Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
Lët&#8217;z go <br>electric !
Klimahelden Stories

Lët’z go
electric !

De Brice Bosi, gebierteg vun Haassel, ass mat Ueleg an den Odere gebuer. En Autofreak an total begeeschtert vu modernen Technologien. Senger Mamm no ware seng éischt Wierder: Brumm Brumm. D’Schoul huet hien och alt emol geschwänzt, fir mat de Kolleegen un Autoen ze schrauwen. Haut ass hien houfrege Familljemember an Teammanager vum Mercedes-EQ-Formula-E-Team.

Fuert Dir selwer och en Elektroauto?

Ech hunn effektiv en elektreschen Déngschtauto. A well ech ganz vill zu Stuttgart sinn, bleift dee meeschtens an der Garage stoen. Ech sinn da léiwer oldschool ënnerwee: mam Vëlo!

Sidd Dir der Meenung, datt elo de richtege Moment ass, fir op en Elektroauto ëmzeklammen?

Fréier oder spéider féiert kee Wee laanscht d’Elektromobilitéit. Elo scho ginn et Stied an Däitschland, wou keen Diesel méi dierf gefuer ginn. Ech vergläichen et mam Kaf vun engem Computer: Haut hues du eng topp Maschinn kaaft, wou awer muer schonn nees eng besser Variant erauskënnt. D’Elektromobilitéit ass nach an de Kannerschong, awer d’technesch Evolutioun geet immens séier. Ech ginn Iech d’Beispill vun der Formel E. Am Ufank si mir eng Course gefuer an hunn an der Hallschent gestoppt, fir den Auto ze wiessele mat enger voller Batterie. Haut fuere mir eng ganz Course (45 Minutten + 1 Ronn) ouni Tëschestopp an dat mat max. 240 km/h.

Fréier oder spéider féiert kee Wee laanscht d’Elektromobilitéit!

News

Och entdecken Voir plus