Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
D’Method Schammel – Homemade energy
Klimahelden Stories

D’Method Schammel – Homemade energy

Sonnenenenergie notzen an zwar esou effizient ewéi méiglech a mat enger 22,1 kWp-Photovoltaikanlag um Daach! Dëse Gedanke beschäftegt de John Schammel zanter 35 Joer a war och Deel vu senger deemoleger Diplomaarbecht.

«Nieft den übleche Stroumfrupserten am Stot gëtt eng Wäermepompel an och eng Borne fir mäin Elektroauto mat Sonnenenergie gespeist. A wann emol manner Sonn um Rendez-vous ass, kënnt eng Batterie an den Asaz, déi bis zu 22 kWh Energie späichert. Dat geet allemol duer, fir e puer Deeg d’Haus mat nohalteger Energie ze versuergen. Den Iwwerschoss fléisst an d’Netz. Stroum akafe muss ech seelen.»

John Schammel

Wéi bei der Photovoltaikanlag huet den Här Schammel sech och de Kapp zerbrach, ob hie sech e richtegen Elektroauto uschafe soll: «Du keefs net einfach esou iergendeen Elektroauto. Do muss ee sech scho Gedanke maachen iwwer d’Gewiicht, de Verbrauch an d’Ekobilanz vum Life-Cycle.»

News

Och entdecken Voir plus