Laurent Schaus vun Ell: Velo,.. Bus,.........Auto

“Vrun 100 Joer gouf et dat Wuert “Mobilitéit” nach nit. D’Mobilitéit, oder vill méi dat wat mir haut drënner verstinn, ass réischt richteg mat der Auto-Industrie opkomm. Do virdrun hunn mir do gewunnt wou mer geschafft hunn, wou mer eis Fräizäit verbruecht hunn an wou mer akafen gaang sinn. Alles wor ze fouss ze erreechen oder am schlëmmsten Fall mam Päerd.

Mam Auto sinn des Distanzen op eemol ëmmer méi grouss ginn: mir wunnen zu Ell, schaffen an der Stad oder soss anzwousch, maachen eisen Sport zu Klierf an fueren mam Auto an een Hypermarché iergendswou akafen. Natierlech hunn mir mam Auto ganz vill Fräiheete gewonnen, mir kennen egal wou, egal wéini, hifueren (Op mir ukommen ass eng aner Fro). Mee dëse Gewënn huet och vill negativ Konsequenzen mat sech bruecht: Loftverschmotzung, Stau, Kaméidi, Accidenter, Ausstierwen vum Handel an den Dierfer, sozial Entfremdung... Den Auto hellt eis mindestens genee sou vill Fräiheet wéi en der bréngt. Den Auto huet eist ganzt Liewen komplett am Grëff, genee sou wéi een Virus den Computer.

Och ech hat dee Virus erwëcht an hunn en nach ëmmer, mee ech probéieren ëmmer manner Auto ze fueren. Ech benotzen de Vëlo quasi ëmmer fir op d ‘Schaff. A fir professionell oder privat Trajet‘en an d‘Stad oder op Esch, huelen ech oft den Bus & Zuch.

Ech verstinn, dass de Bus nit fir jiddereen ëmmer di perfekt Léisung ass, mee ech mengen awer, dass vill Mënschen erstaunt wieren iwwert de Gewënn un Liewensqualitéit, wann si öfters den ëffentlechen Verkéier géingen benotzen. Et muss een sech einfach eng Kéier trauen an bestëmmt geet et besser wéi een mengt!”

Laurent Schaus vun Ell