Klima.lu
Instagram Facebook LinkedIn

Nohalteg Finanzen zu Lëtzebuerg

Wat et bréngt a wat déi lëtzebuergesch Finanzplaz mam Klima ze dinn huet:
Lëtzebuerg ass zanter ville Jore Virreider am Beräich vun de nohaltege Finanzen a gehéiert zu den éischte Finanzplazen, déi de Nohaltegkeetsgedanken duerch eng Strategie, der „Sustainable Finance Strategy“ (LSFS), ausgebaut a schrëftlech festgehalen huet. 2007 goufen un der lëtzebuergescher Bourse déi weltwäit éischt gréng Wäertpabeiere vun der Europäescher Investitiounsbank erausginn an zanter 2016 gëtt et mat der Luxembourg Green Exchange (LGX) déi weltwäit éischt Plattform fir nohalteg Wäertpabeieren.

Haut sinn do méi wéi d’Hallschent vun alle grénge Wäertpabeiere gelëscht. Als international Finanzplaz mat dësen Erfarunge ka Lëtzebuerg groussen Afloss op d’Entwécklung vun nohaltege Finanze weltwäit ausüben. Och wann den Zesummenhang op den éischte Bléck net z’erkennen ass, sinn nohalteg Finanzen e bedeitend Schaffgeschier, fir klimafrëndlecht Wirtschaften ze fërderen.

Vereinfacht gesot bedeit « nohalteg Finanzen », datt bei de Geldanlagen net nëmmen op déi finanziell Gewënner a Sécherheete geuecht gëtt, mee och dorop, ob an den Entreprisen an déi z.B. duerch Fongen investéiert gëtt, ökologesch a sozial nohalteg gewirtschaft gëtt.

Wien normalerweis op d’Bank geet, fir Suen unzeleeën, leet eigentlech Wäert op d’Sécherheet an op méiglech gutt Gewënner. Duerch d’Notze vun nohaltege Finanze kënnen d’Clienten haut awer gläichzäiteg och e Bäitrag zu Ëmwelt- a Klimaschutz leeschten. Well d’Suen, déi d’Clienten uleeën, gi vum Finanzinstitut genotzt, fir se a gréng Entreprisen ze stiechen. Bei de sougenannte grénge Finanzproduite ginn d’Suen nëmmen an Entreprisen a Projeten investéiert, déi zum Ëmwelt- a Klimaschutz bäidroen an och sozial Aspekter fërderen, wéi z.B. Firme fir ëmweltfrëndlecht Bauen oder klimafrëndlech Mobilitéit, nohalteg Landwirtschaft, innovativ Mobilitéitsprojeten a Projete fir Aarteschutz.

Nohaltegkeet war laang kee bedeitend Thema am Finanzwiesen, och wann et scho virun 2015 vereenzelt Initiativen an dem Beräich goufen. Mee zanter datt 2015 d’Paräisser Klimaofkommes an d’UN-Agenda 2030 mat de 17 Nohaltegkeetsziler ugeholl goufen, gëtt et en neien internationale Konsens, datt sech déi finanziell Gewënner an ekonomesch, sozial an ökologesch Nohaltegkeet net ausschléissen. Dës an och aner Erkenntnisser, datt am Zesummenhang mat de Klimaverännerungen e Wandel och am Finanzwiesen dringend noutwenneg ass, huet national an international dozou gefouert, datt nei Weeër ageschloe gi sinn. Nohalteg Finanze gëllen haut als eng Chance, déi weltwäit Geldstréim ewech vun ëmwelt- a sozialschiedlechen Investitiounen, hin zu innovativen, ökologeschen a sozial nohaltege Projeten ze steieren a domadder d’Wirtschaft fair an ëmweltfrëndlech ze gestalten.

Nodeems 2015 d’Paräisser Klimaofkommes an d’UN-Agenda 2030 mat de 17 Nohaltegkeetsziler ugeholl goufen, goufen net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och europa- a weltwäit verschidde Pläng a Strategien ausgeschafft, fir d’Iddien an d’Virgabe vun den Ofkomme vun 2015 ëmzesetzen. 2018 gouf mam EU-Aktiounsplang fir d’Finanzéierung vun nohaltegem Wuesstem en éischte Schrëtt a Richtung Etabléierung vun der Sustainable Finance gemaach.

E stäipt sech op dräi Pilieren:
• eng nei Ausriichtung vun de Kapitalstréim op nohaltegen Investitiounen,
• d’Nohaltegkeet an de Risikomanagement matanzebezéien,
• d’Fërderung vun Transparenz a Laangfristegkeet.

2018 huet déi lëtzebuergesch Regierung zesumme mat de Vereenten Natiounen (Ëmweltprogramm UNEP) d’Luxembourg Sustainable Finance Roadmap verëffentlecht. Der Fuerplang sollt d’Grondlag fir eng ëmfaassend Strategie fir nohalteg Finanze schafen, fir d’Ziler vum internationalen Ofkommes z’erfëllen a presentéiert Recommandatiounen, wéi dat erreecht ka ginn. Zu de Recommandatiounen zielt d’Schafe vun engem Veräin, deen nohalteg Finanzen zu Lëtzebuerg fërdert.

2020 ass dorop hin d’Luxembourg Sustainable Finance Initiative gegrënnt ginn. Dës Initiativ ass e Veräin, dee sech aus Fachleit aus den Themeberäicher Nohaltegkeet an nohaltege Finanzen zesummesetzt an als Koordinéierungsstell déi verschidden Interessegruppen zesummebrénge soll. Besat ass de Virstand vum Finanzministère a vum Ëmweltministère. Nieft der Koordinatioun si weider wichteg Aufgaben, Lëtzebuerg am Beräich nohalteg Finanze virunzebréngen, d’Land als Zentrum fir Sustainable Finance z’etabléieren an nohalteg Initiativen am Finanzsecteur ze fërderen. Zu dem Zweck soll d’LSFI eng Strategie entwéckelen, déi di schonn duerchgeféiert Aktivitéiten an d’Recommandatioune vun der Roadmap an Aklang ze bréngen.

D’Luxembourg Sustainable Finance Strategy (LSFS) gouf vun der LSFI, Vertrieder:innen vun der Regierung, der Entwécklungsagence Luxembourg for Finance (LFF) an dem héije Rot fir nohalteg Entwécklung (CSDD) erschafft an 2021 verëffentlecht. Am éischten Deel befaasst sech d’Strategie domat, den Nohaltegkeetsgedanken nach méi staark an d’Bewosstsi vum Finanzsecteur z’integréieren, déi Institutiounen, Investeren, ëffentlech Instanzen an Déngschtleeschter:innen um Wee dohin z’ënnerstëtzen an d’Roll vu Lëtzebuerg als internationalen Zentrum fir nohalteg Finanzen auszebauen. Den zweeten Deel ass en Aktiounsplang fir d’LSFI, déi d’Ëmsetzung vun der Strategie koordinéiere muss an d’Ulafstell fir all d’Acteuren an Initiative soll sinn.

Den Aktiounsplang baséiert op dräi Pilieren :
1. Fërderung a Sensibiliséierung: domat ass d’Fërderung vun den Initiativen an d’Verankerung vum Nohaltegkeetsgedanken am Finanzwiese gemengt.
2. Fräisetze vu Potenzial: duerch d’Schafe vun enger Plattform fir den Austausch vu Wëssen an Erfarungen.
3. Miessung vu Fortschrëtter: Erfaassen an Analyséiere vun Daten aus dem Finanzwiesen, fir d’Moosse vu Fortschrëtter bei der Integratioun vun Nohaltegkeet.

D’Strategie beinhalt Ziler zu dësen dräi Pilieren, unhand vun deenen d’Aarbecht vun der LSFI an d’Entwécklung vun der nohalteger Finanzwirtschaft reegelméisseg iwwerpréift a, wann noutwenneg, och verbessert kënne ginn.
Bei der Entwécklung vun der Strategie ass dorop opgepasst ginn, datt all d’Recommandatiounen a Virgabe mat de bestoende Pläng a Verträg am Beräich Nohaltegkeet am Aklang stinn, also dem Koalitiounsvertrag genau sou wéi dem Plang fir nohalteg Entwécklung an dem Nationale Plan fir Energie a Klima (PNEC). An och, datt d’Strategie fir d’Erreeche vun den internationalen Ziler dem Agenda 2030 an dem Paräisser Ofkommes bäidréit.