Och d’Famill Kugener huet beim hirem neien Haus op Nohaltegkeet gesat an am Gaart schafft di ganz Famill aktiv mat! Als Enseignant leet de Romain grousse Wäert op praktescht Léieren dobaussen an der Natur.

Dir hutt viru 4 Joer äert Haus gebaut an hutt gutt op d‘Nohaltegkeet Uecht ginn. Wat hu Dir alles ëmgesat?

Mir hunn en Niddregenergiehaus gebaut. Mat eiser Photovoltaik-Anlag produzéiere mir op mannst duebel souvill Stroum iwwer d’Joer gesinn, wéi mir am Haus verbrauchen. A mat eiser thermescher Solaranlag, déi un eis Heizung (Stéckholz a Pellets) gekoppelt ass, produzéiere mir waarmt Waasser. Mir kënnen sou am Summer eis Heizung komplett ausmaachen, wëll d’Sonn eist Waasser wiermt.

Mir sammelen d’Reewaasser fir eis Toiletten an eise Gaart a mir hu versicht eist Haus méiglechst gutt z’isoléieren, dass keng Hëtzt verluer geet. Mam Lehmbotz op eise Bannewänn si mir immens zefridden. Di leschten Zäit hu mir eis vill am Gaart druginn, wou di ganz Famill matschafft a kierzlech ass eis Kraider-Spiral fäerdeg ginn.

Och de Jim an d’Jo leeën eng Hand mat un?

Ganz genau, bei der Erzéiung ass et eis ganz wichteg, dass d’Kanner léiere sëlwer eppes ze maachen a Spaass derbäi hunn. Si sollen alles kënnen ausprobéieren (och am Bulli spillen) an hier eegen Erfahrunge maachen, dat geet vun Tomaten uplanzen, baken, bis Hunneg schleideren. Sou verstinn si besser vu wou d’Saachen hierkommen, wéi vill Aarbecht derhannert stécht a wäertschätzen alles méi.

Romain, als Enseignant versicht Du och d’Schoulkanner oppen ze maache fir eis eenzegaarteg Natur!

Virun dräi Joer hunn ech decidéiert mech op d’Niewefächer ze konzentréieren a keng Haaptfächer méi z’enseignéieren. Dat erlaabt et mir méi Zäit ze hunn de Kanner d’Theorie vun de Sciencen an der Praxis “erliewen” ze dinn. Vill Kanner sinn de ganzen Dag an dem Schoulgebai an hunn de Bezuch zu dobaussen, der Natur, de Joreszäite verluer. Ech versichen se mat Projeten, wéi dem Schoulgaart, de Beien, dem Projet “Vigel am Wanter”, Ausflich, hirem Natur-Tagebuch... erëm méi receptiv fir hiert Ëmfeld ze maachen.

Dat kënnt bestëmmt gutt u bei de Kanner?

Jo, d’Kanner si begeeschtert fir dobaussen ze schaffen. Mäin Ziel ass, dat si wat an de Bicher steet, mat den Hänn, dem Kapp an mam Häerz erliewen kënnen. Si solle léieren, d’Saache vu verschiddene Säiten ze kucken an ze verstoen: ekologesch, ekonomesch, geschichtlech, sozial... Da verstinn se och firwat d’Theorie gutt ass a kënnen sech kritesch mat eppes ausernee setzen.

Är Klasse bidden och regelméisseg hier sëlwer produzéiert Produkter um Rammericher Maart un.

Richteg, d’Schoulkanner bidden hir Produkter um Rammericher Maart un: am Mee Setzplanzen, ab Juni d’Geméis aus dem Schoulgaart an Hunneg, deen si selwer geschleidert hunn. Sou verstinn si net just, wéi di ganz Produktiounskette funktionéiert, mee sinn och nach mat Recht ganz stolz op hier Aarbecht!

Bravo fir är immens flott Projeten a vill Freed & Energie fir d’Zukunft!

Méi Info fannt Dir hei: www.schoul-kietscht.lu -> Naturschoul