Lëtzebuerg stäerkt seng Kooperatioun mat Slowenien an de Beräicher Ëmwelt a Klima
Den 22. a 23. Juli 2025 huet de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, Ljubljana besicht, wou hien sech mat sengem sloweneschen Homolog, dem Bojan Kumer, Minister fir Ëmwelt, Klima an Energie, getraff huet.
Déi zwee Ministeren hunn déi exzellent bilateral Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Slowenien gelueft a bestätegt, datt si sech fir d'Stäerkung vun der Kooperatioun an de Beräicher vun der internationaler Klimafinanzéierung, der Fuerschung am Zesummenhang mam Ëmweltschutz, der Bekämpfung vum Klimawandel, dem Wëssensaustausch an der strategescher Kommunikatioun engagéiert hunn.
Bei dëser Geleeënheet gouf eng Absichtserklärung tëscht deenen zwee Ministèren ënnerschriwwen, déi e wichtege Schrëtt an der Entwécklung vun hirer Partnerschaft markéiert. D'Ofkommes gesäit virun allem eng verstäerkt Kooperatioun an de folgende Beräicher vir:
• Adaptatioun un de Klimawandel a Stäerkung vun der Widderstandsfäegkeet,
• Kommunikatioun vun Ëmwelt- a Klimapolitik, besonnesch fir Desinformatioun ze bekämpfen,
• den Austausch vun Erfarungen am Beräich vun de Klimadéngschter,
• Méiglechkeete fir eng gemeinsam Kooperatioun am Beräich vun der Klimafinanzéierung an der Balkanregioun entdecken.
Dëse Besuch weist d'Engagement vu Lëtzebuerg fir seng europäesch Partnerschafte ze stäerken a fir aktiv zu enger gerechter an nohalteger ökologescher Transitioun bäizedroen.
