Raoul Heusbourg vu Sëll: Back to the roots mat Permakultur
Opgewuess während enger Zäit vu Globaliséierung, Klimawandel a mënschlechem Ecocide, huet de Raoul sech viru 7 Joer op de Wee gemaach fir a verschiddenen Entwécklungslänner ze versichen ee positiven Impakt ze maachen. Gläichzäiteg huet hien alternativ Liewensweise kenne geleiert. No Jore voller Reesen, Bäiléieren an Introspectioun well hie lo mat der Hëllef vun der Permakultur hei am Land säin Zeeche setzen.
Wéi ass et dozou komm, dass mir lo hei am Bauerenhaff vun Denge Grousseltere stinn?
Eise Gesellschaftssystem ass esou ausgeriicht, dass mir laang an d’Schoul musse goe fir herno méiglechst vill ze verdéngen an eis Iessen akafe mussen. Mir gesinn eis Natur als Ressource un, déi mir vollkommen ausbeute kennen, ouni iergendwann eppes mussen zréck ze ginn. Déi Mentalitéit huet mech scho ganz fréi irritéiert an ech hunn ugefaang no Liewensweisen ze sichen, déi méi respektvoll mat der Natur ëmginn.
Ufanks 20 sinn ech während Joren duerch d’Welt gereest. Ech hunn ënner anerem, op ekologesch bewirtschaftete Bauerenhäff “gewooft” (méi Info: wwoof.net) a si mat der Permakultur a Kontakt komm. D’Permakultur hat een immensen Impakt op mech an huet mech och gläichzäiteg u meng Kandheet erënnert, wéi ech menge Grousselteren um Haff gehollef hunn. Zënter ech zréck zu Lëtzebuerg sinn, versichen ech, mat der Hëllef vu menger ganzer Famill, dem Haff nees neit Liewen anzehauchen.
Wat ass Permakultur?
Permakultur ass eng Ofkierzung fir 'Permanent Agrikultur' a schafft just mat den Elementer aus der Natur. D’Ziel ass dat vollt Potential vun all Plaz op der Welt kënnen ze erkennen a just mat deem ze schaffe wat d’Natur engem op der Plaz bidd, ouni brauchen op Sprëtzmëttelen, chemeschen Dünger, iwwerméisseg Energie-Ressourcen a wäiten Transport zréck ze gräifen.
Mir brauchen eng ganz nei Approche an eiser Liewensmëttelproduktioun, déi op Respekt a Wäert-Schätzung vun eiser Äerd baséiert. D’Permakultur erméiglecht eis zerstéierte Buedem ze regeneréieren an ee fruchtbaren, resilienten a nohaltege Produktiounssystem opzebauen.
Wéi wëlls Du dat lo ëmsetzen?
2016 ass d‘Joer vun den Experimenter, dësen Haff spruddelt nëmme vu Potential. Am Moment konzentréieren ech mech op de Gaart an d‘Produktioun vu gesondem Buedem, nieft aner méi klenge Projeten.
Et ass mir einfach wichteg dat traditionellt Wëssen iwwert Uplanzen, mat deem neie Wëssen aus der Permakultur ze verbannen an dat de Mënsche méi no ze bréngen.
Wat ass Däi Message un d’Lieser?
Wann‘s Du wëlls Deel vun dëser aktueller globaler ekologescher Transitioun sinn, da looss Dech vu näischt a kengem zréckhalen! An de Bicher an um Internet ass all Informatioun heizou fräi zougänglech. Maach just dat wouvun Du iwwerzeegt bass!
An der Permakultur, gëtt et fir all Problem eng ganz einfach Äntwert. Mat opwennegen, deieren high-tech Erfindunge léise mer menger Meenung no d’Problemer vun der Welt net, d’Léisung läit an der Erkenntnis an am Verstoe vun der Natur sou wei an eiser Verbindung zur Natur.
Fir méi Info kontaktéiert mech: Raoul Heusbourg vu Sëll Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!