Tour du Duerf 2021 am Kanton Réiden

Aktiv Vëlosfuerer am Kanton: 317

dovunner Gemengeréit: 14

Gesamt gefuere Kilometer: 54.335 km (entsprécht engem Tour ëm den Äquator + der Iwwerland-Distanz vu Réiden op Kapstadt/Südafrika)


De Kanton Réiden huet den 1. Präis landeswäit an der Kategorie „meeschte Vëloskilometer“ gewonnen, d’Gemeng Wal raumt gläich 2x of: eemol an der Kategorie „meeschte Kilometer pro Awunner“ an eemol fir de „vëlosaktiivste Gemengerot“.


Awer och d’Resultater vun de Gemengen Uselding a Groussbus loosse sech weisen: si deele sech de nationale Podium mat der Gemeng Wal an der Kategorie „meeschte Kilometer pro Awunner“


Dës groussaarteg Resultater sinn de Verdéngscht vun eisen 317 Vëlosfuerer, deene mir ee ganz grousse Merci ausdrécken. Et ass nëmmen duerch hier Ausdauer an hiren Asaz, dass eis Gemengen an de Kanton ëmmer rëm esou gutt ofschneiden. Dëst ass nämlech di 3. Kéier, dass de Kanton di éischte Plaz am Tour du Duerf gewënnt.


Am Kader vun dëser Campagne, huet bal all Gemeng e Vëlostour fir seng Bierger organiséiert. Bei dëser Occasioun haten d’Bierger d’Méiglechkeet, fir hier Iddie fir de Vëlo hire Gemengeverantwortleche matzedeelen an an engems Kilometer fir hier Gemeng ze sammelen.

De 27. Oktober sinn d’Gewënner aus eisem Kanton vum Präsident vum Syndikat Kanton Réiden, dem Thierry Lagoda, an der Réidener Aula geéiert ginn. No der Präisverdeelung ass dëst supert Resultat gefeiert ginn.