Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin

Eis Initiativen

Lëtzebuerg passt sech aktiv dem Klimawandel un a sicht an alle Beräicher no Léisunge, fir méi séier virunzekommen. Reegelméisseg entstinn nei Initiative fir d’CO2-Neutralitéit z’erreechen, säitens der Bevëlkerung a säitens der Regierung.

Klima-Agence
D’Klima-Agence ass den nationale Partner fir Energie a Klima.
https://www.klimaagence.lu
D’Klima-Agence ass den nationale Partner fir Energie a Klima.
Hei kréie Professioneller, Gemengen a Bierger Rot an Äntwert op hir Froe ronderëm d’Energietransitioun an aktive Klimaschutz. D’Klima-Agence bitt Léisungen un, fir nohalteg Mobilitéit, Renovéierungen an nei Bauprojeten, fir d’Installatioune vun Heizungs- a Fotovoltaikanlagen – alles wat dozou féiert, den Energieverbrauch am Alldag ze reduzéieren a…

Hei kréie Professioneller, Gemengen a Bierger Rot an Äntwert op hir Froe ronderëm d’Energietransitioun an aktive Klimaschutz. D’Klima-Agence bitt Léisungen un, fir nohalteg Mobilitéit, Renovéierungen an nei Bauprojeten, fir d’Installatioune vun Heizungs- a Fotovoltaikanlagen – alles wat dozou féiert, den Energieverbrauch am Alldag ze reduzéieren a méi effizient ze verbrauchen.

Klimapakt
De Klimapakt, vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung initiéiert a gedroen, ass en Engagement, deen d’Gemengen an de Staat géigesäiteg verbënnt. D’Gemengen engagéiere sech ënner anerem e Katalog vu 64 Moossnamen ëmzesetzen an eng verstäerkte Klimagouvernance ze applizéieren. Am Géigenzuch kréien d’Gemengen Accès op Ënnerstëtzung duerch Klimaberoder esou wéi op finanziell Ënnerstëtzung, gestaffelt a Funktioun vum erreechten Zertifikatiounsniveau. De Klimapakt mat de Gemengen ass e wichtegt Instrument fir d'Ziler vum Plan national intégré en matière d’énergie et de climat (PNEC) ëmzesetzen.
https://www.pacteclimat.lu/de/engagierter-akteur
De Klimapakt, vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung initiéiert a gedroen, ass en Engagement, deen d’Gemengen an de Staat géigesäiteg verbënnt. D’Gemengen engagéiere sech ënner anerem e Katalog vu 64 Moossnamen ëmzesetzen an eng verstäerkte Klimagouvernance ze applizéieren. Am Géigenzuch kréien d’Gemengen Accès op Ënnerstëtzung duerch Klimaberoder esou wéi op finanziell Ënnerstëtzung, gestaffelt a Funktioun vum erreechten Zertifikatiounsniveau. De Klimapakt mat de Gemengen ass e wichtegt Instrument fir d'Ziler vum Plan national intégré en matière d’énergie et de climat (PNEC) ëmzesetzen.
Duerch d’EU-Reglementatioun ass all Memberstaat verflicht, geméiss sengen nationale Virschrëften, en Dialog iwwer klima- an energiepolitesch Froen op méi Niveauen anzeriichten. An dësem Dialog sollen sech sech verschidden Acteure wéi Gemengen, NGOen, d’Wirtschaft, Investeren an och aner bedeitend Interessenträger esou wéi d’Allgemengheet abrénge kënnen. D’Klimaplattform soll en Austausch vun…

Duerch d’EU-Reglementatioun ass all Memberstaat verflicht, geméiss sengen nationale Virschrëften, en Dialog iwwer klima- an energiepolitesch Froen op méi Niveauen anzeriichten.

An dësem Dialog sollen sech sech verschidden Acteure wéi Gemengen, NGOen, d’Wirtschaft, Investeren an och aner bedeitend Interessenträger esou wéi d’Allgemengheet abrénge kënnen.

D’Klimaplattform soll en Austausch vun de bekannten Acteuren etabléieren a sech dowéinst aus follgende Vertrieder zesummesetzen:

3

Vertrieder aus de Ministèren

4

Vertrieder aus de kommunale Gewerkschaften

4

Vertrieder aus den Aarbechtsgewerkschaften an der Handelskummer

3

Vertrieder aus dem Beräich vun den Investitiounen

7

Vertrieder aus den NGOen

4

Vertrieder aus den Arbeitnehmerorganisatiounen/Gewerkschaften

2

aner Vertrieder

5

Observateuren

Am Géigenzuch kréien d’Gemengen Accès op Ënnerstëtzung duerch Klimaberoder esou wéi op finanziell Ënnerstëtzung, gestaffelt a Funktioun vum erreechten Zertifikatiounsniveau. De Klimapakt mat de Gemengen ass e wichtegt Instrument fir d'Ziler vum Plan national intégré en matière d’énergie et de climat (PNEC) ëmzesetzen.

Klimapakt fir Betriber
De Klimpakt fir Betriber ass eng Initiativ fir Betriber an der Dekarboniséierung esou wéi an der Energietransitioun ze ënnerstëtzen. Dat gëtt duerch eng strukturéiert a koordinéiert Approche erméiglecht, déi den Accès op verschidden Initiativen, Programmer, Ënnerstëtzungen a finanziell Hëllefen erliichtert.
https://www.klimapaktfirbetriber.lu/
De Klimpakt fir Betriber ass eng Initiativ fir Betriber an der Dekarboniséierung esou wéi an der Energietransitioun ze ënnerstëtzen. Dat gëtt duerch eng strukturéiert a koordinéiert Approche erméiglecht, déi den Accès op verschidden Initiativen, Programmer, Ënnerstëtzungen a finanziell Hëllefen erliichtert.
Observatoire vun der Klimapolitik
Teamaarbecht: Klimapolitik a Wëssenschaft. Zanter Hierscht 2021 besteet zu Lëtzebuerg de wëssenschaftlechen Observatoire fir Klimapolitik.
https://opc-luxembourg.lu/de/
Teamaarbecht: Klimapolitik a Wëssenschaft. Zanter Hierscht 2021 besteet zu Lëtzebuerg de wëssenschaftlechen Observatoire fir Klimapolitik.
Dee setzt sech aktuell aus 7 Memberen zesummen, vun deene jidderee Wëssenschaftler ass. Déi si fir 5 Joer beruff a kënnen dann op en Neits benannt ginn. Hir Aufgab ass et, d’Regierung am Bezuch op Projeten ze beroden, déi sech op d’Klimapolitik auswierke kënnen. Dee wëssenschaftlechen Observatoire kann sech aus…

Dee setzt sech aktuell aus 7 Memberen zesummen, vun deene jidderee Wëssenschaftler ass. Déi si fir 5 Joer beruff a kënnen dann op en Neits benannt ginn. Hir Aufgab ass et, d’Regierung am Bezuch op Projeten ze beroden, déi sech op d’Klimapolitik auswierke kënnen.

Dee wëssenschaftlechen Observatoire kann sech aus 7 Memberen zesummesetzen, déi awer all Fachkenntnesser am Beräich Klimaschutz mussen hunn. Se gi vum Regierungsrot ernannt a sollen net nëmmen déi méiglech Auswierkunge vu Projeten am Bléck hunn, mee och geplangten esou wéi schonn duerchgefouert Moossnamen op hier Wierksamkeet hin analyséieren a vu sech aus och gëeegent Moossname virschloen.

Zudeem sollen si Fuerschungsaarbechten a Studien an alle klimarelevante Beräicher virschloen a verfaasse a järlech e Bericht iwwert d’Ëmsetze vun der lëtzebuergescher Klimapolitik verfaassen. Zudeem kënnen si och vu sech aus eng Stellungnam ofginn. Den éischte Joresbericht gouf, am Kader vun der KlimaExpo, de 7. Oktober 2022 virgestallt.

D’Membere vum Observatoire hunn en Urecht op Entschiedegung fir hir Aarbecht, déi aus der Staatskeess bezuelt ginn.

Méi Informatiounen op www.opc-luxembourg.lu.

Déi aktuell Membere sinn :

Dr. Andrew FERRONE (President)

Studienbeauftragter der Abteilung Meteorologie bei der Verwaltung der technischen Dienste der Landwirtschaft des Ministeriums für Landwirtschaft, Weinbau und ländliche Entwicklung;

Dr. Mirjam KOSCH (Vice-President)

Postdoctoral Researcher beim Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung;(PIK - Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung) ;

Dr. Enrico BENETTO

Leiter der Einheit Environmental Sustainability Assessment and Circularity (SUSTAIN) bei der ERIN-Abteilung des Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST);

Dr. Sabine DÖRRY

Senior Research Fellow und Mitglied des Verwaltungsrats für die Abteilung Urban Development and Mobility des Luxembourg Institute of Socio-Economic Research;

Prof. Dr. Claire DUPONT

Assistenzprofessorin für Europäische und Internationale Governance an der Universität Gent (Belgien);

Dr. Ariane KÖNIG

Senior Researcher bei der Universität Luxemburg;

Prof. Dr. Jean-Pascal VAN YPERSELE

Professor an der Katholischen Universität Löwen (UCL).

Klima-Biergerrot
Fir d’Biergerbedeelegung bei den Entscheedungsprozesser vun der Regierung am Kader vum Klimaschutz ze stäerken, gouf 2022 de Klima-Biergerrot gegrënnt.
https://www.klima-biergerrot.lu/
Fir d’Biergerbedeelegung bei den Entscheedungsprozesser vun der Regierung am Kader vum Klimaschutz ze stäerken, gouf 2022 de Klima-Biergerrot gegrënnt.
All eenzele Bäitrag, fir d’Zäregasemissiounen erofzekréien, zielt. D’Moossnamen, déi vun de Bierger kommen, zielen och a sinn e wichtege Bäitrag, fir zesummen d’Zil z’erreechen. D’Zil vum Klima-Biergerrot war et, déi am PNEC festgeluechte Moossnamen z’iwwerdenken, awer och fir nei Léisungsusätz ze proposéieren. Fir de Klima-Biergerrot (KBR) konnt jiddereen sech bewerben,…

All eenzele Bäitrag, fir d’Zäregasemissiounen erofzekréien, zielt. D’Moossnamen, déi vun de Bierger kommen, zielen och a sinn e wichtege Bäitrag, fir zesummen d’Zil z’erreechen.

D’Zil vum Klima-Biergerrot war et, déi am PNEC festgeluechte Moossnamen z’iwwerdenken, awer och fir nei Léisungsusätz ze proposéieren.

Fir de Klima-Biergerrot (KBR) konnt jiddereen sech bewerben, deen zu Lëtzebuerg lieft oder schafft. Déi 100 gewielte Memberen, duerch en onofhängegt Institut erausgesicht, goufen esou gewielt, datt de KBR sou gutt wéi méiglech mat alle gesellschaftlechen Zesummesetzungen an Hisiicht op Geschlecht, Nationalitéit, Alter, Wunnsëtz, Beruffssecteur a Bildungsniveau, representéiert war. D’Aarbecht vum KBR war zäitlech begrenzt. Déi 60 aktiv Memberen (40 Ersatzmemberen) hunn sech getraff, fir bei Informatiounsveranstaltungen,

Ausflich, Diskussiounen oder Workshops ze beroden, ob et weider Moossname fir de Klimaschutz brauch a wa jo, wéi eng.

Um Enn vun de 6 Méint sollten d’Membere vum KBR méiglech Virschléi fir Moossnamen ausschaffen. D’Viraussetzung fir d’Virschléi war, datt et Moossname waren, déi viruféieren, an datt se op dem PNEC baséieren an doriwwer erausginn. Op déi Manéier konnten aus der Mëtt vun der Gesellschaft eraus nei Iddien an Impulser am Kampf géint de Klimawandel entstoen. D’Virschléi vun de Moossname goufen am Hierscht 2022 dem Parlament presentéiert, an 2023 an d’Aktualiséierung vum PNEC agefloss. Begleet gouf de KBR vum onofhängege Berodungscomité, wat deen sech aus verschidde Persoune mat Erfarungen a Wëssen am Beräich Biergerbedeelegung zesummesetzt.

Luxembourg in Transition
De Ministère fir Energie a Landesplanung schafft u strategesche Virschléi fir d’Plange vum ëffentleche Raum an entwéckelt Zenarien am Beräich vun der ekologescher Transitioun mam Zil vun 2050 fir eis Zäregasemissiounen op Netto-Null ze kréien.
https://luxembourgintransition.lu/en/
De Ministère fir Energie a Landesplanung schafft u strategesche Virschléi fir d’Plange vum ëffentleche Raum an entwéckelt Zenarien am Beräich vun der ekologescher Transitioun mam Zil vun 2050 fir eis Zäregasemissiounen op Netto-Null ze kréien.
Virun de ville klimateschen a gesellschaftlechen Erausfuerderungen, hat déi international urban-architektonesch a landschaftlech Consultatioun Luxembourg in Transition d‘Zil, strategesch Planungsvirschléi z’entwéckelen an ënnerschiddlech Szenarie fir eng ökologesch/kuelestofffräi Transitioun bis 2050 fir Lëtzebuerg an d‘Grenzregioun auszeschaffen. Experten aus de verschiddenste Disziplinnen an Hannergrënn, Acteuren um Terrain esou wéi och vun engagéiert…

Virun de ville klimateschen a gesellschaftlechen Erausfuerderungen, hat déi international urban-architektonesch a landschaftlech Consultatioun Luxembourg in Transition d‘Zil, strategesch Planungsvirschléi z’entwéckelen an ënnerschiddlech Szenarie fir eng ökologesch/kuelestofffräi Transitioun bis 2050 fir Lëtzebuerg an d‘Grenzregioun auszeschaffen. Experten aus de verschiddenste Disziplinnen an Hannergrënn, Acteuren um Terrain esou wéi och vun engagéiert Bierger, hu sech ëm dëse Zukunftsprojet gebündelt an am Kader vun der Consultatioun eng Rei vun innovative Strategien a couragéis Konzepter virgeluecht fir Lëtzebuerg op de Wee vun senger territorialer Transitioun ze bréngen. Dëse Magazin soll en Iwwerbléck iwwer dës Virschléi ginn. Andeems hei individuell a kollektiv Léisunge virgstallt ginn, ka Luxembourg in Transition fir jidderee vun eis als Inspiratiounsquell déngen.

Kuckt och hei d'Brochure.