
Night light – Liicht déi Luucht elo?
Nee, déi Luucht déi liicht elo net.
Zanter 2017 bedeelegt sech Lëtzebuerg um Interreg-Projet «Night-Life», fir op d’Suitte vun der Liichtverschmotzung opmierksam ze maachen a se z’evitéieren. Vill Leit wëssen net, datt kënschtlech Beliichtung net nëmmen energieintensiv ass, mee och Déieren an esouguer Mënsche beanträchtegt. Ënnert der Leedung vum Naturpark Our si verschidde Moossnamen ëmgesat ginn, fir d’kënschtlech Beliichtung an de Gemenge méi ëmwelt- a klimafrëndlech ze gestalten.
Vun Ufank un huet sech d’Gemeng Pëtschent fir eng Reduktioun vun der Liichtverschmotzung engagéiert. D’Uertschafte Grooljen an Nuechtmanescht konnten duerch d’Ëmstellen op LED ronn 80 % vum Energieverbrauch am Joer aspueren. De Buergermeeschter Roger Zanter ass op folgend Zuel besonnesch houfreg: «D’Stralung no uewe konnte mir ëm ronn 50 % reduzéieren!».
Profitéiert vun enger gratis Berodung ronderëm d'Thema Beliichtung bei Iech doheem.
LICHTBERATUNG@NATURPARK.LU
+352 / 90 81 88-645
NIGHTLIGHTANDMORE.LU