Potentialer effizient notzen! Déi „sektoriell Ziler“ an de Beräicher Industrie an Energieproduktioun, Mobilitéit, Gebaier, Land- a Forstwirtschaft, Offall an Ofwaasser wäerte sécherstellen, datt déi grouss Potenzialer effizient genotzt ginn. Konkret Moossnamepisten an alle Beräicher sinn am integréierten Energie- a Klimaplang hannerluecht.
Duerch déi „sektoriell Ziler“ gëtt en Deel vum PNEC duerch konkret zäitlech miessbar Uweisunge präziséiert.
Am lëtzebuergesche Klimagesetz ass nieft de béide nationalen Ziler (1. Klimaneutralitéit bis 2050 ; 2. 55 % manner Zäregasemissioune bis 2030 am Verglach zu 2005) och d’Virgab enthalen, fir, fir fënnef bestëmmte Beräicher, konkret a novollzéibar Ziler fir d’Reduzéiere vun Zäregasemissioune festzeleeën. Am Artikel 5 vum Klimagesetz steet, fir wéi eng Secteuren Ziler fir d’Reduzéiere vun den Emissioune festgeluecht musse ginn :
- Energiewirtschaft, Produktiounsbetriber a Bausecteur (net aktiv am Emissiounshandel)
- Verkéier an Transport
- Wunn- an Déngschtleeschtungsgebaier
- Land- a Forstwirtschaft
- Offall- an Ofwaasserbehandlung
D’Ziler fir dës fënnef Secteure goufen am Reglement Grand-Ducal vum 22. Juni 2022 schrëftlech festgehalen.
Zouuerdne vun den Emissiounsquanitéiten
Jidderee vun de fënnef Secteure krut e Wäert fir déi järlech Zäregasemissiounen zougeuerdent, deen net iwwerschratt dierf ginn. D’Berechnungen orientéieren sech un den Emissiounswäerter vun 2005 a suivéiert dräi Grondsätz :
- Déi zougedeelten Emissiounsquantitéite gi gläichméisseg a kontinuéierlech erof.
- Beim Festleeë vun den Emissiounsquantitéite gëtt d’Aspuerpotential vum jeeweilege Secteur berécksiichtegt.
- Beim Festleeë vun den Emissiounsquantitéite ginn déi sozial, wirtschaftlech an haushaltspolitesch Auswierkunge beuecht.
Souwuel d’Aspuerpotential wéi och d’Auswierkungen op sozial Verhältnisser, Beschäftegung, Vollekswirtschaft esou wéi och Ëmwelt a Gesondheet goufe schonn am Kader vum PNEC analyséiert.
Fir dëse Secteur louchen déi zougedeelten Emissiounsquantitéite fir 2021 31 % ënnert den Emissiounsquantitéite vun 2005, dat bedeit, et hunn dierfte maximal 5.279 t CO2eq ausgestouss ginn. 2022 louch dëse Wäert 5.018 t CO2eq a bis 2030 muss den Transportsecteur seng Zäregasemissiounen ëm 57 % am Verglach zu 2005 erofgesaat kritt hunn.
Déi zougedeelten Emissiounsquantitéite kënnen zäitlech iwwerdroe ginn.
Konkret heescht dat : wann ee Secteur an engem Joer besonnesch grouss Fortschrëtter mécht, an d’Quantitéit, déi ausgestouss ginn dierf, net erreecht ginn ass, dierf den Ënnerscheed vun der Quantitéit op dat nächst Joer iwwerdroe ginn. Gëtt awer de Maximum un erlaabter Quantitéit iwwerschratt, gëtt och dës Differenz op dat folgend Joer iwwerdroen an an dësem Secteur muss da méi agespuert ginn.
Och tëscht de Secteure kënnen d’Differenzen tëscht den tatsächlech ausgestoussen Emissiounen an deem Wäert, dee virgi war, iwwerdroe ginn. Viraussetzung ass, datt dat nationaalt Zil fir dat jeeweilegt Joer insgesamt erreecht gëtt.
Da kann ee Secteur, dee méi agespuert huet wéi virginn, säi Méiwäert un Aspuerungen un engem anere Secteur iwwerdroen, deen an dem Joer déi maximal Wäerter, déi ausgestouss gi sinn, iwwerschratt huet.
Den definitiven Emissiounsbilan fir d’Joer 2021 weist, datt d’Gesamtemissiounen 1,3 % ënnert der Emissiounsallocatioun fir dat Joer leien, sou datt d’Zil fir 2021 erreecht ginn ass. Op sektoriellem Niveau stelle mir awer fest, datt och wann d’Emissiounen aus de Secteuren „Transport“ an „Landwirtschaft a Forstwirtschaft“ ënnert hirem järlechen Allocatiounsniveau bleiwen, dat selwecht net fir d’Secteuren „Energieproduktioun, Industrie a Konstruktioun“, „Wunn- an Tertiärgebaier“ an „Offall- an Ofwaasserbehandlung“ gëllt, fir déi déi jeeweileg Allocatioune fir 2021 iwwerschratt goufen.
De provisoresche Bilan fir d’Joer 2022 weist en däitleche Réckgang vun den Emissiounen am Verglach zu 2021. D’Emissioune leien 9% ënner der Gesamtemissiounsallocatioun fir dat Joer, sou datt d’Zil fir 2022 erreecht gëtt. Genee wéi 2021, sinn d’Secteuren “Transport” an “Landwirtschaft a Forstwirtschaft” ënnert hirem järlechen Allocatiounsniveau bliwwen, wärend bei den aneren dräi Secteuren, trotz dem däitleche Réckgang vun den Emissiounen, d’Maximalwäerter déi am Règlement grand-ducal definéiert sinn weiderhin iwwerschratt gin.
