De 27. September huet eng Konferenz iwwer nohalteg Mobilitéit zu Réiden an der Aula statt fonnt. Di zwee Vertrieder vum Nohaltegkeetsministère, Alex Kies a Yan Steil, hunn fir d'éischt di nationale Mobilitéits-Strategie MODU 2.0. virgestallt. Hei ass den Akzent op d'Wichtegkeet vun der aktiver Bedeelegung vun de 4 Akteuren - Bierger, Aarbechtsgeber & Schoul-Ariichtungen, Gemengen a Staat - geluecht ginn. Eng nohalteg Mobilitéit ka nëmmen zesummen erreecht ginn.
Wat kann de Staat maachen? De Staat fixéiert de legale Kader, hee gëtt d’Richtung fir d’Mobilitéitsentwécklung un duerch seng Investitiounen an d’Infrastrukturen, duerch d’Offer am ëffentlechen Transport an duerch seng Planung vum ëffentleche Raum.
Wat kënnen d’Gemenge maachen? D’Gemengen gestalten den ëffentleche Raum, deen d’Awunner dozou leet ee bestëmmten Verkéiersmëttel ze notzen.
Wat kënnen d’Employeure maachen? Si kënnen hier Mataarbechter dozou encouragéieren, Co-Voiturage ze maachen, si kënnen den mPass offréieren oder flexibel Aarbechtszäiten / Télétravail erlaben, si kënnen Service-Vëloen an Duschen mat Vestiairen zur Verfügung stellen.
Wat kënnen d’Bierger maachen? De Bierger huet de Choix tëschent de verschiddene Verkéiersmëttel a ka seng Gewunnechten regelméisseg iwwerdenken. Heizou kënne folgend App’en benotzt ginn:
Folgend Informatiounen sinn zum geplangte Busnetz matgedeelt ginn:
- Am Fréijor 2019 soll d’Detailplanung vum neie Busnetz ofgeschloss sinn an der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. D’ Ëmsetzung soll an der 2. Halschent 2019 ufänken a bis 2021 daueren.
- D’Lëtzebuerger Land gëtt a verschidde Secteuren (Réidener Kanton gëtt zB. Secteur “8”) agedeelt an et gëtt eng kloer Nomenklatur agefouert fir Schnellbusser (8-01), Normal Linnen (8-10, 8-11), Sekundärlinnen (8-31) an Transversal Linnen(8-50).
- Et si Schnellbusser virgesinn, déi an all Uertschaft just 1x stoe bleiwen, fir méiglecht séier a kompetitiv par Rapport zum Auto ze sinn. Do dernieft ginn et och nach ëmmer Normal Linnen, déi op all Arrêt stoe bleiwen.
- D’Busser solle Méindes bis Freides all op mannst bis 22:00 fueren an och méi Sonndes (2-Stonnentakt).
- Zousätzlech ass fir de ländleche Raum nach ee Ruff-Bus-System virgesinn.
Fir Informatiounen zu den uschléissende Froen & Äntwerten klickt hei.