Yves & Myriam Conter-Steffen vu Sëll: Mir wëllen d’Bongerten erhalen!
D’Myriam an den Yves Conter-Steffen vu Sëll hunn 2006 de Betrib vum Yves sengen Elteren iwwerholl. Hir alldeeglech Aarbecht versichen si sou gutt wéi méiglech am Aklang mat der Natur ze verriichten. De Betrib besteet nieft der Mëllech- a Fleeschproduktioun och nach aus enger Brennerei, an där d’Uebst vun hiren 280 Uebstbeem zu Branntewäi verschafft gëtt.
Dir hutt nach vill Bongerten. Iwwerall soss am Land ginn d’Bongerten awer ëmmer méi seelen. Firwat?
Eis Äppel-, Biren-, Mirabellen-, Quetschen- a Kiischtebeem gi schonn zënter ville Generatioune gefleegt an ënnerhalen. Et ginn e puer Grënn firwat d’Bongerten awer lues a lues am Land verschwannen:
- Den Drock op landwirtschaftlech Fläche gëtt ëmmer méi grouss duerch Bauland, Kompensatiounsmoossnamen, asw. Dofir sinn ëmmer manner Bauere bereet Wise mat Beem ze beplanzen.
- Wann de Bongert bis steet, gëtt en als geschützte Biotop klasséiert, et dierf ee kee Bam méi wech man, keng Äscht verbrennen, et kritt ee méi schwéier eng Baugenehmegung op deem Terrain,... dat schreckt af.
- D‘Aarbecht, déi een huet fir esou e Bongert ze ënnerhale, steet net an der Relatioun zum Wäert vum Uebst, dat d‘Leit da léiwer bëlleg zu jidder Joreszäit an d‘Geschäfter kafe ginn.
Baueren hunn net ëmmer een einfache Stand an eiser Gesellschaft. Trotz hirem immens wichtege Bäitrag zur Liewensmëttelproduktioun, ginn sinn oft beschëllegt d’Biodiversitéit ze zerstéieren an d‘Drénkwaasser mat Nitrater a Pestiziden ze verschmotzen. Dass dëst ganz oft eng falsch Klischee-Virstellung ass, beweist Dir mat äre villen Ëmwelt-Moossnamen.
Och wa mir kee Bio-Betrib sinn, wëlle mir eise Beitrag zum Ëmweltschutz leeschten. Dowéinst setze mir villes ëm:
- Zu Schweebech hu mer an enger Wiss zesumme mam Fierschter 3 Weiere mat Hecken a Beem ugeluecht. Säitdem huet sech den Heckefresch och rëm ugesidelt an et ass impressionant wéi vill Biodiversitéit bemol hei entstanen ass.
- An enger Wiss zu Useldeng, déi direkt un d‘Atert grenzt, clôturéiere mer zënter Joren en Uferrandsträifen. Sou kommen d’Béischten bis Mëtt Juli net méi un d’Waasser an d‘Vigel an d‘Inten kënne sou a Rou bréien.
- Eis Mëllechkéi hu während 8 Méint am Joer Dag a Nuecht fräie Weidegang a kënne, wann si wëllen, direkt vum Stall eraus an d'Wiss goen.
- Do dernieft hu mir eise Pestiziden-Asaz staark reduzéiert.
- Mir ënnerhalen 2,8 km Hecken an hunn eng Holzhackschnëtzel-Anlag, déi 2 Wunnhaiser an de Stall hëtzt. Och d‘Brennerei gëtt mat Stéckholz gehëtzt.
- Fir den eegene Verbrauch hu mir ee ganz grousse Gaart mat enger Zär, Hochbeet a Kraider Spiral, wou mir Uebst wéi Äerdbier, Hambier a Kréischelen an all Geméis op biologesch Aart a Weis planzen a séine fir et direkt z’iessen an anzefréieren. Deemno kafe mir bal ni eppes wat mam Fliger importéiert ass.
Wat ass äre Message un d’Lieser?
Wann ee bei sech ufänkt, seng Gewunnechten am Alldag bëssen ännert, awer och oppasst, wat en ësst a beim Kafen iwwerleet wou dat hir kënnt, ... Mat sou Geste, ka jiddereen säi Bäitrag zum Klimaschutz leeschten.