Léif Leit alleguer,
D'Flüchtlingshëllef leeft op Volltouren, an den OLAI an d' Flüchtlingsstrukturen sinn hoffnungslos iwwerlaascht vun all de gutt gemengten Aktiounen vun de Leit, fir Gezei, Iessen a soss wellech Saachen ze spenden. Fir dass sou gutt gemengten Aktiounen e Succès hunn an net zu Frustratiounen féieren, well se net méi kënnen ugeholl ginn, ass et besser, et gëtt ee sech eng Struktur, fir dës Aktiounen zentral ze koordinéieren an sech ze konzertéieren, wat wou gebraucht gëtt.A wa mir dann iwwer kuerz oder laang och eng Flüchtlingsstruktur an de Kanton kréien, oder Flüchtlingsfamillen bei eis opgeholl solle ginn, da si mir gutt virbereed, souwuel materiell wéi organisatoresch a logistesch. Agéieren statt reagéieren ass ëmmer besser, da gëtt een net kal erwëscht.
Duerfir wëlle mir en Aarbechtsgrupp zesummesetzen, deen en Noutfallplang ausschafft fir sou Situatiounen.
Mir kucken, wou et Méiglechkeete gëtt, fir Leit ënnerzebréngen, wa mir vun der Regierung opgefuerdert ginn, der opzehuelen, a wou eng zentral Struktur kéint hikommen, wann dat de Fall solt sinn. Sou steet keng Gemeng eleng do mat der Situatioun, mee kritt Hëllef vum ganze Kanton. Et gëtt scho Gemengen, déi ganz aktiv amgaange sinn, Ënnerkënft z'organiséieren .
Da kucke mir, wou en Depôt méiglech ass, fir Saachen ze stockéieren, déi un d'Flüchtlingen verdeelt solle ginn. Do kënnt alles hin, den Triage gëtt organiséiert vun allem, wat erakënnt, fir dass mir gesinn, wat mir hunn, fir ze verdeelen, a wat nach gebraucht gëtt - do kann dann erëm gezielt opgeruff ginn, dat ze bréngen. Da gëtt dat kee sou e Chaos a mir kréien déi Saachen, déi wierklech gebraucht ginn.
Da maache mir Lëschten mat all deene Benevolen, déi sech mellen, fir ze hëllefen, sief dat am Triage, am Saache siche goen resp. se an d'Strukturen ze féieren, beim Hëllefen, eis Sprooch/Schrëft bäizebréngen, asw. Mir froen, ween wat fir eng Hëllef ubidde wëll a wéini en disponibel ass.
Mir wëlle mat den Dokteren, mat den Apdikten, mat de kierchlechen Organisatiounen, mat de karitativen Ariichtungen (Croix-Rouge, Caritas, ... ), mam OS Care a mat den Geschäfter an Entreprisen aus dem Kanton zesummeschaffen.
Dofir hei en Opruff un d'Gemengen, d'commissions d'intégrations, all Veräiner a Clibb, all Organisatiounen, all Geschäftsleit an all Privatleit - wann dir eppes wëllt fir d'Flüchtlingshëllef maachen, da wend iech un den Aarbechtsgrupp vum Réidener Kanton, fir dass mir dat gemeinsam ugoe kënnen. Mir wäerten en Internetsite ariichten, wou dir iech kënnt informéieren an aschreiwen, dee mir op den Internetsite vun de jeeweilege Gemengen wäerte setzen an d'Kontaktadress vum Aarbechtsgrupp an de Gemengebued vun alle Gemengen publizéieren.
Bis dat steet, kënnt dir är Gemeng kontaktéieren, déi är Donnéeën an är Iddien sammelt an un den Aarbechtsgrupp weiderleet.
Villmools Merci am viraus fir är Mathëllef!!

De Réidener Kanton