Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
Marc Neu – Ex-Klimaberoder, Patron vum Naturbaustoff & Stréibauhär

Marc Neu – Ex-Klimaberoder, Patron vum Naturbaustoff & Stréibauhär

De Marc Neu, President vun der ASBL De Kär (Regionalgeld www.beki.lu) a Grënner vum Naturbaustoff Réiden, deen éischten 100% konsequenten Ökobaubutték zu Lëtzebuerg, war laang als regionalen Energieberoder aktiv an huet iwwer 1.000 Gebaier um Compteur: „Meeschtens gëtt esou bëlleg wéi méiglech gebaut an dann esou deier wéi méiglech verkaaft. D’Proprietäre sëtzen herno an engem ongesonde Wunnklima, a mussen dat och nach ee Liewe laang ofbezuelen. Dat kann et net sinn! A wouhin duerno mam ganzen Dreck? Mir mussen ëmdenken, an zwar konsequent!“

De Marc baut säin eegent Haus aus Stréi, Holz a Leem, en Häerzensprojet, an a sengen An en Deel vun der Léisung: „Et ass meng Passioun a vereenegt déi fir mech 5 elementar Krittären fir nohalteg ze bauen:

1.  Passiv! Mir mussen energieeffizient bauen. Et ass Flicht a mat der Déckt vu Stréibotte quasi automatesch erreecht.

2.  Ökologesch! Holz, Stréi a Leem si kee Styropor, dee schwéier z’entsuergen ass.

3.  Gesond! Leembotz ass mat dat Bescht wat et gëtt, gesond an e Schutz viru Brand.

4.  Natierlech! Gëtt e Stréibauhaus entsuergt, bleift um Enn net vill méi iwwreg ewéi eng Poubelle Knascht.

Dee 5. Krittär ass scho bal dee wichtegsten, de bezuelbare Wunnraum. (…) Komm mir baue méi kleng a paken och selwer mol nees eng Hand mat un aplaz um Handy ze hänken. Zemools am Bannenausbau kann ee selwer villes maachen, ouni vill Erfarung ze hunn. Iwwregens, am Summer war ech e Stréihauslogement mat 8 Stäck an de Vogeese kucken. 2.000 € / m2 fir de soziale Wunnengsbau, an dat mat Passivhaus-Niveau (www.toit-vosgien.com)! Ouni vill Schnickschnack awer mat extrem vill gesondem Wunnklima a niddregen Energiekäschten. Interessant ass och, datt d’Locatairë wéineg plënneren, well se sech richteg wuel do spieren ». De Marc Neu war och hei am Land op ville Chantieren ënnerwee, sief et am Benevolat (www.aerdscheff.lu ), als hëllefend Hand oder als Fournisseur. Ee Projet erausgepickt, deen him besonnesch gefall huet:

„Suessem! Matgesfeld. Wat ee schéinen Terrain mat Gemeinschaftsgaart. Hei koumen elle bleche Container hin, déi an hirer Funktioun als Extensioun vun enger Schoul ausgedéngt haten. Dat huet natierlech esou eppes vu guer net an d’Landschaft gepasst. A Form vun engem fantastesche Chantier participatif gouf de Butték dunn a Stréi agepaakt. Dat gesäit net nëmme super aus, mee d’Energiewäerter sinn och immens. Elo ass et den Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld wou ënnert anerem Konferenzen a Repair Caféen ofgehale ginn. E mega Projet! 

www.suessem.lu/fr/galerie/inauguration-emwelt-a-bildungszenter-matgesfeld

De Marc Neu ass gedriwwe vu senger Passioun an ass och keen, dee gären opgëtt. Fräizäit huet hie praktesch keng: „Et huet schonn eppes, wann s du um 17:00 Auer einfach de Bic kanns fale loossen an heem goe kanns. Natierlech ass et mat Risiko verbonnen, sech selbststänneg ze maachen. Donieft war ech alles anescht wéi vum Gléck verwinnt. Knapps war mäin Naturbaustoff op, krut ech der laanscht d’Bake vum Covid-19, du vum Holzhandelcrash, dann nach eng drop vun der Explosioun vun den Energiepräisser a last but not least: d‘Zënsen, déi duerch de Plaffong gaange sinn. Eng Kris no der anerer quoi. Dat mécht kee Spaass. Mee, wann ech et bis elo gepackt hunn, da packen ech dat och an Zukunft. Ech gleewen drun, datt ëmmer méi Leit waakreg ginn an no realistesch nohaltege Léisunge siche wäerten. Wann et da souwäit ass, a si Ënnerstëtzung brauchen, da wäerte se mech scho fannen“.

News

Och entdecken Voir plus