Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin

Eis Klima-
held:innen

Gëff Klimaheld:in

Eis „Klimaheld:innen“ si Leit, déi sech op hir ganz individuell Aart a Weis fir de Klimaschutz asetzen. Vu Grënner:inne vun nohaltege Projeten, Ëmweltschützer:innen a Besëtzer:inne vun engem energie-autarken Doheem – dës Leit droe mat klengen a grousse Gesten dozou bäi, eist Klima ze schützen.

Du bass en:g Klimaheld:in? Dann ass dëst fir dech! 

Mir sinn op der Sich no Mënschen, déi sech mat hirem perséinlechen Engagement dofir asetzen, dass mer eis Zäregase reduzéieren.

Du bass Indépendant:e, schaffs an enger Entreprise, enger Associatioun, am Konschtberäich, am ëffentleche Secteur – oder hues e flotte Projet an denger Fräizäit op d’Bee gestallt?

Da mell dech bei eis – a gëff e Klima-Virbild fir Lëtzebuerg! An natierlech, encouragéier och deng Frënn:dinnen sech bei eis ze mellen.

Schreiw eis an e puer Zeilen eppes iwwert deng Persoun an natierlech och, firwats du den Titel „Klimaheld:in“ verdéngt hues. 
Du ereechs eis ënnert: info@klima.lu

Mir freeën eis op deng Kandidatur!

Eis Klimaheld:innen zu Lëtzebuerg