Dem Yves säin Dram vun der Landwirschaft
Huet een eng un der Klatsch, wann ee matzen an der Bléi vu sengem Liewen e 40-Stonnen-Job duerch eng 80-Stonnen-Woch ersetzt? Villäicht. Mat sengem Betrib «Vum Gréis» mécht den Yves Diederich eng 110 Famillje ronderëm Bierchem frou mat frëschem Geméis an engem Heemelzoo. Am Verglach mat engem grousse Bauerebetrib wuessen op senger klenger Fläch vill verschidde Kulturen. Et huet sech eng ekologesch Struktur etabléiert, déi immens resistent ass, manner Waasser verbrauch an och manner Schädlingen unzitt. Traktere kommen hei net an den Asaz, dofir awer vill Handaarbecht, déi duerch de Modell vun der Solidarescher Landwirtschaft respektiv iwwer de finanzielle Bäitrag vun de Famillje finanzéiert gëtt.
Funktionéiert esou e Modell finanziell gesinn?
Ech hat d’Chance, menge Grousselteren hir landwirtschaftlech Flächen z’iwwerhuelen. Soss wier et schwéier gewiescht, als Quereinsteiger esou e Schratt ze woen. Esou richteg dervu liewe kann ech leider nach net. Aktuell schaffe bei mir eng Gäertnerin an e Léierbouf. Wann Nobesserungen a punkto staatlech Hëllefe fir d’solidaresch Landwirtschaft kéimen, da wier et absolut denkbar, datt mir an Zukunft och esou d’Land ernäert kréichen. Da kéinten och nees méi där klenger Strukture fir Liewensmëttele suergen. An da mussen d’Konsument:innen och nees mat de Féiss zréck op de Buedem kommen an hire Budget prioritär fir Liewensmëttel ausginn. Dat ass bei menge Client:innen de Fall. Dat mécht Hoffnung.