Klima.lu
Instagram Facebook LinkedIn

Eisen nationalen Energie- a Klimaplang

D’Europäesch Unioun huet sech verflicht, d’Klimaziler vum Paräisser Weltklimagipfel anzehalen. Dowéinst huet si sech selwer Ziler gesat, fir d’Zäregasen erofzekréien, den Undeel un erneierbaren Energien z’erhéijen an domat och d’Energieeffizienz eropzesetzen. Et geet also drëms, den Energiebedarf erofzedrécken.

All Memberstaat muss derbäi hëllefen. Jiddereen ass verflicht, en eegenen nationalen Energie- a Klimaplang auszeschaffen, mat der Erklärung, wéi eng Ziler a Moossnamen erreecht wëlle ginn. Dat hëlleft net nëmmen, fir gemeinsam virunzekommen, mee och fir Vergläicher tëscht de Länner maachen ze kënnen.
Lëtzebuerg ass zanter 2020 a Besëtz vum eegenen integréierten nationalen Energie- a Klimaplang, dem PNEC.

Den integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), ass e wichtegt Element vun der Klima- an Energiepolitik vum Grand-Duché. An dësem Plang ginn déi national Klima- an Energieziler bis 2030 virgestallt, grad esou wéi d‘Strategien an d‘Moossname fir se ze erreechen.

Den Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg ass och e strateegescht Dokument, dat et Lëtzebuerg erlaabt sech aktiv um Klimaschutz an un der Energietransitioun ze bedeelegen, a sech fir d‘Entwécklung vun enger nohalteger Ekonomie anzesetzen. Dëse Plang ass och eng direkt Äntwert op d‘Klima- an d‘Energiekris.

De PNEC ass d‘Resultat vun engem kooperativen Usaz tëschent de betraffene Ministèren a Verwaltungen, ënnert der Koordinatioun vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an dem Wirtschaftsministère.

Déi am PNEC presentéiert Ambitiounen an erweidert Moossnamen baséieren och op den Erkenntnisser vun diverse Biergerbedeelegungsprozesser a staatleche Kooperatiounen, déi an de leschte Joren duerchgefouert goufen.

Souwuel d‘Biergerinnen a Bierger wéi och d‘Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen hu sech fir nach méi ambitiéis Moossnamen an Ziler fir Lëtzebuerg agesat. Dëst duerch:

  • déi international Consultatioun „Luxembourg in Transition“ (LIT), déi am Joer 2021 duerchgefouert gouf a sech mat der Landesplanung beschäftegt,
  • de Klima-Biergerrot (KBR), deen 2022 organiséiert gouf,
  • den Observatoire fir Klimapolitik (OPC – Observatoire de la politique climatique),
  • d’Plattform fir Klimaschutz an Energietransitioun.

Doriwwer eraus huet vum 17. Abrëll bis zum 16. Mee 2023 eng ëffentlech Enquête stattfonnt, bei där Biergerinnen a Bierger Kommentaren a Virschléi zum Projet erareeche konnten.

D'Haaptziler sinn:

  • D‘Zäregas-Emissiounen, déi Lëtzebuerg am Kader vum EU-Reglement (EU) 2018/842 zougewise goufen, am Verglach zu 2005 ëm 55% ze reduzéieren.
  • D‘Erreeche vun der Klimaneutralitéit, d‘„Netto-Null-Emissiounen“ zu Lëtzebuerg bis spéitstens 2050.
  • D‘Erhéijung vun der Nettoopnam am LULUCF-Secteur ëm -27 kt CO2-eq bis 2030 am Verglach zum Duerchschnëtt vun den Nettoopnamen fir d‘Joren 2016, 2017 an 2018 (Schätzung vun der Gesamt-Nettoopnam am Joer 2030: -403 kt CO2-eq).
  • D‘Erhéijung vum Undeel vun erneierbaren Energien am Bruttoenergieverbrauch am Verglach zum PNEC 2020 vu 25% am Joer 2030 op 37% fir d‘Joer 2030.
  • D‘Verbesserung vun der Energieeffizienz ëm 42% bis 2030 am Verglach zu der EU-Referenz PRIMES (REF2007) fir d‘Joer 2030.

Dës Moossname betreffen déi follgend sechs Beräicher:

  • Wunn- an Déngschleeschtungsgebaier
  • Transport
  • Energie- a Veraarbechtungsindustrie, Bausecteur
  • Landwirtschaft a Fierschterei
  • Offall- an Ofwaassertraitement
  • LULUCF (Land use, land-use change and forestry)

Mam Klimabonusprogramm ginn de Bau an déi nohalteg energeetesch Sanéierung vu Wunngebaier, d‘Installatioun vun techneschen Anlage fir d‘Notzung vun erneierbaren Energiequellen a Wunngebaier, d‘Notzung vun CO2-fräie Gefierer, d‘Energieberodung an déi nohalteg Fierschterei verstäerkt gefërdert.

D’Ännerungen ëmfaassen:

  • eng vereinfacht Prozedur fir den Zougang zu de Finanzhëllefen, besonnesch duerch d‘Vereinfachung an Digitaliséierung vun de Formulairë fir d‘Demanden,
  • déi verstäerkte Promotioun vun ëmweltfrëndlechen Isolatiounsmaterialien,
  • méi geziilten Ureizer fir den Austausch vun alen, mat fossille Brennstoffer bedriwwene Chaudièren,
  • d’Zouloossung a bestoende Gebaier vu Loft-Waasser- a Loft-Waasser-Hybrid-Wäermepompelen,
  • d‘Promotioun vum Eegeverbrauch vu Photovoltaikanlagen duerch eng méi héich Subventioun an d‘Abezéie vun enger Batterie an den eligibele Käschten,
  • d‘Zweckméissegkeet vu Virfinanzéierungsmechanismen.

Nodeem de Regierungsrot am Juli 2024 d‘Aktualiséierung vum Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg ugeholl huet, gouf dës nach de selwechten Dag un d‘EU-Kommissioun weidergeleet. D‘EU-Memberlänner si verflicht hir national Energie- a Klimapläng fir 2024 ze aktualiséieren. An dësem Kader huet d‘Lëtzebuerger Regierung hir Ambitioune fir erneierbar Energien an Energieeffizienz no uewen ugepasst. De Plang beinhalt insgesamt 206 verschidde Moossnamen, woubäi bei der Revisiounsaarbecht eng besonnesch Opmierksamkeet op eng „gerecht Transitioun“ geluecht gouf.

Dës Moossname beinhalte verschidden Instrumenter, déi sech an ënnerschiddlechen Entwécklungsstadie befannen, ënnerschiddlech Implementéierungszäiten hunn a verschidde verantwortlech Acteuren identifizéieren. Am Verglach zur viregter Versioun vum Plang erweise sech eng Rei Moossnamen als besonnesch wichteg an/oder innovativ:

  • D'CO2-Steier
  • déi kontinuéierlech Entwécklung vum Klimapakt 2.0,
  • déi national Entitéit zur Begleedung vun der energeetescher Renovatioun vun alle Wunngebaier mat niddereger Energieeffizienz,
  • déi national Entitéit zur Begleedung vun der energeetescher Renovatioun vun alle Wunngebaier mat niddereger Energieeffizienz,
  • de Klimabonus,
  • d‘Fërderung vun der Elektrifizéierung vum Automobilpark,
  • de soziale Leasing-System,
  • de Klimapakt fir Betriber (KPB),
  • déi national Strategie fir Waasserstoff,
  • den Ausbau vun der landwirtschaftlecher Berodung a Promotioun vun der Agrivoltaik,
  • d‘Verschäerfung vun den Ziler fir d‘Nettoopnam vun Zäregaser an d‘Aféierung vun engem Hëllefsregimm „Klimabonus Bësch“,
  • déi aktualiséiert Projektioune vun den Zäregas-Emissioune bis 2030.

D’Aktualiséierung fannt Dir ënnert follgendem Link: https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/klima_an_energie/pnec/pnec-24-vf.pdf