Den Transport vun der Zukunft ass deen, dee guer net stattfënnt
Déi zwee Grënner a Kolleegen Armin Neises a Matthias Brinkert hu sech 2019 getraut, fir hir Iddi ëmzesetzen. Hir Iwwerleeung: Wou kann een de gréissten Hiewel usetzen, fir déi meescht CO₂-Emissiounen anzespueren? D’Léisung: an der Industrie. An zwar duerch Transparenz. Dofir hu si eng Plattform entwéckelt, déi Betriber dobäi ënnerstëtzt, fir hiren Afloss op d’Klima transparent ze maachen. Well nëmmen deen, dee weess, wéi vill CO₂ säi Betrib ausstéisst – a virun allem, wou –, dee weess och, ewéi en es aspuere kann. Dëst Joer ass Waves mam «Solar Impulse Efficient Solution Label» vum bekannten Abenteurer a Klimaschützer Bertrand Piccard a mam «Cloud Tech Innovator of the Year»-Präis ausgezeechent ginn.
Wéi eng ausdrocksstaark Zuele sollten d’Betriber ëffentlech maachen?
De Carbon Footprint! Hei gëtt mat konkreten Zuele gerechent. E spigelt och erëm, ob d’Produkt wierklech klimafrëndlech ass oder éischter net.
Wéi gesitt Dir d’Zukunft am Beräich vun der Logistik?
Den Transport vun der Zukunft ass deen, dee guer net stattfënnt. Mir musse lokal akafe fir eng global Liwwerketten ze verhënneren. En aneren Transport vun der Zukunft ass deen, deen dematerialiséiert ass. Mir wäerte Produkter digital a Form vun Datë verschécken, déi dann op der Plaz zum Beispill duerch en 3D-Drock produzéiert ginn, wat net nëmme Virdeeler fir d’Klima hätt. Denkt un d’Auswierkungen déi de Stau am Suezkanal am Fréijoer 2021 mat sech bruecht huet.