Klima-Sozialplang: Fir eng gerecht ökologesch Transitioun

Den 29. Oktober 2025 huet de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, zesumme mam Wirtschaftsministère, eng ëffentlech Consultatioun zum Projet vum Klima-Sozialplang lancéiert. Dëse Plang ass en zentraalt Instrument, fir déi sozial Auswierkunge vun der Transitioun zu enger CO₂-neutraler Wirtschaft ze reduzéieren, am Aklang mat der EU-Veruerdnung (2023/955) iwwert de Klimasozial Fong.
D’Haaptzil vum Plang ass et, benodeelegt Haushalter a Mikroentreprisen ze ënnerstëtzen, déi besonnesch vun de steigende Käschte fir fossil Brennstoffer betraff sinn.
De Klima-Sozialplang ass Deel vun der Ambitioun, eng gerecht an inklusiv ökologesch Transitioun ze gestalten.
Eng partizipativ Approche
Fir d’Effikassitéit, Accessibilitéit an d’Pertinenz vun de virgeschloene Moossnamen ze garantéieren, wëll d’Regierung seng Politik am Beräich sozial Gerechtegkeet weider verfeineren. Dofir gi Bierger*innen invitéiert, hir Erfarungen, Iddien an Uleies an enger Ëmfro ze deelen.
Déi ëffentlech Consultatioun ass fir jiddereen zougänglech a leeft vum 29. Oktober 2025 bis de 16. Januar 2026 op zesumme-vereinfachen.lu.
Informatiounsowend | 19.11.2025 18:00–19:30
Eng Informatiounsowend, organiséiert vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an dem Wirtschaftsministère, a Kollaboratioun mat der Klima-Agence, stellt d’Moossnamen aus dem Projet vum Klima-Sozialplang vir:
- Op Lëtzebuergesch, mat simultaner Iwwersetzung op Franséisch an Englesch
- Fir jiddereen zougänglech
- Umeldung erwënscht