Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin

Mäi Fouss-
ofdrock

Fir dass Lëtzebuerg seng Klima-Ziler erreecht, brauche mer iech all! Well esou eng grouss gesamtgesellschaftlech Aufgab léisst sech nëmmen duerch en Zesummespill vun alle verschiddenen Acteuren aus der Gesellschaft léisen. D‘Politik setzt dofir de gesetzleche Kader, hëlleft mat Subventiounen, investéiert an déi noutwendeg gréng Infrastruktur a gëtt eng strategesch Richtung vir. D‘Wirtschaft zitt mat, moderniséiert sech a gestalt hir Produktiounsofleef klimafrëndlech. An d’Bevëlkerung, déi notzt dës Produiten a beweegt sech an dem klimafrëndleche Kader, dee gi gëtt.

Allerdéngs falen och eng Rei Klima-Entscheedungen an d’Privatsphär vun de Leit – wat och richteg esou ass. Fir déi eng ass et méi einfach, manner Fleesch z’iessen, fir déi aner, mam Zuch an d’Vakanz ze fueren. An awer hu gewësse Klima-Aktioune méi e grousst Aspuerpotenzial, wéi anerer. A wa mer eis schonn d’Méi ginn, eis Emissiounen ze reduzéieren – dann awer esou, dass et sech och richteg lount.

A genee dofir stelle mir iech hei Informatiounen zum CO2-Foussofdrock zur Verfügung, inklusiv Iddien, wéi dir manner Emissioune produzéiere kënnt.

Zesumme fir e gutt Klima!

Empreinte
Mäi Foussofdrock
Berechen däin CO2-Foussofdrock

Wéi grouss ass mäin CO2-Foussofdrock ? Däin CO2-Foussofdrock ëmfaasst all d’Zäregas-Emissiounen déi op däi Konsum an de Beräicher vun der Mobilitéit, dem Logement, der Ernärung an anerer Gidder zeréckzeféieren ass.

De Ministère fir Konsumenteschutz (MPC), souwéi de Conseil supérieur pour un développement durable (CSDD) an Zesummenaarbecht mat der Fondatioun « Zentrum fir politesch Bildung », hu jiddwereen en Online-Tool publizéiert, deen et erlaabt de perséinlechen CO2-Ofdrock ze berechnen.

Dës zwee Rechner sinn op Lëtzebuerg ugepasst, mee baséieren op ënnerschiddleche Methodologien, well se verschidden Zilgruppe viséieren: de Grand public an déi Jonk zu Lëtzebuerg.

CO2-RECHNER VUM MPC FIR LËTZEBUERG CO2-RECHNER VUM CSDD FIR JONKER FIR LÉIERPERSONAL: AARBECHTSMATERIAL AN IDDIE FIR KLASSEPROJETEN LIEWENSTYL TEST MAT BERODUNG
img_section_1
Mäi Foussofdrock
Den CO2-Foussofdrock vum duerchschnëttleche Lëtzebuerger oder vun der duerchschnëttlecher Lëtzebuergerin

De consommatiounsbaséierte CO2-Foussofdrock (hei gewisen) rechent d’Zäregas-Emissiounen zesummen, déi opgrond vun der Consommatioun zu Lëtzebuerg iergendwou op der Welt entstinn. Eng aner Zort vu Comptabilitéit ass de produktiounsbaséierten nationalen Inventaire, deen all d’Zäregas-Emissiounen erfaasst, déi um Territoire entstinn. Dat onofhängeg dovun, ob déi zu Lëtzebuerg produzéiert Wueren exportéiert ginn oder net.

Déi folgend Inhalter a Grafike kommen aus dem Projet CarbonNerd vum Luxembourg Institute of Science & Technology (LIST).

Firwat ass den CO2-Foussofdrock vun engem/enger Lëtzebuerger:in esou héich?

Mat 13 t CO2eq pro Persoun pro Joer ass den CO2-Foussofdrock vu Lëtzebuerg méi héich wéi dee vun eisen Nopeschlänner, deen aktuell bei 11 Tonnen an Däitschland a bei 8,6 Tonnen a Frankräich an an der Belsch läit.

Mee firwat ass dat esou?

Den CO2-Foussofdrock ass aus verschiddene Grënn hei zu Lëtzebuerg besonnesch héich. Ee Grond ass, dass Lëtzebuerg e staarkt entwéckelt Land mat modernen Infrastrukturen ass. D’Emissiounen, déi duerch d’Liewen zu Lëtzebuerg entstinn – also duerch d’Benotze vun de Stroossen, de verschiddenen ëffentlechen Déngschtleeschtungen oder och duerch de Staatsapparat – gi gläichméisseg op all d’Mënschen, déi hei liewen, verdeelt. Well am Prinzip kënne mer dës Déngschtleeschtunge jo och all an Usproch huelen.
En anere Grond ass awer och, dass mir zu Lëtzebuerg, am Verglach mat de Nopeschlänner, am Duerchschnëtt méi en héicht Akommes hunn. Dowéinst stinn den Awunner an Awunnerinnen  och duerchschnëttlech méi Suen zur Verfügung fir méi a verschiddene Beräicher (Haus, Transport, Liewensmëttel, Konsumgüter) ze consomméieren.

Well: Méi Konsum = méi Emissiounen.

Wéi héich däin CO2 Foussofdrock ass? Rechen et dach emol aus!

Firwat ass eist Zil net null?

Verschidde Secteure wäerten 2050 weider Zäregas-Emissioune produzéieren. Dës mussen duerch d’Ophuelen oder d’Banne vu Kuelendioxid kompenséiert ginn, dat fir d’Zil vun der Klimaneutralitéit ze erreechen.

img_graphic_p
Aner Estimatioune vum CO2-Foussofdrock

De STATEC huet a senger Publikatioun “L’environnement en chiffres” Zuelen zum CO2-Foussofdrock vu Lëtzebuerg am Joer 2023 verëffentlecht. Dofir baséiert en sech op eng “Top-Down”-Method a kënnt op eng Estimatioun vun ongeféier 20 bis 23 Tonnen CO2eq pro Persoun. Dës Zuel ass méi héich wéi déi déi vum Luxembourg Institute of Science & Technology, dee sech op eng “Bottom-up”-Method baséiert an domat op eng Zuel vun 13 Tonnen CO2eq pro Persoun zu Lëtzebuerg kënnt. Sou oder sou steet awer fest, dass mir eisen CO2-Foussofdrock drastesch reduzéiere musse fir op den Niveau vun Netto-Null-CO2-Emissiounen ze kommen.

Mäi Foussofdrock
Wéi kann ech CO2-Emissioune reduzéieren?

Wéi en Impakt hunn déi verschidde Klima-Aktiounen? Hei fannt Dir e puer Estimatioune vum Luxembourg Institute of Science & Technology am Kontext vun hirem Projet CarbonNerd.

Déi biologesch Landwirtschaft huet zwar kee bedeitenden Afloss op d’Zäregas-Emissiounen, dofir awer aner Ëmweltvirdeeler, zum Beispill fir d’Biodiversitéit.

JÄRLECH ERSPUERNESSER VUN DEN ZG-EMISSIOUNEN (kg CO2eq/Joer )
mobilitéit
220
De Vëlo aplaz vum Auto fir Distanzen <5 km
670
Den Zuch aplaz vum Fliger fir d'Vakanzen
750
Fuergemeinschaften
1500
Vum Dieselauto op den Elektroauto
1780
Den Zuch aplaz vum Auto fir Trajeten op d'Aarbecht
wunnen
30
D'Luuchten ausmaachen
30
D'Geräter vum Netz huelen
90
D'Wäsch un der Léngt dréchenen
1030
Op eng Wärmepompel iwwerwiesselen
1730
D'Isolatioun verbesseren
liewensmëttel
0
Bio akafen
40
Am Lassenen akafen
40
Lokal iessen
80
Keng Liewensmëttel verbëtzen
1320
Sech vegetaresch ernären
consommatioun
20
D’Liewensdauer vum Smartphone verduebelen (2
30
Manner Videospiller
30
Manner Filmer streamen
310
50% manner Kleeder kafen
510
1/3 vu senge Produite Second-Hand kafen
All klenge Gest zielt, wann et drëms geet, d’Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren (Quell: CarbonNerd)
Martin
-110 kg CO2eq
30 kg CO2eq
mécht d'Luuchten aus wann en aus engem Zëmmer geet
40 kg CO2eq
keeft Shampoing a Wäschpolver a recycléierte Fläschen oder mat manner Verpackung 
40 kg CO2eq
keeft säin Uebst a Geméis bio/lokal
Carla
-1920 kg CO2eq
1780 kg CO2eq
privilegiéiert den ëffentlechen Transport fir seng deeglech Trajeten
60 kg CO2eq
benotzt de Smartphone esou mann wéi méiglech
80 kg CO2eq
verbëtzt sou mann wéi méiglech Liewensmëttel
Naima
-3830 kg CO2eq
2000 kg CO2eq
fiert mam Vëlo oder benotzt den ëffentlechen Transport
510 kg CO2eq
keeft seng Kleeder, Bicher oder Miwwelen am Second-Hand
1320 kg CO2eq
ësst kee Fleesch méi