Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
E Bléck an d’Klass vum ALR Smart Buildings and Energies
Klimahelden

E Bléck an d’Klass vum ALR Smart Buildings and Energies

D´Atmosphär am Atert Lycée Réiden (ALR) ass relax. De Klassesall ass gefëllt mat Schalttafelen, Computeren a mobille Paletten op Rieder mat allerhand Apparater.

Fir hir Schüler:inne besser auszebilden an esou optimal ewéi méiglech op d’Erausfuerderunge vun der Zukunft am Beräich Energieeffizienz, Energiespäicherung an Energiemanagement vum Smart Home bis zu der Smart City virzebereeden, bedeelegt sech den ALR um Interreg-Bildungsprojet Smart-Energy 4.4.

«Mir hate mol e Bëschbrand zu Léifreg. Dëse Summer d'Iwwerschwemmungen oder och den Tornado zu Lëtzebuerg an an der Belsch. Et huet een ëmmer gemengt, dat wier hei net méiglech, just wäit ewech wéi zum Beispill an Amerika oder Australien. Do mécht ee sech scho Gedanken! Corona huet awer gewisen, datt mir solidaresch sinn, wann et drop ukënnt. Also ginn ech dervun aus, datt mir och de Klimawandel an de Grëff kréien, wa mir zesummenhalen!»ee sech scho Gedanken! Corona huet awer gewisen, datt mir solidaresch sinn, wann et drop ukënnt. Also ginn ech dervun aus, datt mir och de Klimawandel an de Grëff kréien, wa mir zesummenhalen!”

Tim Thilmany

«Et mécht mir scho Suergen, wann ech gesinn, wéi wéineg op der Welt gemaach an einfach monter virun Ueleg gepompelt gëtt. Ech maache geschwënn de Fürerschäin, mee ech wäert och an Zukunft probéieren, esou vill ewéi méiglech de Bus ze huelen. Mir musse wuel all e Fouss hannebäi kréien, bis datt eppes geschitt!»

Charel Gaspar

Den ALR schafft mat Partner aus der Groussregioun zesummen: Sarreguemines, Eupen, Léck an Tréier. Profitéiert gëtt géigesäiteg vu verschidden Erfarungsberäicher an och vu professionellem Material. Klima.lu huet e puer smart 3e-Schüler vun der Smart-Buildings-and-Energy-Klass gefrot, wéi si de Klimawandel empfannen an ob Hoffnung besteet:

News

Och entdecken Voir plus