Miranda Welter: Een Haus mat der grénger Hausnummer
Der Miranda Welter ass 2009 di gréng Hausnummer fir hiert ekologescht Haus zu Kapweiler an hir nohalteg Liewensweis unerkannt ginn.
Wat ass di gréng Hausnummer?
Dir kennt äert Haus oder är Wunneng mat der Checklescht “Gréng Hausnummer” selwer testen (http://mouvement.oeko.lu/hausnummer). Wann Dir op d‘mannst 360 vu 600 Ponkten erreecht, gëtt Iech di gréng Hausnummer unerkannt. Obwuel mir an engem alen Haus vu virun 1865 zimlech ofgeleeë leien an dowéinst net all d'Critèrë vun der Lescht erfëllen, hu mir 420 Ponkten.
Hei e puer Beräicher, déi mir zënter 1991 am Laf vu 25 Joer ëmgesat hunn: eng 8 kW PV-Anlag, eng thermesch Solaranlag, e Brennwertgerät, Lehm- a Kallekbotz bannen a baussen, Biedem aus massivem Holz mat Perlite an Holzfaser isoléiert, mir brauche wéineg Stroum (3204 kWh 2014/15) a Waasser (95 m3/2015), a benotze Reewaasser fir d'Toilette an d'Wäschmaschinn. Mir fleegen e grousse Bongert, deen ons vill Uebst liwwert, mat engem Weier, lokalen Hecken an ale Beem, an e Gaart fir kleng faarweg Friichte mat onsem eegene Kompost. Ons Mataarbechter sinn de Mupp, d‘Kaazen, d’Kanéngercher, d‘Hénger an déi zwou Alpaka-Dammen, si lafe frei an droen hiren Deel zur d’Biodiversitéit bäi.
Wat wor är Motivatioun fir no dëse Richtlinnen ze bauen?
Meng Motivatioun fir an Harmonie mat der Natur ze liewen ass scho vill méi al wéi di gréng Hausnummer! Ech krut des Liewensweis souzesoen an d’Wéi geluecht, zënter der Pëtrolskris an de 1970er Jore sinn ech an der Transitioun. Als al Indianerin/Hippie ass mäi Wonsch fir eppes bäizedroen ëmmer present :
“ Ech liewen déi Wäerter, déi ech an der Welt wëll gesinn”.
Wat ech am Liewe man, dréckt dëse Wonsch aus. Ech hoffen, dass ech op mengem Liewenswee e puer Mënschen inspiréiere fir dës Ännerungen och pro aktiv ze gestalten. Et geet net nëmmen drëm fir eiser Äerd manner wéi ze dinn; loosst eis elo esou liewen, dass de mënschlechen Impakt der Äerd gutt deet! Dofir brauche mir eng gemeinsam Visioun! Wéi wëlle mir liewen ?
Dir passt och gutt am Alldag op dass Dir méiglechst wéineg Offall produzéiert. Wéi gi Dir do vir?
Meng 60 L Dreckskëscht gëtt héchstens eemol am Mount eidel gemaach, éischter manner. Alles wat vun de Planze kennt geet hannescht op de Kompost. Do servéiere sech d’Déieren, d'Vullen, d'Mueden an d'Bakterien. Als Veganer produzéiere wéineg Offall a kaafe kee Gedrénks. Alles gëtt sortéiert an di Plastik-Tuten, déi iwwereg bleiwe, ginn an de Recyclingscenter.
Wat ass äre Message un d’Lieser?
Ech wëll d’Lieser encouragéieren, bei sech ze spiere wat se wierklech brauche fir glécklech ze sinn. Wat si meng reell Bedierfnisser a wat brauch ech fir déi ze erfëllen? Dir wäert mierken, dass Dir a Wierklechkeet wéineg braucht, fir zefridden a gesond ze sinn!
Ech wënschen eis all Courage, fir e puer léif Gewunnechten a Fro ze stellen! Dee brauche mer, fir ganz séier a selwer déi Ännerungen ëmzesetzen, déi néideg si fir eis Äerd ze versuergen. Déi Ännerungen, déi eis vu baussen imposéiert ginn, wäerten ons wuel net gefalen!
