Safari Koulbich

D’Safari vu Koulbich ass identesch mam Parcours santé vum Roude Kräiz. Ënnerwee hutt Dir net nëmmen d’Méiglechkeet di sëllege Fitness-Übungen ze testen, mee och Skulpturen ze bewonneren. De Park vum Koulbicher Schlass ass eenzegaarteg a bitt eng grouss Diversitéit u Beem. Loosst Iech ënnerwee vum Geescht vum Aline an Emile Mayrisch verzauberen !

Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari Koulbich

Retour