Wou fannen ech mäi Gléck?

Hu Dir Iech schonn d’Fro gestallt wat Gléck fir Iech ausmécht?

De Wëssenschaftler Viktor Frankl huet rausfonnt, dass ee Mënsch méi zefridden ass wann:

  • en ee Sënn an een Zweck a sengem Liewen huet
  • e sech mat deem zefridde gëtt wat en huet.

Dat heescht, wa mir eis alles kafe wouvu mir dreemen, gi mir net onbedengt méi glécklech!

Par contre, wa mir eiser eegener Leidenschaften oder Berufung noginn a mat kompletter Iwwerzeegung a voller Kraaft versichen eis perséinlech Zieler ëmzesetzen, maache mir net nëmmen eis selwer glécklech, mee mir maachen och anerer frou!

 

Kuckt oder liest di schéinste Geschicht iwwer d’Gléck a gewannt ee Bam!

An der wonnerschéiner Geschicht vum Jean Giono „Der Mann der Bäume pflanzte“ léiere mir den Elzéard Bouffier aus der Provence kennen, dee saï Liewen laang Beem geplanzt huet.

De Film vun der Geschicht kennt Dir hei kucken:

Den däitschen a franséischen Text fannt Dir hei: http://www.pinetum.org/GionoDE.htm! Gutt Lektüre!

Quiz-Fro:
Wat ass alles mat de Bëscher, déi den Elzéard aleng ugeplanzt huet, rëmkomm?

Wann Dir eng Äntwert op des Fro wësst, da schéckt eng Mail bis den 15. Januar 2016 mat ärer Äntwert op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! oder per Post un den EnergieAtelier 33, grand rue L-8510 Réiden! Vergiesst net äre Numm an Adress mat unzeginn!!

Ze gewannen gëtt et ee Bam am Wert vun 100€ vun der asbl Op der Schock!