COP steet fir Konferenz vun de Parteien (Conference of Parties). Et handelt sech ëm déi järlech Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen, déi all Joer an enger anerer Stad organiséiert gëtt. Säit der éischter COP zu Berlin am Joer 1995, gëtt op dëse Konferenzen evaluéiert, wat d’Parteien (also déi Länner, déi mat ënnerschriwwen hunn) erreecht hunn a wéi eng Progrèsen et ginn. Hei ginn och d’Negociatioune gefouert fir déi nächst Ronn un CO2-Reduzéierungen. D’Konferenze vun de Parteie sinn immens wichteg fir d’Entwécklungen am Beräich vum Klimaschutz ze iwwerwaachen a fir nei Ziler opzesetzen, déi fir d’Anhale vum Paräisser Ofkommes an Zukunft erreecht musse ginn.
Eng COP besteet aus dräi Haaptvoleten: Negociatiounen, Expoen an Nieweveranstaltungen. D’Gaaschtland wielt e President vun der COP aus, deen d’Negociatioune presidéiert. Dës bilden den Haaptdeel vun der Veranstaltung. An der Reegel fannen déi éischt Woch technesch Negociatiounen tëschent Vertrieder vun der Regierung statt, wärend déi zweet Woch éischter héichrangeg Reunioune vu Ministeren a Staatscheffen am Fokus stinn.
Déi nächst COP (COP31) fënnt vum 9. bis den 20. November 2026 zu Antalya an der Tierkei statt. D'Lëtzebuerger Klimaverhandlungsleit wäerten un der COP deelhuelen a sech fir en ambitiéisen Usaz zur Klimamitigatioun an -adaptatioun, souwéi fir Klimafinanzéierung fir déi vulnérabelst Natiounen, asetzen.
Méi uweisen