Klima.lu
Instagram Facebook LinkedIn
Den YOUTH4CLIMATE Interview
Klimahelden

Den YOUTH4CLIMATE Interview

Hu mir nach ëmmer eng Chance, d'Klimaziler z'erreechen?

Wa mir net méi drun gleewen, géife mir eis net méi engagéieren. Mee d'Saache mussen elo änneren. Aus wëssenschaftlecher Siicht gëtt et nach ëmmer eng Chance. A mir baséieren eis Handlungen op der Wëssenschaft.

D'Politiker géifen dat och gutt maachen. A soulaang et keng radikal Moossname gëtt fir d'Ziler vum Paräisser Ofkommes z'erreechen, wäerte mir weiderfueren.

Wéi kann een d'Sensibiliséierung bei de Jonken erhéijen a si motivéieren, sech ze engagéieren?

Eis Missioun ass et, sou vill jonk Leit wéi méiglech ze mobiliséieren, fir un eisen Eventer deelzehuelen. Mir maachen dat iwwer sozial Medieplattforme wéi Facebook, Instagram, Twitter a viru kuerzem TikTok. Mir probéieren d'Schoulen iwwer eis Netzwierker ze kontaktéieren, fir datt mir dann do Plakater an Stickeren ophänke kënnen.

Wéi gesitt Dir de ganze Kaméidi ronderëm de Klimawandel?

Wat mech stéiert, ass datt d'Konsumenten ugegraff ginn. All Initiativ, déi eis motivéiert, méi nohalteg ze konsuméieren, ass natierlech wëllkomm. Mee nëmmen d'Regierung huet d'Muecht, séier ze handelen, andeems se déi néideg Moossname fir e méi schnelle Fortschrëtt ergräift.
Loosse mer d'Beispill vun der Industrie huelen: als Konsument kann ech eng Kleedermark boykottéieren, well se net mat mengen ethesche Wäerter iwwereneestëmmt. Mee wann et ëm Gas, Kuel oder Ueleg geet, si Boykotten bal onméiglech. An et ass op dësem Niveau, datt mir vun de Politiker verlaangen, datt se mat radikale Moossnamen d'Verantwortung iwwerhuelen!

#KengMéiEidelVerspriechen

YOUTHFIRCLIMATE.LU

Neiegkeeten

Och derwäert ze entdecken Méi gesinn