Klima.lu
Instagram Facebook LinkedIn

Op UN-Niveau: d'UNFCCC

UNFCCC steet fir United Nations Framework Convention on Climate Change a bezeechent domat d’Kader-Konventioun fir de Klima vun de Vereenten Natiounen. D’Konventioun ass den 21. Mäerz 1994 a Kraaft getrueden. Haut zielt d’Konventioun eng quasi universell Memberschaft (198 Parteien) a gëllt als Grondlag fir d’Paräisser Ofkommes vun 2015. Haaptzil vum Paräisser Ofkommes ass et, d’Erhéijung vun der globaler Duerchschnëttstemperatur an dësem Joerhonnert esou no wéi méiglech un 1,5 Grad Celsius iwwert dem pre-industriellen Niveau ze halen. D’UNFCCC ass ausserdeem d’Grondlag fir de Kyoto Protokoll vun 1997.

Dat iewescht Zil vun dësen dräi Ofkommessen ënnert der UNFCCC ass et d’Zäregas-Konzentratiounen an der Atmosphär op engem Niveau ze stabiliséieren, deen e geféierlechen Agrëff duerch Mënschenhand an de Klima verhënnert, an dat innerhalb vun engem zäitleche Kader, an deem d’Ekosystemer sech op natierlech Aart a Weis upasse kënnen an deen eng nohalteg Entwécklung erméiglecht.

Déi 198 Länner, déi dës Konventioun ënnerschriwwen hunn, ginn als Parteie bezeechent.

Méi Informatiounen iwwer d'UNFCCC, hei op der Websäit.