Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
Radikal Moossnamen elo! <br>Mir verlaange null CO₂!
Klimahelden

Radikal Moossnamen elo!
Mir verlaange null CO₂!

Gesitt dir nach eng Chance, datt d’Klimaziler erreecht kënne ginn?

Wa mir net méi dru géife gleewen, géife mir net op d’Strooss goen. Mee ’t muss sech awer ELO eppes änneren. Aus wëssenschaftlecher Siicht ass nach eng Chance do. A mir halen eis un d’Wëssenschaft.

D’Politik wier gutt beroden, sech och u si ze halen. An esoulaang net wierklech radikal Moossname geholl ginn, mat deenen d’Ziler vum Paräisser Ofkommes erreecht ginn, fuere mir virun.

Wéi erreecht a motivéiert dir Jugendlecher fir matzemaachen?

Eis Aufgab ass et, méiglechst vill Jugendlecher ze mobiliséieren, dass si op eisen Demonstratiounen derbäi sinn. Dat maache mir iwwer Social Media wéi Facebook, Insta, Twitter an zanter Kuerzem och TikTok. Iwwert eis Netzwierker versiche mir, an d’Schoulen ze kommen, fir dann do Affichen a Stickeren opzehänken.

Wéi empfannt dir dee ganzen Tamtam ëm de Klimawandel?

Wat nervt, ass, datt d'Konsument:innen ugegraff ginn. Natierlech ass all eenzel Initiativ gutt, déi eis motivéiert, méi nohalteg ze konsuméieren. Mee d’Regierung sëtzt um längeren Hiewel, fir séier duerchzegräifen an déi néideg Moossnamen ze huele fir méi séier virunzekommen.

D’Beispill Industrie: Als Konsument:in kann ech eng Kleedermark boykottéieren, well se net mengen ethesche Virstellungen entsprécht. Awer esoubal et ëm Gas, Kuel oder Pëtrol geet, ass e Boykott praktesch net méiglech. A genee do verlaange mir vun der Politik, hirer Aufgab nozekommen a radikal Moossnamen z’ergräifen!

#NoMoreEmptyPromises

YOUTHFORCLIMATE.LU

News

Och entdecken Voir plus