Interview mam Serge Hermes, Fierschter an der Gemeng Rammerich a Responsabel vum Naturerliewniszentrum Burfelt

Hutt Dir well Auswierkunge vum Klimawiessel an äre Bëscher ze spiere krut? Wéi mécht sech dëst bemierkbar?
De Joresnidderschlag ass hei um Rammericher Plateau an de leschte Joren zréckgaangen: soss louche mer am Duerchschnëtt bei ronn 1000 mm pro Joer. Di leschte Jore sinn et der däitlech manner (cf. Grafik). Gläichzäiteg ass och d’Joresduerchschnëtts-Temperatur erop gaang, wat Auswierkungen op d’Waasserverdonstung mat sech bréngt. Dëst bedeit ee grousse Stress fir eis Beem, déi zum Deel schonn 140-180 Joer an eise Bëscher stinn (Laafbeem). D’Blieder ginn, als Reaktioun, ze fréi ofgeworf a wann dëse Stress iwwer Joren unhält, da stierwen d’Beem of.

A wéi wann dat alles net géing duergoen, kënnt da nach de Borkenkeefer derbäi…
De Borkenkeefer-Befall beim Nolenholz, a speziell bei de Fiichten, ass nëmmen eng Konsequenz vum Klimawiessel. De Bam ass duerch d‘Hëtzt an Dréchent esou ofgeschwächt, dass e keng Kraaft méi huet fir géint de Keefer ze „kämpfen“. Et ass wéi wann een z.B. iwwer Joren ëmmer ze vill Zocker zou sech hëlt: am Ufank verdréit eise Kierper dat nach ouni Weideres, mee iergendwann streikt en an d’Krankheete fänken un. Bleift awer ze bemierken, dass et sech bei der Fiicht ëm eng Bamaart handelt, déi aus den alpine Regioune staamt an där hire natierlechen Optimum ebe bei engem méi héije Joresnidderschlag respektiv méi niddrege Joresduerchschnëtts-Temperature läit.

Wat ass Är Strategie an dësem Klimawiessel?
Eis Strategie ass haut eng aner wéi virun e puer Joerzéngten. Mir schwätze vun engem adaptive Bësch-Management, also enger naturnoer integrativer Virgoensweis. Dat heescht: Ausnotzung vun natierleche Prozesser (biologische Automation) an de Bësch sech méi selwer iwwerloossen.
Eis Strategie ass doriwwer eraus fir déi ugeschloen oder ofgestuerwe Beem stoen ze loossen, natierlech nëmme wann se keng Gefor duerstellen. Woumat gläichzäitig och den Al- & Doudholzundeel an eise Bëscher klëmmt. Reng Nolebestänn gi lues a lues a Mëschbestänn mat Laafbeem (Naturverjüngung) iwwerfouert. D’Doudholz bréngt d’Beschattung vum Bëschbuedem mat a verbessert gläichzäitig d‘Wasser-Retentioun an d’Biodiversitéit am Bësch. Holz späichert nämlich wärend der Zersetzungsphase enorm Quantitéiten u Waasser.

Dat heescht, dass manner Holz aus eise Bëscher erausgeholl gëtt?
Natierlech notze mir och weiderhin dee wäertvollen erneierbare Rohstoff Holz. Mir konzentréieren eis heibäi awer virun allem op d’Fërderung vu Wäertholzbeem (eenzel Prachtexemplaren), déi dann och schlussendlich genotzt ginn. Eise Management soll sech also op dat aller Weesentlechst beschränken. De Bëschbuedem bleift soumat, dank enger Dauerbestockung, ëmmer „à l’abri“. Et ass deemno eng Erausfuerderung fir ee gesonden Equiliber tëscht den ekologischen, ekonomischen a soziale Leeschtunge vum Bësch ze fannen, woubäi bei allen Entscheedungen, de Klimawandel a seng Konsequenze musse mat abezu ginn.