Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
«Léieren am Gaart» dréit Friichten
Klimahelden

«Léieren am Gaart» dréit Friichten

Et ginn elo geschwënn 15 Joer, datt d’Biologin Mariette Scheuer an d’Naturpedagogin Amélie Brenner reegelméisseg a mat enormer Begeeschterung Kannergruppen aus Schoulen, Maison Relaisen, Crèchen a Lycéeën am Kalendula-Gaart zu Altwies empfänken: «Bei eis léieren d’Kanner, wéi ee Geméis kultivéiert, wéi eng Geméisaarte bei eis zu Lëtzebuerg wuessen, an och, datt et ganz vill verschidden Zorte ginn.»

D’Engagement vun den zwou Dammen an hirer Kolleegin, dem Carolin Muller, dréit dozou bäi, datt de Kannergaart op fruchtbare Buedem gefall ass. En ass esou gefrot, datt de «Service éducatif Kalendula» vum CIGL e weidere Projet an d’Liewe geruff huet: «Léieren am Gaart – Reseau Lëtzebuerg».

D’Zil ass et, all d’pedagogesch Gäert zu Lëtzebuerg ze vernetzen an och deenen ze hëllefen, déi esou e Gaart wëllen uleeën an ënnerhalen. Et ginn och Weiderbildungsméiglechkeete fir d’Schoulpersonal ugebuede a sech ëm Seminairen an d’Ëffentlechkeetsaarbecht gekëmmert.

Dëse Projet gëtt vun dräi Ministèren ënnerstëtzt: Ëmwelt, Landwirtschaft & Educatioun.

LEIERENAMGAART.LU

News

Och entdecken Voir plus