tourist-Info vun Useldeng ausgeschafft. Mir soen dëse Partner villmools Merci hier gutt Zesummenaarbecht.

 

 ------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Komplett Bichelchen (136 Säiten - low resolution): DOWNLOAD

Extrait Erklärungen (2 Säiten): DOWNLOAD

Extrait Lëscht mat Iess / Drénkméiglechkeeten (1 Säit): DOWNLOAD

Déierekaarten: DOWNLOAD

Fir all d'Informatiounen zu deenen eenzelne Safarien (eenzel Safari-Extraiten aus dem Bichelchen/ Erklärunge mat Fotoen / Opléisung vum Verstopp), gitt w.e.g. op d'Säit vun der respektiver Safari:

Safari Biekerech; Safari Einer; Safari Eischt; Safari Sëll; Safari Useldeng; Safari Foulscht; Safari Koulbich; Safari Rued; Safari Rëmmereg; Safari Schweech; Safari Wal; Safari Mäerzeg; Safari Dellen; Safari Kéiber; Safari Pärel; Safari Misärsbréck; Safari Naturpur; Safari Randschelt; Safari Viichten; Safari Nojem

 

 

  • Aktuelle Seite:  
  • Startseite

Nächst Veranstaltungen

No events

Gemeinden

  • Gemeinde Beckerich
  • Gemeinde Ell
  • Gemeinde Grosbous
  • Gemeinde Préizerdaul
  • Gemeinde Rambrouch
  • Gemeinde Redange
  • Gemeinde Saeul
  • Gemeinde Useldange
  • Gemeinde Vichten
  • Gemeinde Wahl

Kürzlich hinzugefügt

  • Zäitbong fir Är Allerléifsten
  • Solarchallenge - De Kanton Réiden an d'Gemeng Ell sinn d'Gewënner
  • Gewënner Tour du Duerf 2021
  • Safari am Wëlle Westen
  • Safari Nojem

Login Form

  • Benutzername vergessen?
  • Passwort vergessen?

KSM

Nach oben

© 2023 Klima.lu - Klimapakt Réidener Kanton