Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin

Eis Strategien

Fir Erfolleg am Klimaschutz ze hunn, brauch ee Strategien – fir sämtlech Beräicher wéi d’Industrie, d’Landwirtschaft, d’Transportwiesen an, awer och, fir déi ëffentlech Verwaltungen a fir d’Privatstéit. Alles hänkt zesummen an iwwerschneit sech. Um Terrain wéi och an de Strategien.

Eis Strategien
Eist 2050-Zil

Lëtzebuerg huet an de leschte Joren e puer Strategien a Pläng entwéckelt, fir d’Liewen am Groussherzogtum klimafrëndlech ze gestalten. De PNEC, d’Klimagesetz, d’Strategie fir d’Upassung un de Klimawandel, d’laangfristeg Klimastrategie a nach vill anerer gi Mesurë vir, mat deenen d’Zil vun der CO2 Neutralitéit bis 2050 erreecht gi soll. D’Pläng, d’Gesetzer an d’Strategien ëmfaassen all d’Liewens- an Aarbechtsberäicher, wéi d’Wunnen, d’Mobilitéit, de Konsum, d’Energie, d’Landwirtschaft, asw.

Politiker:innen, Fachleit a Bierger:innen hunn zu dëse Strategien a Pläng bäigedroen, an zesumme schaffe mir weider drun, Lëtzebuerg bis 2050 CO2 neutral a resilient ze maachen. E puer Visioune si scho verwierklecht ginn, anerer sinn nach a Planung. D’Illustratioune weisen ausgewielte Mesuren, déi an de Pläng, Strategien a Gesetzer ze fanne sinn.

Eis Strategien
Eisen nationalen Energie- a Klimaplang: de PNEC (Plan national intégré en matière d'énergie et de climat)

D’Europäesch Unioun huet sech verflicht, d’Klimaziler vum Paräisser Weltklimagipfel anzehalen. Dowéinst huet si sech selwer Ziler gesat, fir d’Zäregasen erofzekréien, den Undeel un erneierbaren Energien z’erhéijen an domat och d’Energieeffizienz eropzesetzen. Et geet also drëms, den Energiebedarf erofzedrécken. All Memberstaat muss derbäi hëllefen. Jiddereen ass verflicht, en eegenen nationalen Energie- a Klimaplang auszeschaffen, mat der Erklärung, wéi eng Ziler a Moossnamen erreecht wëlle ginn. Dat hëlleft net nëmmen, fir gemeinsam virunzekommen, mee och fir Vergläicher tëscht de Länner maachen ze kënnen. Lëtzebuerg ass zanter 2020 a Besëtz vum eegenen integréierten nationalen Energie- a Klimaplang, dem PNEC.

image_pc

Am Januar 2020 ass den integréierten nationalen Energie- a Klimaplang, kuerz PNEC (Plan national intégré en matière d’énergie et de climat), decidéiert ginn, an deem Lëtzebuerg seng Klimaziler fir 2030 festgehalen huet. Nieft den Ziler enthält de PNEC och Strategien a Moossnamen, fir dës Ziler esou wéi och Analysen, Prognosen an eng Ofschätzung vun de Suitten, déi dës Moossname brénge kéinten. Well d’Moossnamen an d’Strategie sollen net nëmmen de Klimawandel bremsen, mee och sozial frëndlech a wirtschaftlech sinn. D’PNEC Ziler riichten sech no den EU-Ziler:

  1. D’Emissiounen am Verglach zu 1990 ëm mindestens d’Hallschent ze reduzéieren
  2. Den Undeel vu mindestens 45 % un erneierbaren Energien
  3. Eng Erhéijung vun der Energieeffizienz, resp. eng Minimiséierung vun der Endenergienofro ëm mindestens 32,5 %

Dës Ziler muss d’EU bis 2030 erreecht hunn, woubäi all Land eegen, no bestëmmte Virgabe berechent Mindestziler festgeluecht huet, awer och, wéi Lëtzebuerg, méi ambitiéis Ziler definéiere konnt.

Eis Zilvirgabe sinn:

  1. Bis 2030 solle mindestens 55 % manner Zäregasen ausgestouss gi wéi 2005, wat ongeféier 5.638 kt pro Joer entsprécht (Fit for 55).
    Betraff sinn déi Secteuren, déi net am sougenannten Emissiounshandel (ETS) aktiv täteg sinn, wéi d’Landwirtschaft, Offall,
    Transport, Gebaier esou wéi Kleng a Mëttelstandsbetriber. Zu deenen, déi Emissiounshandel bedreiwen, zielen d’Stroum- a
    Hëtztproduktioun esou wéi energieintensiv Industrieanlagen. Déi si vun dësem Zil rausgeholl.
  2. Den Undeel vun den erneierbaren Energie soll bis 2030 op 25 % ugehuewe ginn. 2020 louch dësen Undeel bei 11 %.
  3. An de Bedarf un d’Endenergie soll bis 2030 ëm 40-44 % am Verglach zu 2007 ofhuelen, dat heescht, datt d’Energieeffizienz
    zolidd gesteigert muss ginn.

Nieft den uewe genannten Ziler enthält de PNEC och Virgaben an de Beräicher Sécherheet vun der Energieversuergung, Energiebannemaart esou wéi Fuerschung, Innovatioun a Kompetitivitéit. A fir dës Ziler a Moossnamen, déi am PNEC opgelëscht sinn, och gesetzlech ze verankeren, gouf am Dezember 2020 dat éischt lëtzebuergescht Klimagesetz op den Instanzewee bruecht.

Fir d’Ziler z’erreeche muss an alle Beräicher Efforte gemaach ginn: souwuel an de Privatstéit ewéi och an der Industrie, bei de Betriber, de Servicer, an der Land- a Forstwirtschaft, der Offallwirtschaft a besonnesch am Verkéierssecteur. Déi Europäesch Unioun nennt dat „Laaschteverdeelung“ a gëtt Secteure vir, fir déi d’Memberstaate fest Ziler virschreiwe musse wéi se d’Zäregase reduzéiere wëllen. Dat gouf och am lëtzebuergesche Klimagesetz festgeluecht, an duerch engem Règlement Grand-Ducal zu de „Sektoriellen Ziler“ realiséiert.

Et si vill a villfälteg Moossnamen, mat deenen d’Ziler erreecht solle ginn. Dozou ziele Fërderungsprogrammer, wéi de „Klimabonus“. Awer och Moosnamen, déi d’Attraktivitéit vu klimafrëndlechem Verhalen steigere sollen, wéi z.B. den ausgebauten a gratis ëffentlechen Transport oder besser Vëlosweeër, oder awer och Moossname bei der Landesplanung („Ceinture verte interurbaine“) oder der Tarifikatioun vun CO2.

D’Moossname fir déi privat Stéit bezéien sech virun allem op Wunngebaier. Bei der Sanéierung vun neie Constructioune soll de Schwéierpunkt op Energieeffizienz, Nohaltegkeet vun den agesate Materialien an dem Asaz vun erneierbaren Energie leien (Aféierung vum A+-Standard). Dofir sti Fërderprogrammer ewéi de « Klimabonus » bereet, déi di finanziell Ureizer ginn, fir d’Ziler fir de Secteur vu Privatstéit z’erreechen. E weidere Secteur, an dem och vill Privatstéit matwierke kënnen, ass de Verkéierssecteur. Hei kann d’Ëmklammen op de gratis ëffentlechen Transport oder déi aktiv Mobilitéit (Vëlofueren, ze Fouss goen) oder d’Elektromobilitéit duerch Aspuere vun Energie- an Zäregasen en Deel dozou bäidroen, fir anzespueren.

Well virun allem de Verkéierssecteur mat ongeféier 60 % vun den Emissiounen een entscheedenden Undeel un den Zäregasen dréint, sinn hei wäitreechend Moossname geplangt an zum Deel och schonn ëmgesat. Nieft dem Ausbau vum ëffentlechen Noverkéier a vun den Zuchstrecken, esou wéi och d’Fërderung vu Car-Sharing-Projeten sinn dës och Moossnamen, déi méi Trafic evitéieren : modern Siidlungsentwécklung („Stad vun de kuerze Weeër“), méi Méiglechkeete fir den Home Office an d’Schafe vu Co-Working Plazen no bei eise Grenzen. D’Tarifikatioun vum CO2 ass eng Moossnam, déi all d’Secteure betrëfft an am Beräich Mobilitéit duerch d’Erhéijung vun de Präisser vu Bensinn an Diesel wierkt. No enger Erhéijung 2021 suivéiere schrëttweis aner Erhéijungen. Doduerch sollen d’Verbrauchergruppe finanziell net iwwerfuerdert ginn an och der Industrie Zäit gelooss ginn, fir hirer Produktioun de klammende Präisser unzepassen. Eng gläichzäiteg Erhéijung vun der Sozialhëllef ëm 10 % an d’Erhéijung vun de Crédits d’Impôts fir d’Pensionären, fir d’Independanten an d’Patrone vu 600 op 696 sollen dozou bäidroen, datt Stéit mat niddregem Akommes entlaascht ginn. D’Zil vun der CO2-Tarifikatioun ass et, ënner anerem den Tanktourismus an den Transitverkéier ze reduzéieren, déi fir e groussen Deel vun den Emissiounen am Verkéierssecteur verantwortlech sinn.

Och d’Regierung, esou wéi all ëffentlech Verwaltungen, hunn sech dozou verflicht, hier Virreiderroll am PNEC z’iwwerhuelen. Ëffentlech Gebaier a Flotte vu Gefierer sollen energieeffizient sinn, wou nëmme méiglech solle Photovoltaikanlagen installéiert ginn, Beliichtungssystemer am ëffentleche Beräich op LED ëmgestallt an den Akaf méi nohalteg gestallt ginn. Besonnesch bei der Sanéierung, dem Bau vu Gebaier an d’Planung vun neie Wunnprojete réckelen d’Nohaltegkeet an d’Kreeslafwirtschaft an de Fokus.
De kompletten Iwwerbléck iwwert d’Ziler an d’Moossname vum PNEC befënnt sech am nächsten Abschnitt.

img_section_1
Eis Strategien
Eist Klimagesetz
Eist Klimagesetz iwwerhëlt déi europäesch Virgaben zum nationalen integréierten Energie- a Klimaplang (PNEC) a liwwert verschidde Prezisiounen. De PNEC muss all zéng Joer fir en Zäitraum vun zéng Joer erstallt ginn. Sou gouf 2020 de Plang fir d’Period 2021-2030 adoptéiert. 2027 muss de Projet vum PNEC 2031-2040 preparéiert ginn. An dëse Prozess ass d’Klimaplattform mat agebonnen, an och d’Bierger:innen kënnen hiren Avis am Kader vun enger ëffentlecher Consultatioun ofginn. De PNEC kann zu all Zäit aktualiséiert, an un déi aktuell Lag a Virgabe vun der EU ugepasst ginn. Eng Aktualiséierung vum PNEC 2021-2030 ass bis 2024 ofgeschloss.

Dës weidere muss all zéng Joer eng Klimalaangzäitstrategie virgeluecht ginn, déi en Zäitraum vun 30 Joer ofdeckt. 2021 gouf eng éischt Laangzäitstrategie adoptéiert. Ufanks 2029 muss eng nei Versioun virleien. Wann néideg, gëtt d’Strategie all 5 Joer aktualiséiert.

 

Fir eis op onvermeidlech Impakter vum Klimawandel virzebereeden, schreift d’Klimagesetz vir datt eng national Strategie fir d’Upassung un de Klimawandel muss ugeholl ginn. Dës Strategie huet als Zil d’Auswierkunge vum Klimawandel ze verréngeren an doduerch d’Vulnerabilitéit vu Lëtzebuerg ze reduzéieren an d’Resilienz ze verbesseren. Well d’Auswierkunge vum Klimawandel jiddereen impaktéieren, si Moossnamen an alle Beräicher virzegesinn. Esou gouf 2018 eng éischt national Upassungsstrategie vun der Regierung ugeholl nodeems se an engem participative Prozess ausgeschafft gouf. Dës Strategie wäert deemnächst op de Leescht geholl ginn an d’Bierger:inne wäerten aktiv ëm hir Participatioun an Avis gefrot ginn. D’Strategie déi géint d’Auswierkungen an engem Horizont vu 50 Joer soll awierken, muss all 10 Joer ugeholl ginn, a falls néideg all 5 Joer aktualiséiert ginn.

Strategie an Aktiounsplang fir d’Upassung un de Klimawandel zu Lëtzebuerg 2018-2023

D’Klimagesetz leet d’Modalitéiten zum Ariichten, dem Zweck an der Alimentatioun vum Klima- an Energiefong fest. Mat der Hëllef vun dësem Fong gi Moossname fir de Klimaschutz, d’Energietransitioun an d’Klimaupassung ënnerstëtzt, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och an de Länner vum globale Süden.

D’Klimagesetz transposéiert och déi europäesch Direktiv zum Emissiounshandel an nationaalt Recht.

Mat dem Europäeschen Emissiounshandel (EU-ETS) ginn d’Zäregas-Emissioune vun der energieintensiver Industrie, der Energiewirtschaft an dem banneneuropäeschen Loftverkéier reduzéiert. Den EU-ETS funktionéiert nom Prinzip vun de sougenannten “Cap and Trade”. Eng Uewergrenz (Cap) leet fest, wéi vill Zäregas-Emissioune vun den emissiounshandelspflichtegen Anlagen insgesamt dierfen ausgestouss ginn. D’Memberstaaten accordéieren dësen Anlagen eng entspriechend Quantitéit un Emissiounsberechtegungen. Zum Deel gratis, zum Deel iwwert Steeën. Esou eng Berechtegung erlaabt et, eng Tonn Kuelendioxid-Equivalenter (CO2e) auszestoussen. Dës Emissiounsberechtegungen kennen um fräie Maart gehandelt ginn (Trade). Heiduerch gëtt de Präis fir den Ausstouss vun Zäregase gebilt. Dëse Präis setzt Ureizer bei den doru bedeelegten Entreprisen, hir Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren.

Eis Strategien
Sektoriell Objektiver fir nationale Klimaschutz

Potentialer effizient notzen! Déi „sektoriell Ziler“ an de Beräicher Industrie an Energieproduktioun, Mobilitéit, Gebaier, Land- a Forstwirtschaft, Offall an Ofwaasser wäerte sécherstellen, datt déi grouss Potenzialer effizient genotzt ginn. Konkret Moossnamepisten an alle Beräicher sinn am integréierten Energie- a Klimaplang hannerluecht. Duerch déi „sektoriell Ziler“ gëtt en Deel vum PNEC duerch konkret zäitlech miessbar Uweisunge präziséiert.

Am lëtzebuergesche Klimagesetz ass nieft de béide nationalen Ziler (1. Klimaneutralitéit bis 2050 ; 2. 55 % manner Zäregasemissioune bis 2030 am Verglach zu 2005) och d’Virgab enthalen, fir, fir fënnef bestëmmte Beräicher, konkret a novollzéibar Ziler fir d’Reduzéiere vun Zäregasemissioune festzeleeën. Am Artikel 5 vum Klimagesetz steet, fir wéi eng Secteuren Ziler fir d’Reduzéiere vun den Emissioune festgeluecht musse ginn :

  1. Energiewirtschaft, Produktiounsbetriber a Bausecteur (net aktiv am Emissiounshandel)
  2. Verkéier an Transport
  3. Wunn- an Déngschtleeschtungsgebaier
  4. Land- a Forstwirtschaft
  5. Offall- an Ofwaasserbehandlung

D’Ziler fir dës fënnef Secteure goufen am Reglement Grand-Ducal vum 22. Juni 2022 schrëftlech festgehalen.

Zouuerdne vun den Emissiounsquanitéiten

Jidderee vun de fënnef Secteure krut e Wäert fir déi järlech Zäregasemissiounen zougeuerdent, deen net iwwerschratt dierf ginn. D’Berechnungen orientéieren sech un den Emissiounswäerter vun 2005 a suivéiert dräi Grondsätz :

  1. Déi zougedeelten Emissiounsquantitéite gi gläichméisseg a kontinuéierlech erof.
  2. Beim Festleeë vun den Emissiounsquantitéite gëtt d’Aspuerpotential vum jeeweilege Secteur berécksiichtegt.
  3. Beim Festleeë vun den Emissiounsquantitéite ginn déi sozial, wirtschaftlech an haushaltspolitesch Auswierkunge beuecht.

Souwuel d’Aspuerpotential wéi och d’Auswierkungen op sozial Verhältnisser, Beschäftegung, Vollekswirtschaft esou wéi och Ëmwelt a Gesondheet goufe schonn am Kader vum PNEC analyséiert.

Fir dëse Secteur louchen déi zougedeelten Emissiounsquantitéite fir 2021 31 % ënnert den Emissiounsquantitéite vun 2005, dat bedeit, et hunn dierfte maximal 5.279 t CO2eq ausgestouss ginn. 2022 louch dëse Wäert 5.018 t CO2eq a bis 2030 muss den Transportsecteur seng Zäregasemissiounen ëm 57 % am Verglach zu 2005 erofgesaat kritt hunn.

Déi zougedeelten Emissiounsquantitéite kënnen zäitlech iwwerdroe ginn. Konkret heescht dat : wann ee Secteur an engem Joer besonnesch grouss Fortschrëtter mécht, an d’Quantitéit, déi ausgestouss ginn dierf, net erreecht ginn ass, dierf den Ënnerscheed vun der Quantitéit op dat nächst Joer iwwerdroe ginn. Gëtt awer de Maximum un erlaabter Quantitéit iwwerschratt, gëtt och dës Differenz op dat folgend Joer iwwerdroen an an dësem Secteur muss da méi agespuert ginn.

Och tëscht de Secteure kënnen d’Differenzen tëscht den tatsächlech ausgestoussen Emissiounen an deem Wäert, dee virgi war, iwwerdroe ginn. Viraussetzung ass, datt dat nationaalt Zil fir dat jeeweilegt Joer insgesamt erreecht gëtt. Da kann ee Secteur, dee méi agespuert huet wéi virginn, säi Méiwäert un Aspuerungen un engem anere Secteur iwwerdroen, deen an dem Joer déi maximal Wäerter, déi ausgestouss gi sinn, iwwerschratt huet.

Den definitiven Emissiounsbilan fir d’Joer 2021 weist, datt d’Gesamtemissiounen 1,3 % ënnert der Emissiounsallocatioun fir dat Joer leien, sou datt d’Zil fir 2021 erreecht ginn ass. Op sektoriellem Niveau stelle mir awer fest, datt och wann d’Emissiounen aus de Secteuren „Transport“ an „Landwirtschaft a Forstwirtschaft“ ënnert hirem järlechen Allocatiounsniveau bleiwen, dat selwecht net fir d’Secteuren „Energieproduktioun, Industrie a Konstruktioun“, „Wunn- an Tertiärgebaier“ an „Offall- an Ofwaasserbehandlung“ gëllt, fir déi déi jeeweileg Allocatioune fir 2021 iwwerschratt goufen.

De provisoresche Bilan fir d’Joer 2022 weist en däitleche Réckgang vun den Emissiounen am Verglach zu 2021. D’Emissioune leien 9% ënner der Gesamtemissiounsallocatioun fir dat Joer, sou datt d’Zil fir 2022 erreecht gëtt. Genee wéi 2021, sinn d’Secteuren “Transport” an “Landwirtschaft a Forstwirtschaft” ënnert hirem järlechen Allocatiounsniveau bliwwen, wärend bei den aneren dräi Secteuren, trotz dem däitleche Réckgang vun den Emissiounen, d’Maximalwäerter déi am Règlement grand-ducal definéiert sinn weiderhin iwwerschratt gin.

Finale Bilan 2021

Provisoresche Bilan 2022

img_section_2
Eis Strategien
Eis international Klimafinanzéierung

Fir och déi äermste Länner am Kampf géint de Klimawandel z’ënnerstëtzen, si grouss finanziell Hëllefsleeschtungen noutwenneg. Doru bedeelegt sech och Lëtzebuerg zanter enger Partie Joren. Am Virfeld vum Klimasommet zu Paräis huet d’Regierung 120 Milliounen Euro u Klimagelder guttgeheescht – zousätzlech zu der ëffentlecher Entwécklungshëllef.

Vun 2021 bis 2025 kënnt dëse Budget un internationalen Hëllefen op 220 Milliounen Euro. Domat leescht Lëtzebuerg pro Kapp mat dee gréisste Bäitrag vun alle Länner op der Welt.

Mat dëse Gelder ginn international Projeten an Initiativen ewéi zum Beispill de „Green Climate Fund“, awer och lëtzebuergesch Organisatiounen, déi net der Regierung ënnerleien, finanzéiert an ënnerstëtzt. Et ass een sech eens, datt besonnesch déi manner entwéckelt Länner am Fokus musse stoen an Hëllef musse kréien, fir Upassungen un de Klimawandel z’erméiglechen an och Moossnamen z’ënnerstëtzen, déi dozou bäidroen, de Klimawandel ofzeschwächen.

Eis Strategie fir international Klimafinanzéierung

D´Inselgrupp westlech vum afrikanesche Kontinent ass staark duerch d’Dréchent gepräägt a wirtschaftlech immens fragil. Schonn zanter de spéiden 1980er-Joren ass de Cabo Verde e Partnerland vu Lëtzebuerg am Beräich vun der Entwécklungsaarbecht. 2002 gouf den éischten indikative Programm fir d’Entwécklungsaarbecht (PIC) tëscht béide Länner lancéiert. Fir d’Entwécklungsmoossname besser openeen an och op aner Politikfelder ofzestëmmen, a gläichzäiteg méi effektiv gestalten ze kënnen, steet den aktuelle fënnefte PIC (2021-2025) am Zeeche vun enger sougenannter „approche pangouvernementale“, un där sech op Lëtzebuerger Säit den Aussen-, Ëmwelt- an Energieministere mat hirer jeeweileger Expertise bedeelegen. Nieft der Aarmutsbekämpfung an der nohalteger Entwécklung geet et och ëm méi Ënnerstëtzung fir de Cabo Verde an de Beräicher Klima an energeetesch Transitioun. Eleng fir d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun diverse Klimaschutzmoossnamen op der Inselgrupp, stellt den Ëmweltministère eng Enveloppe vun 10 Mio € iwwer 5 Joer zur Verfügung.

Méi Informatioune fannt Dir hei.

COBIGA (Corredor Biológico La Gamba) ass e Projet vun der ONG «Rainforest.lu», fir nei Bëscher ze planzen, mat deenen zwee Nationalparken a Costa Rica matenee verbonne ginn. Ewéi a ville Géigenden an den Trope goufen och a Mëttelamerika an de leschte Joerzéngte massiv Beem ëmgehaen, fir Exportgidder ewéi Banannen, Fleesch oder Palmenueleg ze produzéieren. A Costa Rica ginn esou Fläche kaaft a vu lokalen Aarbechter:inne mat Setzlinge beplanzt. De Som vun den einheimeschen a seelene Planze staamt aus de regionale Reebëscher. Trotz dem Schutzstatus gëtt d’lokal Bevëlkerung mat hirer Aarbecht net aus dem Korridor ausgeschloss, mee léiert alternativ Produktiounsmethoden ewéi Geméisubau a Beienzuucht. Ausserdeem gëtt duerch de Projet CO₂ gebonnen – en eenzege Bam kann a sengem Liewe bis zu 700 kg CO₂ ophuelen – an d’Diversitéit vun einheimeschen Ekosystemer gëtt gefërdert.

Méi Informatioune fannt Dir hei.

 

Eis Strategien
Nohalteg Finanzen zu Lëtzebuerg

Wat et bréngt a wat déi lëtzebuergesch Finanzplaz mam Klima ze dinn huet:
Lëtzebuerg ass zanter ville Jore Virreider am Beräich vun de nohaltege Finanzen a gehéiert zu den éischte Finanzplazen, déi de Nohaltegkeetsgedanken duerch eng Strategie, der „Sustainable Finance Strategy“ (LSFS), ausgebaut a schrëftlech festgehalen huet. 2007 goufen un der lëtzebuergescher Bourse déi weltwäit éischt gréng Wäertpabeiere vun der Europäescher Investitiounsbank erausginn an zanter 2016 gëtt et mat der Luxembourg Green Exchange (LGX) déi weltwäit éischt Plattform fir nohalteg Wäertpabeieren. Haut sinn do méi wéi d’Hallschent vun alle grénge Wäertpabeiere gelëscht. Als international Finanzplaz mat dësen Erfarunge ka Lëtzebuerg groussen Afloss op d’Entwécklung vun nohaltege Finanze weltwäit ausüben. Och wann den Zesummenhang op den éischte Bléck net z’erkennen ass, sinn nohalteg Finanzen e bedeitend Schaffgeschier, fir klimafrëndlecht Wirtschaften ze fërderen.

Vereinfacht gesot bedeit « nohalteg Finanzen », datt bei de Geldanlagen net nëmmen op déi finanziell Gewënner a Sécherheete geuecht gëtt, mee och dorop, ob an den Entreprisen an déi z.B. duerch Fongen investéiert gëtt, ökologesch a sozial nohalteg gewirtschaft gëtt. Wien normalerweis op d’Bank geet, fir Suen unzeleeën, leet eigentlech Wäert op d’Sécherheet an op méiglech gutt Gewënner. Duerch d’Notze vun nohaltege Finanze kënnen d’Clienten haut awer gläichzäiteg och e Bäitrag zu Ëmwelt- a Klimaschutz leeschten. Well d’Suen, déi d’Clienten uleeën, gi vum Finanzinstitut genotzt, fir se a gréng Entreprisen ze stiechen. Bei de sougenannte grénge Finanzproduite ginn d’Suen nëmmen an Entreprisen a Projeten investéiert, déi zum Ëmwelt- a Klimaschutz bäidroen an och sozial Aspekter fërderen, wéi z.B. Firme fir ëmweltfrëndlecht Bauen oder klimafrëndlech Mobilitéit, nohalteg Landwirtschaft, innovativ Mobilitéitsprojeten a Projete fir Aarteschutz.

Nohaltegkeet war laang kee bedeitend Thema am Finanzwiesen, och wann et scho virun 2015 vereenzelt Initiativen an dem Beräich goufen. Mee zanter datt 2015 d’Paräisser Klimaofkommes an d’UN-Agenda 2030 mat de 17 Nohaltegkeetsziler ugeholl goufen, gëtt et en neien internationale Konsens, datt sech déi finanziell Gewënner an ekonomesch, sozial an ökologesch Nohaltegkeet net ausschléissen. Dës an och aner Erkenntnisser, datt am Zesummenhang mat de Klimaverännerungen e Wandel och am Finanzwiesen dringend noutwenneg ass, huet national an international dozou gefouert, datt nei Weeër ageschloe gi sinn. Nohalteg Finanze gëllen haut als eng Chance, déi weltwäit Geldstréim ewech vun ëmwelt- a sozialschiedlechen Investitiounen, hin zu innovativen, ökologeschen a sozial nohaltege Projeten ze steieren a domadder d’Wirtschaft fair an ëmweltfrëndlech ze gestalten.

Nodeems 2015 d’Paräisser Klimaofkommes an d’UN-Agenda 2030 mat de 17 Nohaltegkeetsziler ugeholl goufen, goufen net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och europa- a weltwäit verschidde Pläng a Strategien ausgeschafft, fir d’Iddien an d’Virgabe vun den Ofkomme vun 2015 ëmzesetzen. 2018 gouf mam EU-Aktiounsplang fir d’Finanzéierung vun nohaltegem Wuesstem en éischte Schrëtt a Richtung Etabléierung vun der Sustainable Finance gemaach. E stäipt sech op dräi Pilieren:

  • eng nei Ausriichtung vun de Kapitalstréim op nohaltegen Investitiounen,
  • d’Nohaltegkeet an de Risikomanagement matanzebezéien,

d’Fërderung vun Transparenz a Laangfristegkeet.

2018 huet déi lëtzebuergesch Regierung zesumme mat de Vereenten Natiounen (Ëmweltprogramm UNEP) d’Luxembourg Sustainable Finance Roadmap verëffentlecht. Der Fuerplang sollt d’Grondlag fir eng ëmfaassend Strategie fir nohalteg Finanze schafen, fir d’Ziler vum internationalen Ofkommes z’erfëllen a presentéiert Recommandatiounen, wéi dat erreecht ka ginn. Zu de Recommandatiounen zielt d’Schafe vun engem Veräin, deen nohalteg Finanzen zu Lëtzebuerg fërdert.

2020 ass dorop hin d’Luxembourg Sustainable Finance Initiative gegrënnt ginn. Dës Initiativ ass e Veräin, dee sech aus Fachleit aus den Themeberäicher Nohaltegkeet an nohaltege Finanzen zesummesetzt an als Koordinéierungsstell déi verschidden Interessegruppen zesummebrénge soll. Besat ass de Virstand vum Finanzministère a vum Ëmweltministère.
Nieft der Koordinatioun si weider wichteg Aufgaben, Lëtzebuerg am Beräich nohalteg Finanze virunzebréngen, d’Land als Zentrum fir Sustainable Finance z’etabléieren an nohalteg Initiativen am Finanzsecteur ze fërderen. Zu dem Zweck soll d’LSFI eng Strategie entwéckelen, déi di schonn duerchgeféiert Aktivitéiten an d’Recommandatioune vun der Roadmap an Aklang ze bréngen.

D’Luxembourg Sustainable Finance Strategy (LSFS) gouf vun der LSFI, Vertrieder:innen vun der Regierung, der Entwécklungsagence Luxembourg for Finance (LFF) an dem héije Rot fir nohalteg Entwécklung (CSDD) erschafft an 2021 verëffentlecht. Am éischten Deel befaasst sech d’Strategie domat, den Nohaltegkeetsgedanken nach méi staark an d’Bewosstsi vum Finanzsecteur z’integréieren, déi Institutiounen, Investeren, ëffentlech Instanzen an Déngschtleeschter:innen um Wee dohin z’ënnerstëtzen an d’Roll vu Lëtzebuerg als internationalen Zentrum fir nohalteg Finanzen auszebauen. Den zweeten Deel ass en Aktiounsplang fir d’LSFI, déi d’Ëmsetzung vun der Strategie koordinéiere muss an d’Ulafstell fir all d’Acteuren an Initiative soll sinn.
Den Aktiounsplang baséiert op dräi Pilieren :

  1. Fërderung a Sensibiliséierung: domat ass d’Fërderung vun den Initiativen an d’Verankerung vum Nohaltegkeetsgedanken am Finanzwiese gemengt.
  2. Fräisetze vu Potenzial: duerch d’Schafe vun enger Plattform fir den Austausch vu Wëssen an Erfarungen.
  3. Miessung vu Fortschrëtter: Erfaassen an Analyséiere vun Daten aus dem Finanzwiesen, fir d’Moosse vu Fortschrëtter bei der Integratioun vun Nohaltegkeet.

D’Strategie beinhalt Ziler zu dësen dräi Pilieren, unhand vun deenen d’Aarbecht vun der LSFI an d’Entwécklung vun der nohalteger Finanzwirtschaft reegelméisseg iwwerpréift a, wann noutwenneg, och verbessert kënne ginn.

Bei der Entwécklung vun der Strategie ass dorop opgepasst ginn, datt all d’Recommandatiounen a Virgabe mat de bestoende Pläng a Verträg am Beräich Nohaltegkeet am Aklang stinn, also dem Koalitiounsvertrag genau sou wéi dem Plang fir nohalteg Entwécklung an dem Nationale Plan fir Energie a Klima (PNEC). An och, datt d’Strategie fir d’Erreeche vun den internationalen Ziler dem Agenda 2030 an dem Paräisser Ofkommes bäidréit.

Eis Strategien
Op UN Niveau: d’UNFCCC

UNFCCC steet fir United Nations Framework Convention on Climate Change a bezeechent domat d’Kader-Konventioun fir de Klima vun de Vereenten Natiounen. D’Konventioun ass den 21. Mäerz 1994 a Kraaft getrueden. Haut zielt d’Konventioun eng quasi universell Memberschaft (198 Parteien) a gëllt als Grondlag fir d’Paräisser Ofkommes vun 2015. Haaptzil vum Paräisser Ofkommes ass et, d’Erhéijung vun der globaler Duerchschnëttstemperatur an dësem Joerhonnert esou no wéi méiglech un 1,5 Grad Celsius iwwert dem pre-industriellen Niveau ze halen. D’UNFCCC ass ausserdeem d’Grondlag fir de Kyoto Protokoll vun 1997. Dat iewescht Zil vun dësen dräi Ofkommessen ënnert der UNFCCC ass et d’Zäregas-Konzentratiounen an der Atmosphär op engem Niveau ze stabiliséieren, deen e geféierlechen Agrëff duerch Mënschenhand an de Klima verhënnert, an dat innerhalb vun engem zäitleche Kader, an deem d’Ekosystemer sech op natierlech Aart a Weis upasse kënnen an deen eng nohalteg Entwécklung erméiglecht.
Déi 198 Länner, déi dës Konventioun ënnerschriwwen hunn, ginn als Parteie bezeechent.

https://unfccc.int/

Eis Strategien
Klima COP

COP steet fir Konferenz vun de Parteien (Conference of Parties). Et handelt sech ëm déi järlech Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen, déi all Joer an enger anerer Stad organiséiert gëtt. Säit der éischter COP zu Berlin am Joer 1995, gëtt op dëse Konferenzen evaluéiert, wat d’Parteien (also déi Länner, déi mat ënnerschriwwen hunn) erreecht hunn a wéi eng Progrèsen et ginn. Hei ginn och d’Negociatioune gefouert fir déi nächst Ronn un CO2-Reduzéierungen. D’Konferenze vun de Parteie sinn immens wichteg fir d’Entwécklungen am Beräich vum Klimaschutz ze iwwerwaachen a fir nei Ziler opzesetzen, déi fir d’Anhale vum Paräisser Ofkommes an Zukunft erreecht musse ginn.

Eng COP besteet aus dräi Haaptvoleten: Negociatiounen, Expoen an Nieweveranstaltungen. D’Gaaschtland wielt e President vun der COP aus, deen d’Negociatioune presidéiert. Dës bilden den Haaptdeel vun der Veranstaltung. An der Reegel fannen déi éischt Woch technesch Negociatiounen tëschent Vertrieder vun der Regierung statt, wärend déi zweet Woch éischter héichrangeg Reunioune vu Ministeren a Staatscheffen am Fokus stinn.

Déi nächst COP (COP28) fënnt vum 30. November bis den 12. Dezember 2023 zu Dubai an de Vereenegten Arabeschen Emirater statt. D’Lëtzebuerger Klima-Negociateuren huelen och un dëser COP deel a wäerte sech fir ambitiéis Moossname fir d’Andämmung vum Klimawandel an d’Upassung u seng Auswierkungen, souwéi fir eng finanziell Ënnerstëtzung fir déi Länner, déi am stäerksten dovu betraff sinn asetzen.

Quell: unfccc.int