Klima.lu
Instagram Facebook LinkedIn

D'Klima-Urgence

’t ass onëmstridden: D’Klima ännert sech weltwäit a mat eng grousser Vitess, wéi een dat virdrun net kannt huet. All Joer schléit een traurege Rekord deen aneren, um Niveau vun Héchsttemperaturen, Hurrikanen an extremen Nidderschléi. D’Noutwennegkeet fir ze handelen, war nach ni sou grouss: an anere Länner ewéi och hei bei eis zu Lëtzebuerg!

AN DER WELT

Schwéier Stierm an Iwwerschwemmungen engersäits, Bëschbränn, Dréchenten an extrem Hëtztwellen anerersäits – dat sinn d’Headliner, mat deene mir reegelméisseg an och ëmmer méi oft confrontéiert ginn. Déi gutt Nouvelle ass, datt och de politesche Wëlle fir ze Handelen do ass: op der Weltklimakonferenz 2015 zu Paräis hunn sech 195 Staate schrëftlech engagéiert, alles ze maachen, fir d’Klamme vun den Temperaturen am Verglach zur virindustrieller Zäit op méiglechst 1,5 °C ze begrenzen. Fir eng Iddi ze hunn: am Verglach zur virindustrieller Zäit huet sech d’Temperatur vun der Äerduerwerfläch ëm 1,2 °C erhëtzt. Dofir ass et wichteg, sou séier wéi méiglech d’Netto-Null-Zil z’erreechen an den Ausstouss vu klimaschiedleche Gase sou vill wéi méiglech ze reduzéieren. A genee dat ass dann och am Paräisser Ofkommes opgeholl ginn, esou wéi och an nationale Pläng, wéi bei eis am Land am PNEC.
Wichteg ze wëssen: Berode ginn d’Politiker:innen aus aller Welt vun iwwer 200 Wëssenschaftler:innen vum IPPC (Intergovernmental Panel on Climate Change). Si faassen déi aktuell Resultater, Zuelen an awer och hier Handlungsrecommandatiounen am Klimarapport zesummen. Fir Lëtzebuerg ass et de Klimatolog a Meteorolog Andrew Ferrone, deen eist Land do vertrëtt.

Wat en hallwe Grad ausmécht:

1,5 °C An 2,0 °C

+3-4 °C +5 °C

D‘Klamme vun den héchste Jorestemperaturen an Deeler vun Europa.

11 % 21 %

Undeel u Landfläche mat Iwwerschwemmungsrisiko duerch Flëss.

6 %18 %

Undeel vun Insektenzorten, déi méi ewéi d’Hallschent vun hirem Verbreedungsgebitt verléiren.

img_sektioun_1

AN EUROPA

Och an Europa goufen d’Moossnamen agelaut, fir méi schounend ze wirtschaften. Ënnert dem Numm „ Gréngen Deal “ gi verschidde politesch Initiativen zesummegefaasst mam Zil, datt Europa bis 2050 klimaneutral gëtt. All politesch Beräicher sollen doru matschaffen an de wirtschaftleche Wandel gerecht an nohalteg gestalten. Eng vun dësen Initiativen ass de Gesetzespak „ Passend fir 55 . D’Zuel 55 baséiert um Zil, fir bis 2030 d’Netto-Zäregasemissiounen ëm 55 % ze reduzéieren, géintiwwer vun 1990. Am Pak mat dran ass d’Iwwerschaffe vun existente Gesetzer esou wéi och nei Virgaben. Fir d’Wirtschaft klimafrëndlech ëmzegestalten, gouf z. B. dat zentraalt Element vun der europäescher Klimapolitik, den Emissiounshandel, verschäerft an soll an nächste Schrëtter op aner Secteuren, wéi d’Schëfffaart a banneneuropäesche Flich ausgebreet ginn. Weider Moossname sinn nei Steieren an Taxen, wéi d’Kerosinsteier fir banneneuropäesch Flich oder d’Ofgabe vu Produkter, déi an Drëttstaate manner klimafrëndlech produzéiert gi sinn.
D’Virgab, dass vun 2035 un nëmmen nach klimaneutral Ween zougelooss gi wäerten, déi erhéichten Zilvirgabe fir den Undeel un den erneierbaren Energien esou wéi och d’Energieeffizienz sollen dozou bäidroen, datt d’Emissiounen erofginn, fir dat gemeinsaamt Zil vum Paräisser Ofkommes nach erreechen ze kënnen.

30 %

vun de Mëttele vum EU-Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an international Zesummenaarbecht gi fir d’Ënnerstëtzung vu Klimaschutzziler an als weltwäit ëffentlech Finanzmëttel fir de Klimaschutz agesat a kommen aus der EU a vu senge Memberstaaten.

img_sektioun_2

Zu Lëtzebuerg

Den Impakt vum Klimawandel ass och hei am Land däitlech ze spieren. Mir hunn et mat ausgedeenten Drécheperioden ze dinn, mat ëmmer méi zolitten Iwwerschwemmungen a mat méi waarme Wanteren. D’Lëtzebuerger Regierung schafft u Léisungen, fir deem entgéintzewierken. Dobäi baséiert een sech op déi international Entscheedungen an Accorden, wéi z. B. d’Paräisser Klimaofkommes, d’europäesch Virgaben awer och op wëssenschaftlech Daten a Fakten aus dem UN-Klimabericht vum Weltklimarot (IPCC), dem Intergovernmental Panel of Climate Change. Eng Partie Strategië sinn doraus entstanen, déi a verschidde Pläng festgehale gi sinn:

Nationalen Energie- a Klimaplang

Nationale Plang fir nohalteg Entwécklung

Gesetz vum 15. Dezember 2020

Donieft si vill aner Initiativen entstanen, déi d’Aarbecht vun der Regierung fachlech ënnerstëtzen an och hëllefen, déi praktesch Ëmsetzung vun de festgeluechte Moossname virunzedreiwen. Och hei am Land fokusséiert een sech op d’Aspuere vun den Zäregasen:

55 %
bis 2030 am Verglach zu 2005
35-37 %
vum Endverbrauch un erneierbaren Energien
Netto-Null
CO2-Emissiounen bis spéitstens 2050

Klimawandel als Konschtwierk?

De Klimatolog Ed Hawkins huet seng "Erwiermungssträifen" fir d'éischt am Mee 2018 publizéiert. Dës Erwiermungssträifen illustréieren déi markant Verännerungen, déi eist Klima an de leschte Jore erlieft huet. Op den éischte Bléck si et attraktiv faarweg Sträifen. Mee e méi geneeë Bléck weist den enormen Ënnerscheed, deen an de leschte Jore tëscht der globaler Duerchschnëttstemperatur an den duerchschnëttleche Jorestemperature weltwäit méi grouss ginn ass. All Sträif representéiert e Joer, an all Joer kritt eng Faarf zougewisen, déi op der Gréisst vun senger Ofwäichung vun der Duerchschnëttstemperatur baséiert. Déi kälst Temperaturen sinn an donkelblo an déi wäermst an donkelrout duergestallt. Den éischte Grafik, deen den Ed Hawkins erstallt huet, huet déi global Duerchschnëttstemperaturen duergestallt. De Grafik, deen hei gewisen ass, ass fir Lëtzebuerg. Mëttlerweil kënnen d'Sträifen fir all Kontinent oder Land op dëser Websäit gekuckt ginn.

Temperaturännerung zu Lëtzebuerg
img_sektioun_4
lénkst Bild
Eise Klimanotstand

Eis Initiativen

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Curabitur iaculis mattis facilisis. Sed velit diam, luctus id enim ac, pretium mollis eros. Nulla et nisi ut dolor laoreet molestie. Nunc sapien metus, imperdiet vel risus eu, interdum aliquam diam. Vestibulum ante ipsum primis in faucibus orci luctus et ultrices posuere cubilia curae; Vestibulum maximus, purus porttitor mattis porta, libero dolor fermentum nunc, eget aliquam magna urna sed nunc.

Eise Klimanotstand

Gëschter an haut