Klima.lu
Instagram Facebook Linkedin
De Klimatolog a Meteorolog Andrew Ferrone
Klimahelden

De Klimatolog a Meteorolog Andrew Ferrone

De Klimatolog a Meteorolog Andrew Ferrone vertrëtt eist Land beim Weltklimarot IPCC. Dës Aufgab ass seng Häerzensugeleeënheet, déi hie mat vill Engagement mécht. Wat dem Andrew Ferrone besonnesch gefält, ass d’Tatsaach, datt den IPCC reng op wëssenschaftlecher Basis schafft. Laut dem aktuelle Rapport ass d’Äerderwiermung op de Mënsch zeréckzeféieren an d’global Temperature wäerten, egal wat elo gemaach gëtt, weider an d'Luucht goen. Dës Tendenz ass och bei eis am Land ze spieren an huet sech duerch länger Drécheperioden, Héichwaasser an Hëtztwelle bemierkbar gemaach.

Héichwaasser Lëtzebuerg Summer 2021, du jamais vue?

De Klimatolog a Meteorolog Andrew Ferrone vertrëtt eist Land beim Weltklimarot IPCC. Dës Aufgab ass seng Häerzensugeleeënheet, déi hie mat vill Engagement mécht. Wat dem Andrew Ferrone besonnesch gefält, ass d’Tatsaach, datt den IPCC reng op wëssenschaftlecher Basis schafft. Laut dem aktuelle Rapport ass d’Äerderwiermung op de Mënsch zeréckzeféieren an d’global Temperature wäerten, egal wat elo gemaach gëtt, weider an d'Luucht goen. Dës Tendenz ass och bei eis am Land ze spieren an huet sech duerch länger Drécheperioden, Héichwaasser an Hëtztwelle bemierkbar gemaach.

Wéi eng aner meteorologesch Evenementer hunn Iech markéiert?

Jo, de Rekordnidderschlag vum 14. op de 15. Juli! Zu Guedber hate mir iwwer 105 l/m2 gemooss. Et muss een dermat rechnen, datt esou Evenementer duerch de Klimawandel ëmmer méi probabel ginn. Och d'Temperature sinn haut mat 1,6 °C méi waarm ewéi déi lescht 30 Joer. Dat zweet Phenomeen sinn d’Hëtztwellen zu Lëtzebuerg, méi prezis d’Beispiller vum Joer 2003 oder 2018, 2019 – do hu mir zu Steesel 40,8 °C gemooss! Dat ass den héchste Wäert, deen hei zu Lëtzebuerg gemooss ginn ass säit 1838, zanter dës Moossungen ugefaangen hunn. Ouni Klimawandel hätten déi an där Ampleur einfach net stattfonnt. Natierlech sinn et och virum Klimawandel eenzel Hëtztwellen oder Dréchente ginn. Awer ni an deem Ausmooss. Et sinn d’Accumulatiounen, déi frappant sinn. Esou louchen déi zéng wäermste Joren, déi hei zu Lëtzebuerg gemooss gi sinn, alleguerten an de leschten 20 Joer. En anert Phenomeen, dat awer e Lien huet, sinn d’Dréchenten. Mir haten elo dräi Joer hannerteneen ausgepräägten Dréchenten. Elo kann ee sech natierlech froen, firwat et ëmmer méi dréche gëtt, wa sech awer um Niveau vun den Joresnidderschléi net vill geännert huet. Ma de Reen kënnt net méi an deene Quantitéiten am Buedem un ewéi soss, well duerch déi héich Temperature méi verdonst. Dëst féiert dozou, dass de Buedem vill méi séier ausdréchent, wann de Reen ausbleift, ewéi dat virdrun de Fall war, a mir dowéinst elo vill méi oft an enger Situatioun vun enger Dréchent sinn.

Wéi eng Behaaptung hänkt Iech aus dem Hals eraus?

Éischtens Zuele léien net, an zweetens d’Differenz tëscht Meteorologie a Klima. Wärend an der Meteorologie de physikalesche Chaos eis e Stréch duerch d’Rechnung mécht, fir Previsiounen iwwert e puer Deeg ze maachen, hu mir an der Klimatologie eng statistesch Auswäertung iwwert eng Period vu mindestens 30 Joer. Hei kann ee beweisen, dass dës Auswäertungen net dem Chaos ënnerleien an dowéinst an d’Zukunft kënne projezéiert ginn. Et ass och wichteg ze verstoen, datt mir als Klimawëssenschaftler:innen net viraussoen, wéi de Summer 2100 ausgesäit. Mee mir kënnen awer soen, dass d’Klima um Enn vun dësem Joerhonnert no der Projektioun X ëm X Grad méi waarm wäert sinn ewéi haut.

Ass d’1,5-Grad-Zil nach z’erreechen?

Zwou Saachen am Viraus: «Déi eng Mesure, déi alles léist», fir de Klimawandel ze stoppen, déi gëtt et net. An déi meescht Mesurë sinn haut och schonn ëmsetzbar.
Laut dem aktuelle Rapport vum Weltklimarot ass et nach méiglech, d'1,5-Grad-Zil bis zum Enn vum Joerhonnert z'erreechen. Wat een net ka wëssenschaftlech appreciéieren, dat ass de politeschen Deel.

Mee wann déi aktuell Engagementer nach weider eropgesat an och mat konkreten an ambitiéise Mesuren ëmgesat ginn, da kéint dëst Zil nach méiglech sinn. Dofir misste bis 2030 d'global CO2-Emissioune ëm iwwert d’Hallschent am Verglach zu 2005 reduzéiert ginn. An 2050 bis op netto-null falen. Hei ass et wichteg festzehalen, dass all Mesure zielt, och déi ganz kleng vu jiddwer Eenzelen!

News

Och entdecken Voir plus