De Serge Wilmes huet um 3. Editioun vum Leaders Forum vun der Internationaler Naturschutzunioun (IUCN) zu Genf deelgeholl (09.10.2024)
E Mëttwoch, den 9. Oktober 2024, huet de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, um 3. Editioun vum Leaders Forum vun der Internationaler Naturschutzunioun (IUCN) zu Genf deelgeholl (8.-10. Oktober 2024).
Den IUCN Forum bréngt Ëmwelt- a Klimaexperten, souwéi Vertrieder aus Regierung a Privatsecteur aus der ganzer Welt zesummen, fir iwwer innovativ Léisunge fir global Erausfuerderungen ze diskutéieren, mat dem Zil, konkret Aktiounen am Beräich Naturschutz a nohalteg Entwécklung ze ergräifen.
D'Konferenz huet den ëmmer méi groussen Asaz vu gemëschte Finanzmodeller ervirgehuewen, fir Investitiounen an Natur a Klima z'ënnerstëtzen. Dës Modeller bidden bedeitend Méiglechkeeten, fir Finanzierungslücken ze schléissen, a si essentiell fir d'Erreeche vu globale Ëmweltziler.
«Fir d'Ursaache vum Problem unzegoen, musse mir eis zesummeschléissen: den Investitiounsbedarf ass grouss an d'Zäit leeft knapp. Investitiounen an innovativ Initiativen, déi sech op Biodiversitéit a Klimaschutz konzentréieren, ginn dacks als riskant ugesinn, besonnesch am Kontext vun Entwécklungslänner, well et a verschiddene Regiounen net déi néideg Finanzéierungsstrukturen oder d'Kapazitéit feelt, fir Geschäfter z'ënnerstëtzen, déi un alternativen Energien, nohalteger Landnutzung a Restauratioun vun der Biodiversitéit interesséiert sinn.» Serge Wilmès, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit
De Minister huet och d'Aktioune vum Groussherzogtum Lëtzebuerg presentéiert, dorënner seng international Klimafinanzéierungsstrategie a säin nationalen Aktiounsplang fir Biodiversitéit, déi sech zum Zil setzen, déi zesummenhängend Erausfuerderunge vum Klimawandel a Biodiversitéitsverloscht unzegoen. Hie sot och, datt et wichteg ass, dës Efforte mat internationalen Ofkommes, wéi dem Paräisser Ofkommes an dem Kunming-Montreal Global Biodiversity Framework, ofzestëmmen, fir nohalteg Resultater ze garantéieren.
D'Participatioun vu Lëtzebuerg un dëser Konferenz entsprécht de lafende Beméiunge vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, d'international Kooperatioun am Beräich vun der nohalteger Finanzéierung an dem Schutz vun der Biodiversitéit ze stäerken.
