Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin

D'Klima-Urgence

’t ass onëmstridden: D’Klima ännert sech weltwäit a mat eng grousser Vitess, wéi een dat virdrun net kannt huet. All Joer schléit een traurege Rekord deen aneren, um Niveau vun Héchsttemperaturen, Hurrikanen an extremen Nidderschléi. D’Noutwennegkeet fir ze handelen, war nach ni sou grouss: an anere Länner ewéi och hei bei eis zu Lëtzebuerg!

An der welt

Schwéier Stierm an Iwwerschwemmungen engersäits, Bëschbränn, Dréchenten an extrem Hëtztwellen anerersäits – dat sinn d’Headliner, mat deene mir reegelméisseg an och ëmmer méi oft confrontéiert ginn. Déi gutt Nouvelle ass, datt och de politesche Wëlle fir ze Handelen do ass: op der Weltklimakonferenz 2015 zu Paräis hunn sech 195 Staate schrëftlech engagéiert, alles ze maachen, fir d’Klamme vun den Temperaturen am Verglach zur virindustrieller Zäit op méiglechst 1,5 °C ze begrenzen. Fir eng Iddi ze hunn: am Verglach zur virindustrieller Zäit huet sech d’Temperatur vun der Äerduerwerfläch ëm 1,2 °C erhëtzt. Dofir ass et wichteg, sou séier wéi méiglech d’Netto-Null-Zil z’erreechen an den Ausstouss vu klimaschiedleche Gase sou vill wéi méiglech ze reduzéieren. A genee dat ass dann och am Paräisser Ofkommes opgeholl ginn, esou wéi och an nationale Pläng, wéi bei eis am Land am PNEC.
Wichteg ze wëssen: Berode ginn d’Politiker:innen aus aller Welt vun iwwer 200 Wëssenschaftler:innen vum IPPC (Intergovernmental Panel on Climate Change). Si faassen déi aktuell Resultater, Zuelen an awer och hier Handlungsrecommandatiounen am Klimarapport zesummen. Fir Lëtzebuerg ass et de Klimatolog a Meteorolog Andrew Ferrone, deen eist Land do vertrëtt.

Wat en hallwe Grad ausmécht:

1,5 °C a bei 2,0 °C

+3-4°C +5°C

D‘Klamme vun den héchste Jorestemperaturen an Deeler vun Europa.

11 % 21 %

Undeel u Landfläche mat Iwwerschwemmungsrisiko duerch Flëss.

6 %18 %

Undeel vun Insektenzorten, déi méi ewéi d’Hallschent vun hirem Verbreedungsgebitt verléiren.

img_section_1

An europa

Och an Europa goufen d’Moossnamen agelaut, fir méi schounend ze wirtschaften. Ënnert dem Numm „Green Deal“ gi verschidde politesch Initiativen zesummegefaasst mam Zil, datt Europa bis 2050 klimaneutral gëtt. All politesch Beräicher sollen doru matschaffen an de wirtschaftleche Wandel gerecht an nohalteg gestalten. Eng vun dësen Initiativen ass de Gesetzespak „Fit for 55“. D’Zuel 55 baséiert um Zil, fir bis 2030 d’Netto-Zäregasemissiounen ëm 55 % ze reduzéieren, géintiwwer vun 1990. Am Pak mat dran ass d’Iwwerschaffe vun existente Gesetzer esou wéi och nei Virgaben. Fir d’Wirtschaft klimafrëndlech ëmzegestalten, gouf z. B. dat zentraalt Element vun der europäescher Klimapolitik, den Emissiounshandel, verschäerft an soll an nächste Schrëtter op aner Secteuren, wéi d’Schëfffaart a banneneuropäesche Flich ausgebreet ginn. Weider Moossname sinn nei Steieren an Taxen, wéi d’Kerosinsteier fir banneneuropäesch Flich oder d’Ofgabe vu Produkter, déi an Drëttstaate manner klimafrëndlech produzéiert gi sinn. D’Virgab, datt vun 2035 un nëmmen nach klimaneutral Ween zougelooss gi wäerten, déi erhéichten Zilvirgabe fir den Undeel un den erneierbaren Energien esou wéi och d’Energieeffizienz sollen dozou bäidroen, datt d’Emissiounen erofginn, fir dat gemeinsaamt Zil vum Paräisser Ofkommes nach erreechen ze kënnen.

30 %

vun de Mëttele vum EU-Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an international Zesummenaarbecht gi fir d’Ënnerstëtzung vu Klimaschutzziler an als weltwäit ëffentlech Finanzmëttel fir de Klimaschutz agesat a kommen aus der EU a vu senge Memberstaaten.

img_section_2

Zu Lëtzebuerg

Den Impakt vum Klimawandel ass och hei am Land däitlech ze spieren. Mir hunn et mat ausgedeenten Drécheperioden ze dinn, mat ëmmer méi zolitten Iwwerschwemmungen a mat méi waarme Wanteren. D’Lëtzebuerger Regierung schafft u Léisungen, fir deem entgéintzewierken. Dobäi baséiert een sech op déi international Entscheedungen an Accorden, wéi z. B. d’Paräisser Klimaofkommes, d’europäesch Virgaben awer och op wëssenschaftlech Daten a Fakten aus dem UN-Klimabericht vum Weltklimarot (IPCC), dem Intergovernmental Panel of Climate Change. Eng Partie Strategië sinn doraus entstanen, déi a verschidde Pläng festgehale gi sinn:

Plan national intégré en matière d'énergie et de climat

Plan National pour un Développement Durable

Gesetz vum 15. Dezember 2020

Donieft si vill aner Initiativen entstanen, déi d’Aarbecht vun der Regierung fachlech ënnerstëtzen an och hëllefen, déi praktesch Ëmsetzung vun de festgeluechte Moossname virunzedreiwen. Och hei am Land fokusséiert een sech op d’Aspuere vun den Zäregasen:

-55 %
bis 2030 am Verglach zu 2005
35-37 %
vum Endverbrauch un erneierbaren Energien
Netto-Null
CO2-Emissiounen bis spéitstens 2050

Schéin an elle „warming stripes“

De Klimawandel a Form vun engem Konschtwierk? Am Mee 2018 huet de Klimafuerscher Ed Hawkins fir d’éischte Kéier seng „Warming Stripes“ verëffentlecht. Déi weisen déi krass Verännerungen, déi eist Klima an de leschte Joren duerchgemaach huet. Schéi faarweg Sträifen, op den éischte Bléck. Mee op den zweete Bléck erkennt een op eng ganz einfach Aart a Weis, wéi enorm d’Joresmëtteltemperaturen an de leschte Jore vum Duerchschnëttswäert ofwäichen. All Sträif steet fir ee Joer an all Joer krut eng Faarf, déi dovun ofhänkt, wéi grouss déi Ofwäichung vun der Duerchschnëttstemperatur ass. Dat killste Joer ass am däischterste Blo, dat wäermsten am däischterste Rout gehalen. Déi éischt Grafik, déi den Ed Hawkins gestalt hat, waren déi global Duerchschnëttstemperaturen. Hei duergestallt ass d’Grafik fir Lëtzebuerg. Mëttlerweil kann een op dësem Site egal wéi ee Kontinent oder Staat aginn.

Temperaturwiessel zu Lëtzebuerg
img_section_4
image gauche
Eis Klima-Urgence

Eis Initiativen

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Pellentesque blandit ut urna at lobortis. Suspendisse at leo erat. Aenean at condimentum magna. Morbi ut odio rutrum, porta justo in, condimentum risus. Pellentesque sed ultricies sem. Suspendisse dignissim sodales ex, in tincidunt arcu dignissim id. Aenean at orci a quam volutpat viverra. Vestibulum finibus est non felis sodales, eu porta nulla auctor. Proin fringilla ex aliquet, varius mi eget, fermentum enim. Orci varius natoque penatibus et magnis dis parturient montes, nascetur ridiculus mus. Morbi sed facilisis nisi, vitae euismod magna.

Eis Klima-Urgence

Gëschter an haut