Safari am Wëlle Westen - Erklärungen

Entdeckt zesumme mat Äre Kanner di schéinsten Trëppelweeër am Wëlle Westen a gitt villes iwwert eis Mamendéiere gewuer. Esou hoffe mir d’Kanner vu klengem u fir Natur an Ëmweltschutz ze begeeschteren. Déi meescht Tier sinn nitt ausgeschëldert, dofir braucht Dir dës Broschüre an déi eenzel (...)

En savoir plus

Safari Biekerech

Op dëser Safari erwaarden Iech net nëmmen héich a mächteg Bëscher, mee och di al Kapell vum Kuelebierg freet sech op Äre Besuch. Är Beemuskele kënnt Dir och bëssi trainéieren op den zwou Montéeën. Dowéinst vergiesst net e bëssi Stäerkung matzebréngen, fir op enge vun de flotte Picknick-Plazen ënnerwee Iech (...)

En savoir plus

Safari Dellen

Dës Safari féiert Iech erof an den idylleschen Dall vun der Turelbaach. Iert et 100 Héichtemeter erof geet, bidde sech wäit Ausbléck op d’Nopeschdierfer. De Wee verleeft ausschliisslech iwwer breet Feld- a Bëschweeër. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Iener

Dëse kuerzen Tour bréngt Iech vun Iener an de wonnerschéinen Dall vun der Waasserbaach. E verleeft gréisstendeels op méi breede Bëschweeër an Dir passéiert eng vun de ville Drénkwaasserquellen aus dësem Sandsteen-Gebitt. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Eischt

Op dësem Tour léiert Dir d’Ruin vum Schurelser Schlass, enger Fléibuerg op engem Fiels, kennen. De Wee bis erop an de Fiels ass richteg abenteuerlech ! Ënnerwee bidde sech schéin Aussiichten op d’Ëmgéigend. Opgepasst ! Am Beräich vun der 2. Plaquette si vill Beem ëmgefall. Wéinst de Bëschaarbechten, hu (...)

En savoir plus

Safari Foulscht

Op dëser herrlecher Safari daucht Dir an den rouegen Dall vun der Dillebaach an. Ënnerwee passéiert Dir d’Mausen Grott, déi kuerz nom Krich vum Här Mausen an de Stee geschloe gouf. Dëse Wee verleeft gréisstendeels op Bëschpaden an zum Schluss ginn et Trapen. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner (...)

En savoir plus

Safari Kéiber

Op dëser wonnerschéiner Safari, déi vu Kéiber erof an den Dall vun der Dirbech geet, léiert Dir villes iwwer d’Waasser bäi. Den Tour stéisst nämlech bei der Höl vun der Décker Lay op de flotte Waassersënnes-Wee. Bréngt genuch Zäit am Gepäck mat fir d’Plätschere vun der Baach am Schied op Iech awierken ze (...)

En savoir plus

Safari Koulbich

D’Safari vu Koulbich ass identesch mam Parcours santé vum Roude Kräiz. Ënnerwee hutt Dir net nëmmen d’Méiglechkeet di sëllege Fitness-Übungen ze testen, mee och Skulpturen ze bewonneren. De Park vum Koulbicher Schlass ass eenzegaarteg a bitt eng grouss Diversitéit u Beem. Loosst Iech ënnerwee vum (...)

En savoir plus

Safari Mäerzeg

Dës Safari verleeft um Mäerzeger Themewee, deen d’Gemeng Mäerzeg mat vill Méi a groussem Succès entwéckelt huet. De Wee geet gréisstendeels duerch d’Uertschaft a bitt mat interaktive Panneauen an Ausstellungsobjeteeën Abléck an d’Geschicht vu Mäerzeg. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem (...)

En savoir plus

Safari Misärsbréck

Op dësem ofwiesslungsräichen Tour kritt Dir villes gebueden : de Séi mat enger Plage, 2 Brécken, ee Bierg, Wiissen & Weiden a flott Vuen ! Wéinst de Bëschpied an der géier Montée ass e besser ze Fouss wéi mat enger Kutsch ze maachen. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Naturpur

Dëse Wee gouf vun der Forstverwaltung entwéckelt an ass di alpinisten a soumat schwieregst Safari. Op der éischter Hallschent geet et kräfteg op schmuele Bëschpied erop an Dir gitt mat herrlechen Aussiichten op de Lac belount ! Loosst Iech genuch d’Zäit um Réckwee fir de Vigel ze beobachten. Dir fannt (...)

En savoir plus

Safari Nojem

Dëse kuerzen an ofwiesslungsräiche Rondtour féiert Iech iwwer einsam Weeër op d’Vëlospist PC17 där Dir fir 1,4km follegt, iert et rëm zréck an de Bësch Richtung Nojem geet. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Pärel

Dës Safari féiert Iech iwwer een ale Wee an de geheimnisvollen Dall vun der Kakebaach. Dësen Deel ass net kutschefrëndlech. De Réckwee verleeft iwwert ee breede Bësch- a Feldwee. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Randschelt

Dës Safari start am klengsten Duerf vu Lëtzebuerg a verleeft komplett um Randschelter Meditatiounspad. Ënnerwee ginn et interaktiv Statiounen, déi zur Reflexioun ureegen. Genéisst di Rou a Einsamkeet vu Randschelt ! Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Rëmmereg

Och am Wëlle Weste gëtt et ee Mëllerdall-änleche Canyon ! Dësen Tour, och 7-Brécke Wee genannt, ass een zertifiéierte Qualitéitswanderwee, an huet einfach alles ze bidden, wat ee Wanderhäerz sech wënscht ! Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Rued

Op dësem Tour léiert Dir Mulchpad am Oenneschtebësch vun der Gemeng Ell kennen. Dëse Bësch ass mat verschiddene Statioune spannend fir Jonk an Al gemaacht ginn. Dëse Wee verleeft komplett am Bësch an ass esou ideal fir waarm Deeg. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Schweech

Op dëser Safari entdeckt Dir vill verstoppte Bëschpied am grousse Bësch vun der Gemeng Biekerech. Och hei gesitt Dir, dass de Sandsteen een idealen Drénkwaasser-Späicher ass. Ofgesi vun enger ustrengender Montée, ass de Wee soss net ustrengend. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link (...)

En savoir plus

Safari Sëll

D’Safari vu Sëll verleeft um bloe Sëller Fitness Cross an ëmronnt den Ditzebierg, deen och ee wichtegen Drénkwaasser-Späicher vun der Gemeng Sëll an der DEA (Distribution d’Eau des Ardennes) ass. Dir passéiert och de Bëschkierfecht vun der Gemeng Sëll an hutt ënnerwee eng schéi Vue op den Dall vun der (...)

En savoir plus

Safari Useldeng

Dës kuerz Safari mécht den Tour vum Hiesel-Bësch an ass esou meeschtens am Schied. E verleeft gréisstendeels op méi breede Bëschweeër an ass esou och mat enger sportlecher Kutsch ze maachen. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : Safari (...)

En savoir plus

Safari Viichten

Dës Safari dréint eng kleng Ronn am Geichbësch, tëscht Viichten a Biissen. E verleeft am éischten Deel iwwert ee flotte Mulchpad laanscht e puer Weieren. Zum Schluss passéiert een de Bëschkierfecht, wou de Fausti seng lescht Rouplaz fonnt huet. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : (...)

En savoir plus

Safari Wal

Den Highlight vun dëser kuerzer Safari ass de verbuergene Weier matzen am Bësch. Dëse Wee verleeft gréisstendeels op méi breede Bëschweeër an ass och mat enger Kutsch machbar. Um Réckwee bidde sech schéi Vuen op den Dall vun der Ringbaach. Dir fannt dësen Tour och op komoot ënner folgendem Link : (...)

En savoir plus