COP steet fir Konferenz vun de Parteien (Conference of Parties). Et handelt sech ëm déi järlech Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen, déi all Joer an enger anerer Stad organiséiert gëtt. Säit der éischter COP zu Berlin am Joer 1995, gëtt op dëse Konferenzen evaluéiert, wat d’Parteien (also déi Länner, déi mat ënnerschriwwen hunn) erreecht hunn a wéi eng Progrèsen et ginn. Hei ginn och d’Negociatioune gefouert fir déi nächst Ronn un CO2-Reduzéierungen. D’Konferenze vun de Parteie sinn immens wichteg fir d’Entwécklungen am Beräich vum Klimaschutz ze iwwerwaachen a fir nei Ziler opzesetzen, déi fir d’Anhale vum Paräisser Ofkommes an Zukunft erreecht musse ginn.
Eng COP besteet aus dräi Haaptvoleten: Negociatiounen, Expoen an Nieweveranstaltungen. D’Gaaschtland wielt e President vun der COP aus, deen d’Negociatioune presidéiert. Dës bilden den Haaptdeel vun der Veranstaltung. An der Reegel fannen déi éischt Woch technesch Negociatiounen tëschent Vertrieder vun der Regierung statt, wärend déi zweet Woch éischter héichrangeg Reunioune vu Ministeren a Staatscheffen am Fokus stinn.
Liest d'COP28 Pressematdeelung Liest d'COP29 PressematdeelungDéi nächst COP (COP30) fënnt vum 10. bis den 21. November 2025 zu Belém a Brasilien statt. D’Lëtzebuerger Klima-Negociateuren huelen och un dëser COP deel a wäerte sech fir ambitiéis Moossname fir d’Andämmung vum Klimawandel an d’Upassung u seng Auswierkungen, souwéi fir eng finanziell Ënnerstëtzung fir déi Länner, déi am stäerksten dovu betraff sinn asetzen.
Climate Youth Delegates
De Climate Youth Delegate Programm

De Programm vun de Climate Youth Delegates (CYD) zu Lëtzebuerg ass e politesche Bildungsprojet, deen dorop ausgeriicht ass, lëtzebuergesch Jugendambassadeuren ze kreéieren, ze stäerken an z’ënnerstëtzen, fir sécherzestellen, dass der Lëtzebuerger Jugend hir Stëmm iwwer Klimafroen op der internationaler Bün gehéiert gëtt.
Climate Youth Delegates si Leit, déi offiziell d’Interesse vun der Jugend aus hirem Land op der 30. Konferenz vun de Parteien (COP30) am Kader, vun der Konventioun iwwert Klimawandel vun de Vereenten Natioune, vertrieden. Si ginn ausgewielt fir déi national Klimadelegatioun vun hirer Regierung op der COP30 zu Belém, Brasilien, vum 10. bis den 21. November, ze begleeden.
D’Roll vun de Climate Youth Delegates ass et, hir Delegatioun bei Theme vun der Jugend- a Klimastrategie z’ënnerstëtzen an un der allgemenger Aarbecht vun hirer Delegatioun matmaachen andeems si un informellen Treffen a Verhandlungen deelhuelen. D'Climate Youth Delegates wäerten d’Méiglechkeet hunn, Jugenddelegéiert aus der ganzer Welt ze treffen. Ee vun den Ziler vun der UNFCCC COP ass et, d’Jugend an der Bekämpfung vum Klimawandel duerch Eventer, Atelieren an Aktivitéiten, déi vu Jonker organiséiert ginn, ze bestäerken. Jugendlecher spillen eng wichteg Roll de Kampf géint de Klimawandel op globalem Niveau ze promovéieren.
Méi Informatiounen iwwer de Programm fannt dir op, jugendrot.lu.
Léiert eis Climate Youth Delegates Lëtzebuerg 2025-2026 kennen
Lara Bertemes
D’Lara ass am Éislek opgewuess, ëmgi vu Bëscher a Felder, wou hatt scho vu klengem un e staarke Respekt fir d’Natur entwéckelt huet. Haut, mat 25 Joer, spigelt sech dëst Engagement a senge Studien an a senger Aarbecht zu Ëmweltfroen erëm.
Well hatt fest dovun iwwerzeegt ass, dass d’Jugend eng Schlësselroll an dem Kampf géint de Klimawandel, dem Verloscht vun der Biodiversitéit an der Ëmweltverschmotzung spille muss, engagéiert hatt sech aktiv u verschiddenen Initiativen. Schonns als Teenager ass hatt dem Jugendparlament bäigetrueden, an hat 2022 d’Éier, Jugenddelegéiert bei de Vereenten Natiounen ze ginn. Säin Engagement féiert hatt am European Sustainable Development Network Youth Group fort, wou hatt un der Ëmsetzung vu konkrete Léisunge fir eng nohalteg Zukunft matschafft.
Zur Zäit mécht d’Lara e Master an der Gouvernance vun der Nohaltegkeet, en interdisziplinäre Programm, deen Ëmweltwëssenschaften, Politik mat sozialen Erausfuerderunge verbënnt. Duerch seng Fuerschung zu Klimafinanzéierung an de “Climate Clubs” verdéift hatt seng Expertise, fir zu enger ambitiéiser Politik kënne bäizedroen.
“D’Ëmwelt an d’Gerechtegkeet tëscht de Generatioune stinn am Mëttelpunkt vu mengem Engagement. D’Jugend muss eng staark Stëmm an den Entscheedungen hunn, déi hir Zukunft bestëmmen. Vill si frustréiert iwwer déi lues Fortschrëtter beim Klimaschutz, mee et ginn och vill, déi sech aktiv mat abréngen, fir eppes ze beweegen. Ech wëll hiert Sproochrouer sinn an hir Interessen an der Klimapolitik mat Iwwerzeegung verdeedegen.”
Sarah Mackel
D’Sarah ass eng 21 Joer al Medezinsstudentin, déi sech leidenschaftlech fir d’Iwwerschneidungen tëschent Gesondheet, Klima a Politik interesséiert. Säin akademesche Parcours zu St. Andrews, Dublin, huet him e méi déift Verständnis vun dësen Erausfuerderunge vermëttelt, a säin Engagement an der wëssenschaftlecher Fuerschung an dem Ëmweltaktivismus bestäerkt.
Nieft sengem Medezinstudium huet d’Sarah déi lescht Jore benevole als Korrespondentin a Riednerin bei verschiddenen éierenamtlechen Organisatioune matgewierkt. Dobäi huet hatt sech mat Theme wéi der Wëssenschaftsdiplomatie tëscht Asien an Europa, Gesondheetstechnologie, souwéi KI-baséierter Gesondheetspolitik an de balteschen-Staate befaasst. Dës Erfarungen hunn him eng erweidert Perspektiv gebueden an erméiglecht verschidde Gesondheetssystemer aus enger technologescher, diplomatescher a klimatescher Perspektiv ze erfuerschen.
Seng Fuerschungsaarbecht iwwer d’Entwécklung vu Gesondheetssystemer ass unerkannt ginn – dëst Joer gouf säi Projet iwwer Gemeinschafts-Aefleegdéngschter an d’Entwécklung vu Primärversuergung an der Subsahara-Afrika vum Jonk Fuerscher Concours-Kommitee ausgewielt ginn. D’Sarah, dat scho säit senger Schoulzäit un dësem Concours deelhëlt, huet sech op internationalem Level behaapt. Hatt ass Finalistin beim Intel Regeneron ISEF zu Kaliforien ginn an huet e Präis beim EU Contest for Young Scientists gewonnen.
Zur Zäit mécht d’Sarah Feldfuerschung an Ostafrika an ënnersicht, wéi Flüchtlingen déi Krankheeten am Endstadium hu mat de Gesondheetsdéngschter interagéieren. Trotzdeem freet hatt sech fir zréck op Lëtzebuerg ze kommen an do säi Mandat als Climate Youth Delegate unzegoen.
“D’Participatioun un der COP30 a Brasilien ass eng super Geleeënheet, fir d’Stëmm vun der lëtzebuergescher Jugend op der globaler Bün ze stäerken. Klima a Gesondheet sinn enk matenee verbonnen, an ech hoffen, dass ech mech fir sënnvoll Verännerungen asetze kann, andeems ech d’Bewosstsi fir dës wichteg Zesummenhäng schäerfe. Ech freeë mech dorop fir wärend mengem Mandat Erkenntnisser aus menger Fuerschung ze deelen an un Diskussiounen deelzehuelen, déi staark Ëmwelt- an Entwécklungspoliticken no vir brénge wäerten.”
Jugendrot
De Jugendrot ass den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen. Seng iwwert 30 Memberorganisatiounen (politesch Parteien, Scouten, Gewerkschaften, Studentevertrieder, Jugendveräiner…) sinn an den ënnerduerchschnëttleche Beräicher vum Jugendsecteur aktiv. De Jugendrot ass e privilegéierten Uspriechpartner vu Ministèren an aneren institutionellen Acteuren iwwert Jugendtheme a setzt sech aktiv fir d’Interesse vun der lëtzebuergescher an europäescher Jugend an.