Version française:

 

14 septembre

Ballade au Clair de Lune

10,6km sur des chemins ruraux et cyclables

 

Départ: 20h00

Café des Sports

38, Haaptstrooss

L-8530 Ell

 

Nous roulons ensemble la randonnée de 10,6km (140m de dénivelé positif) au clair de lune et si le ciel est dégagé, avec une superbe vue sur le firmament au-dessus de la vallée de l'Attert.

Au retour, une soupe aux légumes provenant du Canton et preparée par la Société Coopérative Op der Schock sera servie.

Idéal pour les familles avec enfants!

Prix: 7,5€ / Beki

Inscription indispensable avant le 9 septembre:

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!   T 26 62 08 01 22

Hëlleft Är Gemeng an Äre Kanton erëm op de Podium ze bréNgen a fuert an den 21 Deeg vun der Aktioun "Tour du Duerf" sou oft wéi méiglech mam Vëlo. Wouhinn Dir fuert (Aarbecht, Fräizäit, Sport, Akafen,...) ass egal.

All Awunner aus dem Kanton Réiden ka matmaachen, wéi och d'Persounen, déi an der Gemeng schaffen oder hei an engem Veräin sinn.

Wéi kann ech matmaachen?

1) Entweder registéiers Du Dech iwwer www.tourduduerf.lu. Du kanns engem bestehenden Team (Bsp. "Offenes Team" fir all déi, déi keen eegent Team wëlle grënnen, bäitrieden) oder Däin eegent Team grënnen. All Kilometer, deens Du fiers, w.e.g. androen!

2) All Deng Kilometer opschréiwen a eng Foto dervunner mam NUMM a GEMENG op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! schécken.

D'Kilometer-Angaben baséieren op Vertrauen.

Mir soen Iech villmools Merci fir d'Matmaachen!

Nach Froen: Mobilitéitsatelier  T. 26 62 08 01 22   

De 27. September huet eng Konferenz iwwer nohalteg Mobilitéit zu Réiden an der Aula statt fonnt. Di zwee Vertrieder vum Nohaltegkeetsministère, Alex Kies a Yan Steil, hunn fir d'éischt di nationale Mobilitéits-Strategie MODU 2.0. virgestallt. Hei ass den Akzent op d'Wichtegkeet vun der aktiver Bedeelegung vun de 4 Akteuren - Bierger, Aarbechtsgeber & Schoul-Ariichtungen, Gemengen a Staat - geluecht ginn. Eng nohalteg Mobilitéit ka nëmmen zesummen erreecht ginn.

Wat kann de Staat maachen? De Staat fixéiert de legale Kader, hee gëtt d’Richtung fir d’Mobilitéitsentwécklung un duerch seng Investitiounen an d’Infrastrukturen, duerch d’Offer am ëffentlechen Transport an duerch seng Planung vum ëffentleche Raum.

Wat kënnen d’Gemenge maachen? D’Gemengen gestalten den ëffentleche Raum, deen d’Awunner dozou leet ee bestëmmten Verkéiersmëttel ze notzen.

Wat kënnen d’Employeure maachen? Si kënnen hier Mataarbechter dozou encouragéieren, Co-Voiturage ze maachen, si kënnen den mPass offréieren oder flexibel Aarbechtszäiten / Télétravail erlaben, si kënnen Service-Vëloen an Duschen mat Vestiairen zur Verfügung stellen.

Wat kënnen d’Bierger maachen? De Bierger huet de Choix tëschent de verschiddene Verkéiersmëttel a ka seng Gewunnechten regelméisseg iwwerdenken. Heizou kënne folgend App’en benotzt ginn:

  • Fir den ëffentleche Verkéier: mobilitéit.lu  
  • Fir Fahrgemeinschaften: copilote.lu     

 

Folgend Informatiounen sinn zum geplangte Busnetz matgedeelt ginn:

  • Am Fréijor 2019 soll d’Detailplanung vum neie Busnetz ofgeschloss sinn an der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. D’ Ëmsetzung soll an der 2. Halschent 2019 ufänken a bis 2021 daueren.
  • D’Lëtzebuerger Land gëtt a verschidde Secteuren (Réidener Kanton gëtt zB. Secteur “8”) agedeelt an et gëtt eng kloer Nomenklatur agefouert fir Schnellbusser (8-01), Normal Linnen (8-10, 8-11), Sekundärlinnen (8-31) an Transversal Linnen(8-50).
  • Et si Schnellbusser virgesinn, déi an all Uertschaft just 1x stoe bleiwen, fir méiglecht séier a kompetitiv par Rapport zum Auto ze sinn. Do dernieft ginn et och nach ëmmer Normal Linnen, déi op all Arrêt stoe bleiwen.
  • D’Busser solle Méindes bis Freides all op mannst bis 22:00 fueren an och méi Sonndes (2-Stonnentakt).
  • Zousätzlech ass fir de ländleche Raum nach ee Ruff-Bus-System virgesinn.

Fir Informatiounen zu den uschléissende Froen & Äntwerten klickt hei.

Mir hunn eis Entscheed den Domain Numm vu krk (Klimapakt Réidener Kanton) op klima.lu ëmzeänneren.  

Mir denken, dass deen Numm dach méi logesch kléngt a besser ze verhalen ass. Doduerch sinn d'Facebook Counteren op Null gesat ginn. Dat heescht Liken vun Artikelen ginn nees bei 0 un.

Mir hoffen Iech reegelméisseg rëm ze gesinn op klima.lu.

A Punkto Klimaschutz ass et ze spéit fir pessimistesch ze sinn, an dofir freeën mir eis op eng konstruktiv, nohalteg Approche vun de Bierger aus dem Réidener Kanton an natierlech och wäit iwwer des Grenz eraus. Den ekologesche Gedanken kann een och op de Weltfridden iwwerdroen a mir wënschen eis dofir ee Mateneen an dass mir Mënschen et iergendwann fäerdeg bréngen besser mateneen eens ze ginn. Mir aus dem Réidener Kanton si géint de Friemenhaass .

d'Equipe klima.lu 

 

Interview mam Serge Hermes, Fierschter an der Gemeng Rammerich a Responsabel vum Naturerliewniszentrum Burfelt

Hutt Dir well Auswierkunge vum Klimawiessel an äre Bëscher ze spiere krut? Wéi mécht sech dëst bemierkbar?
De Joresnidderschlag ass hei um Rammericher Plateau an de leschte Joren zréckgaangen: soss louche mer am Duerchschnëtt bei ronn 1000 mm pro Joer. Di leschte Jore sinn et der däitlech manner (cf. Grafik). Gläichzäiteg ass och d’Joresduerchschnëtts-Temperatur erop gaang, wat Auswierkungen op d’Waasserverdonstung mat sech bréngt. Dëst bedeit ee grousse Stress fir eis Beem, déi zum Deel schonn 140-180 Joer an eise Bëscher stinn (Laafbeem). D’Blieder ginn, als Reaktioun, ze fréi ofgeworf a wann dëse Stress iwwer Joren unhält, da stierwen d’Beem of.

A wéi wann dat alles net géing duergoen, kënnt da nach de Borkenkeefer derbäi…
De Borkenkeefer-Befall beim Nolenholz, a speziell bei de Fiichten, ass nëmmen eng Konsequenz vum Klimawiessel. De Bam ass duerch d‘Hëtzt an Dréchent esou ofgeschwächt, dass e keng Kraaft méi huet fir géint de Keefer ze „kämpfen“. Et ass wéi wann een z.B. iwwer Joren ëmmer ze vill Zocker zou sech hëlt: am Ufank verdréit eise Kierper dat nach ouni Weideres, mee iergendwann streikt en an d’Krankheete fänken un. Bleift awer ze bemierken, dass et sech bei der Fiicht ëm eng Bamaart handelt, déi aus den alpine Regioune staamt an där hire natierlechen Optimum ebe bei engem méi héije Joresnidderschlag respektiv méi niddrege Joresduerchschnëtts-Temperature läit.

Wat ass Är Strategie an dësem Klimawiessel?
Eis Strategie ass haut eng aner wéi virun e puer Joerzéngten. Mir schwätze vun engem adaptive Bësch-Management, also enger naturnoer integrativer Virgoensweis. Dat heescht: Ausnotzung vun natierleche Prozesser (biologische Automation) an de Bësch sech méi selwer iwwerloossen.
Eis Strategie ass doriwwer eraus fir déi ugeschloen oder ofgestuerwe Beem stoen ze loossen, natierlech nëmme wann se keng Gefor duerstellen. Woumat gläichzäitig och den Al- & Doudholzundeel an eise Bëscher klëmmt. Reng Nolebestänn gi lues a lues a Mëschbestänn mat Laafbeem (Naturverjüngung) iwwerfouert. D’Doudholz bréngt d’Beschattung vum Bëschbuedem mat a verbessert gläichzäitig d‘Wasser-Retentioun an d’Biodiversitéit am Bësch. Holz späichert nämlich wärend der Zersetzungsphase enorm Quantitéiten u Waasser.

Dat heescht, dass manner Holz aus eise Bëscher erausgeholl gëtt?
Natierlech notze mir och weiderhin dee wäertvollen erneierbare Rohstoff Holz. Mir konzentréieren eis heibäi awer virun allem op d’Fërderung vu Wäertholzbeem (eenzel Prachtexemplaren), déi dann och schlussendlich genotzt ginn. Eise Management soll sech also op dat aller Weesentlechst beschränken. De Bëschbuedem bleift soumat, dank enger Dauerbestockung, ëmmer „à l’abri“. Et ass deemno eng Erausfuerderung fir ee gesonden Equiliber tëscht den ekologischen, ekonomischen a soziale Leeschtunge vum Bësch ze fannen, woubäi bei allen Entscheedungen, de Klimawandel a seng Konsequenze musse mat abezu ginn.