D’Manuela an den Alain sinn 2003 an hirt neit Haus zu Wahl geplënnert, no bei hirer Arbecht fir net mussen den Auto ze benotzen. Bei der Planung vun hirem Haus hu si sech Zäit gelooss fir ee gutt duerchduechten, hire Liewensgewunnechten ugepasstent, komplett ekologescht a bal autonomt Haus ze entwerfen. 

Wéi hu Dir beim Bau vun ärem Haus op d‘Ëmwelt opgepasst ?

Ëmweltschutz ass eng Liewensastellung: bei allem wat mir maache, versiche mir d’Ëmwelt méiglechst optimal ze respektéieren. Mir hunn 2003 eist Holzhaus mat ekologesche Materialie gebaut. Ënnert eiser Wiss hu mir Kollektore fir d’Äerdwiermt ze notzen, kompenséieren eise Stroumverbrauch mat enger Photovoltaik-Anlag op eisem Daach a sammelen d’Reewaasser fir eis Toiletten.

Et war ëmmer kloer, dass mir sou vill wéi méiglech mat regionale Firme géinge schaffen, wat och immens gutt geklappt huet. Bannen am Haus hu mir vill selwer gemaach, wéi zum Beispill de Lehmbotz. Mir si ganz zefridde mat eisen Entscheedungen a sinn 2008 mam Label vun der Grénger Hausnummer fir nohaltegt Bauen ausgezeechent ginn.  

An ärem Gaart gesinn ech net just Geméis, mee och vill schéi Blummen, e puer Inten an zeguer eng Kanéngchen fräi ronderëm lafen.

An eisem Gaart wëlle mir d’Natur e bësse gewäerde loossen, et gesäit fir verschidde Leit zimlech wëll aus, mee d’Déieren a mir si frou! A mir fannen di Diversitéit, déi sou entsteet, immens!

Manuela: Am Geméisgaart hunn ech gekuckt, wat fir Blummen sech mat wat fir engem Geméis gutt verdroen an déi zesumme gesat. Als Beispill geet d’Courgette gutt mat den Dahlien-Blummen an d’Tomate mam sténkegen Houfert.

De Schleeken huet et och gutt an eisem Gaart gefall! Dofir hu mir eis Laafinten ugeschaaft an hu lo keng Schleeke méi!

Wat ass Iech wichteg am Liewen?

Mir wëllen eise Kanner eng Welt hannerloossen an där si Freed hunn ze liewen a wou d‘Mënschen zesummen an net géinteneen liewen.

Wann Dir 3 Wënsch hätt, wieren déi... ?

  • Keng Kricher méi
  • Eng gerecht Verdeelung a keng Habgier, well wat ee méi huet, wat ee méi onzefridden as
  • All Mënsch soll versichen no senge Méiglechkeeten zu enger besserer Welt bäizedroen. Firwat net ufänken sech um Trottoir Moien ze soen an dem Géigeniwwer ee Laachen ze schenken

De Philippe Welter ass zu Heeschpelt opgewuess. Virun 10 Joer huet hien zesumme mat senger Famill een alt Bauerenhaus hei kaf a renovéiert an deem si elo all Weekend a Vakanz verbréngen. Hannert dem Haus hu si ee Bongert an ee Geméisgaart ugeluecht.   

Wéi ass et zu ärem Bongert komm?

Mir hunn eist Haus 2006 kaf, dat du komplett sanéiert gouf. Souwuel fir d’Haus, wéi och fir de Gaart, hu mir eis eng ekologesch Conceptioun gewënscht. Well ronderëm eisen Terrain vill Monokulture stinn, war eis Iddi eppes fir d‘Biodiversitéit ze maachen:

Komm mir planze méiglechst vill verschidden Hecken a Beem un, am beschte Friichtebeem, da produzéiere mir net nëmme propper Loft, mee och nach eppes Guddes fir z’iessen!

Fir kënnen ee grousse Bongert unzeplanzen, hu mir nach Terrain hannert dem Haus bäi kaf.  Elo sti 86 Uebstbeem vu 25 verschiddene Lëtzebuerger Aarten an eisem Bongert a laanscht di ganz Alentouren ass eng eenheemesch Mëschheck gesat ginn.

Dir hutt jo ee richtegen Eden-Gaart geschaafen! Klappt alles sou wéi Dir Iech dat virstellt?

De Moment si mir am Experimentéier-Stadium a kucke wat op dem relativ aarme Buedem (Lehm mat Schifer) ukënnt. Mir benotze keng Pestiziden, all Déiere si bei eis wëllkomm! Am Bongert loosse mir d‘Wiss bewosst wuessen, et spréisst, bléid a summt iwwerall.

Wat ass är Motivatioun fir souvill Beem, Hecken a Geméis unzeplanzen?

Mir schaffen Allenzwee de ganzen Dag am Spidol, hu vill Stress a wéineg roueg Momenter. Am Gaart kënne mir super ofschalten. Et mécht immens vill Freed ze experimentéieren!

Philippe W.: Ech si mat Friichtebeem grouss ginn, et war sou flott fir einfach eppes vum Bam ze plécken an an de Mond ze stiechen.

Anne W.: Ech si mat engem Geméisgaart grouss ginn, d’Geméis am Supermarché konnte mir eis net leeschten. Dat eegent Geméis schmaacht och souwisou vill besser!

Wéi si Dir virgaange bei der Renovatioun vum Haus?

Mir wollten d’Séil vum ale Bauerenhaus erhalen an hu méiglechst vill Material erëm genotzt. Eise Wonsch war et autark ze ginn a sou ekologesch wéi méiglech ze bauen: Hëtze maache mir mat Geothermie, mir produzéieren eisen eegene Stroum mat eiser Photovoltaik-Anlag a fänken d‘Reewaasser op fir d’Toiletten an de Gaart. Ass eist Drénkwaasser net ze Schued fir domadder d’Toilett ze spullen? Et war eis ganz wichteg, just mat Lëtzebuerger a wa méiglech lokale Firmen ze schaffe fir di regional Économie z’ënnerstëtzen.

Bestëmmt hu Dir nach vill nei spannend Projeten, verrot Dir eis nach een zum Schluss?

Mir wënschen eis eenheemesch Beien als Awunner an eisem Gaart, dowéinst hu mir och scho Beie-Course suivéiert. A wéi wier et mat enger klenger Wandmillen hannen am Gaart?

Och d’Famill Kugener huet beim hirem neien Haus op Nohaltegkeet gesat an am Gaart schafft di ganz Famill aktiv mat! Als Enseignant leet de Romain grousse Wäert op praktescht Léieren dobaussen an der Natur.

Dir hutt viru 4 Joer äert Haus gebaut an hutt gutt op d‘Nohaltegkeet Uecht ginn. Wat hu Dir alles ëmgesat?

Mir hunn en Niddregenergiehaus gebaut. Mat eiser Photovoltaik-Anlag produzéiere mir op mannst duebel souvill Stroum iwwer d’Joer gesinn, wéi mir am Haus verbrauchen. A mat eiser thermescher Solaranlag, déi un eis Heizung (Stéckholz a Pellets) gekoppelt ass, produzéiere mir waarmt Waasser. Mir kënnen sou am Summer eis Heizung komplett ausmaachen, wëll d’Sonn eist Waasser wiermt.

Mir sammelen d’Reewaasser fir eis Toiletten an eise Gaart a mir hu versicht eist Haus méiglechst gutt z’isoléieren, dass keng Hëtzt verluer geet. Mam Lehmbotz op eise Bannewänn si mir immens zefridden. Di leschten Zäit hu mir eis vill am Gaart druginn, wou di ganz Famill matschafft a kierzlech ass eis Kraider-Spiral fäerdeg ginn.

Och de Jim an d’Jo leeën eng Hand mat un?

Ganz genau, bei der Erzéiung ass et eis ganz wichteg, dass d’Kanner léiere sëlwer eppes ze maachen a Spaass derbäi hunn. Si sollen alles kënnen ausprobéieren (och am Bulli spillen) an hier eegen Erfahrunge maachen, dat geet vun Tomaten uplanzen, baken, bis Hunneg schleideren. Sou verstinn si besser vu wou d’Saachen hierkommen, wéi vill Aarbecht derhannert stécht a wäertschätzen alles méi.

Romain, als Enseignant versicht Du och d’Schoulkanner oppen ze maache fir eis eenzegaarteg Natur!

Virun dräi Joer hunn ech decidéiert mech op d’Niewefächer ze konzentréieren a keng Haaptfächer méi z’enseignéieren. Dat erlaabt et mir méi Zäit ze hunn de Kanner d’Theorie vun de Sciencen an der Praxis “erliewen” ze dinn. Vill Kanner sinn de ganzen Dag an dem Schoulgebai an hunn de Bezuch zu dobaussen, der Natur, de Joreszäite verluer. Ech versichen se mat Projeten, wéi dem Schoulgaart, de Beien, dem Projet “Vigel am Wanter”, Ausflich, hirem Natur-Tagebuch... erëm méi receptiv fir hiert Ëmfeld ze maachen.

Dat kënnt bestëmmt gutt u bei de Kanner?

Jo, d’Kanner si begeeschtert fir dobaussen ze schaffen. Mäin Ziel ass, dat si wat an de Bicher steet, mat den Hänn, dem Kapp an mam Häerz erliewen kënnen. Si solle léieren, d’Saache vu verschiddene Säiten ze kucken an ze verstoen: ekologesch, ekonomesch, geschichtlech, sozial... Da verstinn se och firwat d’Theorie gutt ass a kënnen sech kritesch mat eppes ausernee setzen.

Är Klasse bidden och regelméisseg hier sëlwer produzéiert Produkter um Rammericher Maart un.

Richteg, d’Schoulkanner bidden hir Produkter um Rammericher Maart un: am Mee Setzplanzen, ab Juni d’Geméis aus dem Schoulgaart an Hunneg, deen si selwer geschleidert hunn. Sou verstinn si net just, wéi di ganz Produktiounskette funktionéiert, mee sinn och nach mat Recht ganz stolz op hier Aarbecht!

Bravo fir är immens flott Projeten a vill Freed & Energie fir d’Zukunft!

Méi Info fannt Dir hei: www.schoul-kietscht.lu -> Naturschoul

De Raymond Reiners ass Member am Wahler Klimateam. Wann een eppes iwwer Ëmweltschutz an erneierbar Energie kennt, dann de Raym! Virun iwwer 25 Joer huet hien di éischt Lëtzebuergesch Firma fir Solaranlage gegrënnt a war laang aktive Member am Mouvement Écologique.

Et ass schwéier, méi ee schéinen an op Nohaltegkeet fokusséierten Albau an der Ëmgéigend ze fanne wéi äert Doheem!! Wéi ass et dozou komm?

Eist Haus ass vun 1853, wéi mir et virun 30 Joer kaf hunn,  hu mir et komplett mat Natur-Materialie sanéiert. Viru 25 Joer hu mir eis thermesch Solaranlag a viru 15 Joer eis éischt Photovoltaik-Anlag installéiert. Deemools hu mir och eis Masuttsheizung mat enger Pelletheizung ausgetosch. Mir hate vun Ufank un eis Reewaasser-Anlag mat agebaut, spueren doduerch effektiv d’Halschent vun eisem Drénkwaasser-Verbrauch an. An am Gaart planze mir een Deel vun eisem Geméis an Uebst un.

 

Bei Iech am Gaart fënnt ee vill flott Beispiller vu Recycling oder zeguer Upcycling!

Mir versichen de Saachen een 2. Liewen ze ginn! Sou hu mir aus engem ale Wantergaart vun engem Kolleg eng Serre gebastelt. An aus enger Betongs-Zetär, déi een Ausstellungs-Stéck war, hu mir een Hochbeet gemaach.

 

Wat sinn d‘Wäerter, déi Dir äre Kanner mat op de Wee ginn hutt?

Virun allem Respekt, Respekt virun der Natur an den anere Mënschen. Et war eis och wichteg, dass eis Kanner ëmmer konnte fräi dobaussen an der Natur spillen, Hütte bauen, sëlwer eppes maachen an dorops stolz sinn.

 

Raym, Du hues 1990 di éischt Firma fir Solaranlagen, Topsolar, zu Lëtzebuerg, gegrënnt. Wéi ass alles ugaangen?

Eis Stuff war den éischte Büro vun Topsolar! Di éischt 2 Joer war et eng Ee-Mann Firma an ech hunn deemools schonn, genau wéi haut, thermesch Solaranlagen, Photovoltaik a Reewaasser-Anlagen installéiert. Mat der Aféierung vun de staatleche Bäihëllefe fir erneierbar Energien, ass d’Demande eropgaangen. Gläichzäiteg ass d’Konkurrenz awer ëmmer méi grouss ginn. Haut schaffen insgesamt 8 Persoune fir Topsolar a virun engem Joer ass den Denis, mäi Fils, mat dobäikoum. Mir fannen, dass mir lo grouss genuch sinn a wëlle bewosst net weider wuessen. 

 

Wat fir ee Potenzial huet d’Sonn an Dengen Aen?

D’Sonn ass alles, d’Sonn ass Liewen! Ouni Sonn kee Wand, keng Beem a keen Holz! Och d’Wärmepompel fonctionnéiert just dank der Sonn! Ech sinn zouversiichtlech, dass 2050 op mannst 80% vun eisem kompletten Energie-Bedarf (Mobilitéit inklusiv) vun erneierbaren Energie gedeckt wäerte ginn.

 

Zum Schluss nach, bass de zefridde mat Dengen Elektro-Auto?

Ech sinn immens zefridden! Den Energieverbrauch läit ëmgerechent a Liter Masutt bei 1,5 Liter pro 100 km, ass dat net super? Am Summer kann ech bis zu 150 km mat enger voller Batterie fueren. An den Auto fiert natierlech mat gréngem Stroum vun EIDA!

De Patrick Loesch ass Member am Wahler Klimateam an huet zesumme mat senger Fra, dem Marianne, besonnesch beim Bau vun hirem Haus zu Bëschrued op Nohaltegkeet gesat. Nieft dem Haus hunn si ee Geméisgaart an ee Bongert ugeplanzt.

Dir hutt Äert neit Haus dohinner gebaut, wou virdrun de Grousselteren hiert Bauerenhaus stoung?

Genau, dat alt Haus war an engem schlechten Zoustand. Mir hunn et 2013 ofgerappt an eis entscheet ee Niddereg-Energiehaus (A/B) op déi selwecht Platz ze bauen. Mir hunn eis informéiert, wéi een di traditionell Bauweis ka mat erneierbaren Energien verbannen, och wann déi Energieklass deemools nach nit erfuerdert war. Duerch eng gutt Isolatioun brauch eist Haus net vill Energie, eis al Scheier awer ëmsou méi, wéinst de fiichte Maueren. Wëll eist Haus nit ënnerkellert ass, notze mir d’Scheier als Keller an als Lagerraum fir Holz.

Dir hëtzt also mat Holz?

Jo,  mir hunn eng kombinéiert Heizung, déi souwuel Holzhackschnëtzel wéi och Pellets verbrenne kann. Mir hu genuch Holz aus eegene Bëscher, sou dass mer just am Noutfall missten op Pellets auswäichen. Doduerch dass d’Heizung geregelt ass- se geet aus soubal de Puffer voll ass- verbrenne mer just souvill wéi mer tatsächlech brauchen.

Si Dir zefridde mat ärem Choix?

Jo, mir si ganz zefridden. Vill Leit mengen, dass mir d‘Fënsteren nit kënnen opmaachen, well mir eng Lüftlungsanlag oder ee Niddregenergiehaus hunn. Dat stëmmt nit! Wat mir awer festgestallt hunn, ass, dass sou Haiser een aneren Ënnerhalt brauchen, z.B.  d‘Filtere vun der Lüftungsanlag musse regelméisseg gebotzt ginn, wat vill Leit nit wëssen. Wann een sech nit mat der Saach ausernee setzt an den Ënnerhalt vernoléissegt, da gëtt een net zefridden an de modernen Haiser, well Villes nit sou funktionéiert wéi erhofft.

Dir fuert d’Traditioun vum Gaart, dee fréier zu all Haff gehéiert huet, weider?

Richteg, mir hunn zënter leschtem Joer een Hochbeet. Mir sinn alle béid mat engem Geméisgaart opgewuess a wollten och dem Yann weisen, wou d’Geméis hierkënnt. Virun 2 Joer hu mir och Uebstbeem an eis Wiss geplanzt.

Dir produzéiert och Öko-Stroum?

Um Daach vun der Scheier hu mir eng 15 kWp-Photovoltaik Anlag leien, déi deckt eisen Eege-Verbrauch op mannst 3-mol of. Mir haten des Daachfläch op der Scheier zur Verfügung an et war evident se ze notze fir sou eise Beitrag fir eng propper Energie-Versuergung ze maachen.

Wat ass äre Message un d’Lieser vun der Synergie?

Mir wëllen nach eng Kéier ënnersträichen, dass ee sech muss mat der neier Art a Weis fir ze bauen auserneesetzen fir se ze verstoen. Och bedeit Niddregenergie-Haus nit onbedingt modern Architektur, mir hunn vu baussen een “aalt” Bauerenhaus.

De Stefan ass Conseiller am Wahler Gemengerot a fiert leidenschaftlech gäre Vëlo. Mee net nëmme bei der Mobilitéit, gëtt bei der Famill Meilinger versicht un d’Klima ze denken, och beim Bau vum Haus a beim Akafen vergiessen si d’Klima net.

D’Wahler Gemeng ass all Joer Gewënner beim “Tour du Duerf”. Virun allem Dir “pedalléiert” zu dësem super Resultat bäi!

Ech wunnen zu Wahl a fuere sou dacks et geet, meeschtens 4x d’Woch, mam Vëlo op meng Schaff zu Ettelbréck. Ech fueren och am Wanter, soulaang kee Glatäis ass. Während de méi däischtere Méint, benotzen ech ganz performant Luuchten. Ech kréien dann zwar gesot, ech géing wéi ee Krëschtbeemchen ausgesinn, mee Haaptsaach d’Autosfuerer gesi mech!

Well den direkte Wee iwwer d’Nationalstrooss ze geféierlech ass, fueren ech meeschtens iwwer méi kleng Stroossen (via Buerschent) op Ettelbréck, dat sinn dann ronn 24km.

Firwat Vëlo a net Auto? 

Et ass ee Geschenk moies um Vëlo ze setzen an der Sonn entgéint ze fueren. Déi Natur-Andréck an déi Rou sinn onbeschreiflech.... Um Vëlo erliewen ech super intensiv Momenter a komme ganz entspaant moies op der Aarbecht oder owes doheem un.

Ee ganz wichtegen Aspekt ass sécherlech och, dass ech mam Vëlo d’Natur manner belaaschten. Wann een d’Halschent vun senge Weeër mam Vëlo mécht, brauch een och just d’Halschent vum Sprit!

Dir sidd aktiv am Réidener Cycling Club Atertdall?

Jo, ech sinn do Trainer an Vize-President. Eist Ziel ass et d’Kanner op de Vëlo ze bréngen, hinnen de Spaass um Vëlosfueren ze vermëttelen. All Kand ass wëllkomm bei eis schnupperen ze kommen!

Wéi geféierlech ass et op eise Stroossen fir d’Vëlosfuerer?

Als Vëlosfuerer gëtt ee leider oft net als gläichwäertegen Verkéiersteilnehmer behandelt, et gëtt een oft ignoréiert a kritt d‘Virfahrt geholl. Ech fueren dowéinst extrem defensiv. Leider ass besonnesch op ville Plazen d’Infrastruktur fir de Vëlosfuerer nach net optimal an dowéinst muss ee wäit Ëmweeër a Kaf huelen. Den Auto huet zu Lëtzebuerg leider ëmmer di méi direkt Verbindung.

An trotz dem Risiko an de Geforen wëll Dir net op de Vëlo am Alldag verzichten?

De Gewënn beim Vëlofueren –  gutt fir d’Gesondheet an d’Ëmwelt, ee bessert Wuelbefannen an ee onvergläichbart Naturerliewnis - iwwerweit d’Geforen! Et ginn ëmmer Risiken, egal wat ee mécht! Als Medeziner stellen ech och d’Fro: Ass de Risiko vum Net-Sport-Maachen krank ze ginn net méi grouss op laang Siicht?

Beim Bau vun ärem Haus hu Dir vill ekologesch Kriterien beuecht?

Jo, am Aklang mat der Ëmwelt bauen wor eis immens wichteg. Eist Haus ass ee Niddreg-Energiehaus, gehëtzt gëtt haaptsächlech mat der Sonn (thermesch Solaranlag) a mat eisem Holz-Kacheluewen. Et ass ee supert Gefill am Summer ze duschen an ze wëssen, dass d’Sonn eist Waasser gehëtzt huet! Mir wollten kee sou grousst Haus a hu vill Wäert op Natur-Materialien geluecht.

An de Vakanzen ass bei Iech “back to the basics” ugesot?

An de Vakanze vermeide mir bewosst Fernreisen, Europa huet immens vill ze bidden! Mir si vill mat eisem “Bulli” ënnerwee a weisen eise Kanner, wéi ee mat wéineg gutt ka liewen!