Klima.lu
Instagram Facebook LinkedIn

Eist 2050-Zil

Lëtzebuerg huet an de leschte Joren e puer Strategien a Pläng entwéckelt, fir d'Liewen am Groussherzogtum klimafrëndlech ze gestalten. De PNEC, d'Klimagesetz, d'Klimaadaptatiouns-Strategie, d'laangfristeg Klimastrategie a nach vill anerer gi Mesurë vir, mat deenen d'Zil vun der CO2 Neutralitéit bis 2050 erreecht gi soll. D'Pläng, d'Gesetzer an d'Strategien ëmfaassen all d'Liewens- an Aarbechtsberäicher, wéi d'Wunnen, d'Mobilitéit, de Konsum, d'Energie, d'Landwirtschaft, asw.

Politiker:innen, Fachleit a Bierger:innen hunn zu dëse Strategien a Pläng bäigedroen, an zesumme schaffe mir weider drun, Lëtzebuerg bis 2050 CO2 neutral a resilient ze maachen. E puer Visioune si scho verwierklecht ginn, anerer sinn nach a Planung. D'Illustratioune weisen ausgewielte Mesuren, déi an de Pläng, Strategien a Gesetzer ze fanne sinn.