Safari Eischt

Op dësem Tour léiert Dir d’Ruin vum Schurelser Schlass, enger Fléibuerg op engem Fiels, kennen. De Wee bis erop an de Fiels ass richteg abenteuerlech ! Ënnerwee bidde sech schéin Aussiichten op d’Ëmgéigend. 

Opgepasst ! Am Beräich vun der 2. Plaquette si vill Beem ëmgefall. Wéinst de Bëschaarbechten, hu mir d'Plaquette misse réckelen. Si hänkt elo un engem Potto wann Dir an de Bësch erakommt. Een Deel vum Wee direkt no der 2. Plaquette ass wéinst dëse Bëschaarbechten provisoresch aménagéiert ginn - nom Reen kann awer Bulli do sinn.D'Opléisung an den Extrait Bichelchen hei ënnendrënner sinn ugepasst ginn. Entschëllegt eis fir dëse Changement. 

Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari Eischt

 

Retour