WÉI STEET ET ËMT EIST KLIMA ZU LËTZEBUERG?
Een Hëtzes-Rekord nom aneren
Och wa mir dëse Wanter mol rëm eng Kéier richtege Schnéi haten, täuscht dëst net driwwer ewech, dass 2020 dat wäermste Joer war säit der éischter Opzeechnung 1838 zu Lëtzebuerg (Grafik: ASTA). Di 10 wäermste Jore säit 1838 waren all no 2000. Di leschten 30-Joresperiod (1991-2020) läit elo schonn 1,6° C iwwert der vir-industrieller Period (1861-1890).
Méi extrem Wiederereignisser
Méi waarm a fiicht Loft, bedeit méi Energie an der Atmosphär, also méi eng héich Warscheinlechkeet fir fatzeg Donnerwieder a schroe Reen. Eng Rei Awunner vun eisem Kanton hunn an de leschte Jore schonn dierfte mat dësem „Staarkreen“ - wéi e Reen dee mat méi wéi 20 Liter pro Quadratmeter bannen enger hallwer Stonn fält – Bekanntschaft maachen. Mee och d’Baueren an déi vun eis, déi ee Gaart hunn oder an d’Bëscher spadséiere ginn, hu gemierkt, dass di leschte Summeren extreem dréche waren an d’Planzen drënner gelidden hunn.
Nieft der CO2- Reduktioun, stinn elo och Klima-Upassungen un
Och wann d’ganz Welt sech endlech vun elo un immens géif ustrenge fir eis Zäregas- Emissiounen drastesch ze reduzéieren, komme mir net méi derlaanscht eis un de Klimawiessel unzepassen. Dozou gehéiert och méi Gréngs an de Siidlungen, Waasserschutz, anescht Bauen, …
Kleng Ënnerscheeder bedeite grouss Konsequenzen
Eng Erhéijung vun 2 Grad (Zil vum Paräisser Ofkommes) kléngt no net vill, et muss een awer wëssen, dass bei der leschter Äiszäit d’Temperatur am Duerchschnëtt nëmme 5 Grad ënnert där vun haut louch. Deemools war 1/3 vun eiser Äerdiwwerfläch mat enger kilometerdécker Äisschicht bedeckt, déi bis a Norddäitschland goung.
D’Klima 2050 zu Lëtzebuerg
Eng Schwäizer Etüd huet Klima-Vergläicher vu Stied opgestallt a laut där soll d’Klima 2050 zu Lëtzebuerg deem haitege Klima vu San Marino entspriechen: also méi waarm a manner Nidderschlag.
Och bei eis spiert a gesäit een elo schonn de Klimawiessel
Am Réidener Kanton si mir bis elo nach zimmlech verschount bliwwe vu schlëmme Wiederextreemer. An awer sinn di éischt Unzeeche schonn ze spieren. Fir dës Editioun, hu mir mat verschiddenen Experten aus eisem Kanton geschwat. Si hunn eis opgekläert iwwert hier Observatiounen am Gaart, an der Landwirtschaft an am Bësch.
DE BËSCH AM WANDEL
Interview mam Serge Hermes, Fierschter an der Gemeng Rammerich a Responsabel vum Naturerliewniszentrum Burfelt
Hutt Dir well Auswierkunge vum Klimawiessel an äre Bëscher ze spiere krut? Wéi mécht sech dëst bemierkbar?
De Joresnidderschlag ass hei um Rammericher Plateau an de leschte Joren zréckgaangen: soss louche mer am Duerchschnëtt bei ronn 1000 mm pro Joer. Di leschte Jore sinn et der däitlech manner (cf. Grafik). Gläichzäiteg ass och d’Joresduerchschnëtts-Temperatur erop gaang, wat Auswierkungen op d’Waasserverdonstung mat sech bréngt. Dëst bedeit ee grousse Stress fir eis Beem, déi zum Deel schonn 140-180 Joer an eise Bëscher stinn (Laafbeem). D’Blieder ginn, als Reaktioun, ze fréi ofgeworf a wann dëse Stress iwwer Joren unhält, da stierwen d’Beem of.
A wéi wann dat alles net géing duergoen, kënnt da nach de Borkenkeefer derbäi…
De Borkenkeefer-Befall beim Nolenholz, a speziell bei de Fiichten, ass nëmmen eng Konsequenz vum Klimawiessel. De Bam ass duerch d‘Hëtzt an Dréchent esou ofgeschwächt, dass e keng Kraaft méi huet fir géint de Keefer ze „kämpfen“. Et ass wéi wann een z.B. iwwer Joren ëmmer ze vill Zocker zou sech hëlt: am Ufank verdréit eise Kierper dat nach ouni Weideres, mee iergendwann streikt en an d’Krankheete fänken un. Bleift awer ze bemierken, dass et sech bei der Fiicht ëm eng Bamaart handelt, déi aus den alpine Regioune staamt an där hire natierlechen Optimum ebe bei engem méi héije Joresnidderschlag respektiv méi niddrege Joresduerchschnëtts-Temperature läit.
Wat ass Är Strategie an dësem Klimawiessel?
Eis Strategie ass haut eng aner wéi virun e puer Joerzéngten. Mir schwätze vun engem adaptive Bësch-Management, also enger naturnoer integrativer Virgoensweis. Dat heescht: Ausnotzung vun natierleche Prozesser (biologische Automation) an de Bësch sech méi selwer iwwerloossen.
Eis Strategie ass doriwwer eraus fir déi ugeschloen oder ofgestuerwe Beem stoen ze loossen, natierlech nëmme wann se keng Gefor duerstellen. Woumat gläichzäitig och den Al- & Doudholzundeel an eise Bëscher klëmmt. Reng Nolebestänn gi lues a lues a Mëschbestänn mat Laafbeem (Naturverjüngung) iwwerfouert. D’Doudholz bréngt d’Beschattung vum Bëschbuedem mat a verbessert gläichzäitig d‘Wasser-Retentioun an d’Biodiversitéit am Bësch. Holz späichert nämlich wärend der Zersetzungsphase enorm Quantitéiten u Waasser.
Dat heescht, dass manner Holz aus eise Bëscher erausgeholl gëtt?
Natierlech notze mir och weiderhin dee wäertvollen erneierbare Rohstoff Holz. Mir konzentréieren eis heibäi awer virun allem op d’Fërderung vu Wäertholzbeem (eenzel Prachtexemplaren), déi dann och schlussendlich genotzt ginn. Eise Management soll sech also op dat aller Weesentlechst beschränken. De Bëschbuedem bleift soumat, dank enger Dauerbestockung, ëmmer „à l’abri“. Et ass deemno eng Erausfuerderung fir ee gesonden Equiliber tëscht den ekologischen, ekonomischen a soziale Leeschtunge vum Bësch ze fannen, woubäi bei allen Entscheedungen, de Klimawandel a seng Konsequenze musse mat abezu ginn.