
Den 29. Oktober 2025 huet de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, zesumme mam Wirtschaftsministère, eng ëffentlech Consultatioun zum Projet vum Klima-Sozialplang lancéiert. Dëse Plang stellt en zentraalt Instrument duer, fir déi sozio-ekonomesch Auswierkunge vun der Transitioun zu enger CO₂-neutraler Ekonomie ze reduzéieren, am Aklang mam EU-Reglement (2023/955) iwwert de Sozialfong fir de Klima.
D'Haaptzil vum Plang ass et, vulnérabel Stéit a Mikrobetriber z'ënnerstëtzen, déi besonnesch vun de steigende Käschte fir fossil Brennstoffer betraff sinn.
De Klima-Sozialplang ass Deel vun engem Effort, fir eng gerecht an inklusiv ökologesch Transitioun ze gestalten.
E partizipativen Usaz
Fir d’Effikassitéit, d’Accessibilitéit an d’Relevanz vun de proposéierte Moossnamen ze garantéieren, wëll d’Lëtzebuerger Regierung hir Politik am Beräich vun der sozialer Gerechtegkeet nach méi präziséieren. Si invitéiert dofir d’Biergerinnen an d’Bierger, hir Erfarungen, Iddien an Uleies am Kader vun enger ëffentlecher Consultatioun ze deelen.
D’ëffentlech Consultatioun ass fir jiddereen zougänglech a leeft vum 29. Oktober 2025 bis de 16. Januar 2026 op zesumme-vereinfachen.lu. zesumme-vereinfachen.lu.
Informatiounsowend | 19. November 2025, 18:00 - 19:30 Auer
Um Informatiounsowend, organiséiert vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an dem Wirtschaftsministère a Kollaboratioun mat der Klima-Agence, wäerten d’Moossnamen, déi am Projet vum Klima-Sozialplang virgesi sinn, presentéiert ginn.
- Lëtzebuergesch, mat simultaner Iwwersetzung op Franséisch an Englesch
- Oppen fir all
- Umeldung ugefrot
