Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
Peinture Robin – Eisen Know-how ass a ganz Europa gefrot!
Klimahelden Stories

Peinture Robin – Eisen Know-how ass a ganz Europa gefrot!

Farwen a Lacker baséieren op fossille Rostoffer a belaaschten net nëmmen d’Ëmwelt, mee och d’Gesondheet vun de Client:innen an de Mataarbechter:innen, déi se produzéieren. Dofir huet Peinture Robin 1986 éischt Schrëtter an d’Weeër geleet, fir seng Produkter méi ëmwelt- a klimafrëndlech ze gestalten, an, wou nëmme méiglech, Bläi, Zënn an uelegbaséiert Inhaltsstoffer duerch natierlech Bestanddeeler ausgetosch.

Peinture Robin leet net nëmme Wäert drop, datt d’Produktioun an en Deel vun den Inhaltsstoffer «Made in Luxembourg» sinn, mee och, datt déi sozial an ekologesch Krittäre vun der ganzer Liwwerkette respektéiert an och ënner Beweis gestallt musse ginn. Den Know-how vun der Entreprise ass a ganz Europa gefrot a respektéiert. Ëmmerhin huet si et och fäerdegbruecht, recycléiert Faarf ze produzéieren. Mat dësem Produkt gouf e grousse Schratt a Richtung Kreeslafwirtschaft gemaach. D’Lisa Baulard schafft zanter fënnef Joer am Labo an ass zou-stänneg fir d’Entwécklung vun ëmwelt- a klimafrëndleche Faarwen.

Wat ass Är Motivatioun, fir Är Zäit an Äert Wëssen hei z’investéieren?

Fir unzefänken, ech hunn hei d’Méiglechkeet mech stänneg ze verbesseren a mech virunzebilden – an dat an engem Beräich dee mech beräichert a motivéiert. Dann hunn ech och d’Méiglechkeet, mäi Wëssen a meng Erfarungen, mäi Sënn fir Analysen a Kreativitéit anzesetzen, fir op dës Manéier innovativ Produiten z’entwéckelen. Um Enn hunn ech och d’Chance, an engem innovativen an avantgardistesche Betrib ze schaffen, dee mir Courage mécht virunzemaachen. Mir hu vill spannend Projeten an der Pipeline, wou ech ongedëlleg sinn an erausfanne wëll wat d’Zukunft bréngt.

Dir hutt e Wonsch fräi …

Peinture Robin ass deen eenzege Faarweproduzent an der Groussregioun. Stellt Iech mol den CO₂-Footprint vir, wa jiddereen eis ekologesch Faarwe benotze géif!

ROBIN.LU

News

Och entdecken Voir plus