Renée & John Kaufmann - Berens vu Sëll: Sech fir seng Iwwerzeegungen engagéieren
D’Renée an de John vu Sëll engagéiere sech schonn zënter Jore fir hir Gemeng: ugefaang huet et an de 90er Jore mam Duerf-Atelier, dunn ass et mat der Ëmwelt- a Schoulkommissioun a mam BiergerAtelier weidergaang, iert si 2014 Member vum Sëller Klimateam gi sinn.
Firwat ass Iech d‘Engagement an ärer Gemeng sou wichteg?
Et kann ee bei sech doheem versichen eng heele Welt ze schafen, mee mir si jo awer Deel vun enger Gemeng, engem Land, enger Welt, wou mir ëmmer rëm mat Problemer konfrontéiert ginn. Fir eis geet et drëm mat unzepaken, ze hëllefen, ze handelen. Mir sinn der Meenung, dass d‘Mënschen hier Identitéit net aus sech alleng schafen, mee aus der Begéinung mat aneren, aus der Interaktioun. Bei eisem Engagement, komme mir mat anere Bierger zesumme fir iwwer Problemer ze diskutéieren an sou eppes beweegt ze kréien.
Wat ass är Visioun vun enger liewenswäerter Gemeng?
Fir eis ass eng liewenswäert Gemeng, eng Gemeng mat engem gudde sozialen Zesummenhalt, wou d’Bierger sech treffen a mat bestëmme kennen, wou et kleng Stroossen, wéineg Autoen, vill Spadséier- a Vëlosweeër ginn a natierlech wou et vill Natur gëtt.
An eisen Aen, mécht de villen Traffik eng Uertschaft dout, d’Leit treffen sech net méi op der Strooss, d’Interaktioun an d’Liewensqualitéit gi verluer, mir falen an eng individualistesch Gesellschaft.
Eng Boule-Plaz op enger zentraler Plaz oder e Gemeinschaftsgaart géing d’Bierger vläit rëm méi zesumme bréngen. De Kontakt, d’Kommunikatioun, den Austausch vun Iddie mussen einfach oprecht erhale bleiwen. Dëst ass am Alldag leider oft schwéier, well mer enzwousch anescht schaffen an eis Verbindung mat eisem Duerf ëmmer méi schwaach gëtt.
Natierlech si Veräiner, Museken an de lokale Commerce och ganz wichteg. Dowéinst hu mir eis immens iwwer di nei Bäckerei gefreet!
Wéi kënne mir des Visioun erreechen?
Amplaz ze kloen, soll een aktiv ginn a sech selwer abréngen! De Kontakt mat anere Bierger sichen, Iddien diskutéieren an handelen!
Genau sou wéi de Charlie Chaplin am Film “The Great Dictator” sot:
“Ihr, das Volk, habt die Macht, das Leben frei und schön zu gestalten – aus diesem Leben ein wundersames Abenteuer werden zu lassen. Lasst uns also – im Namen der Demokratie – diese Macht anwenden – vereinigt euch! Lasst uns kämpfen für eine neue Welt. “
Wat ass äre Message un d’Lieser a Politiker?
Mir bezweiwele ganz staark, dass et sou eppes wéi nohaltege Wuesstem gëtt. Loosst eis ophalen eist Land ëmmer weider zou ze bauen an haalt op eis e Wuesstem vun 3-4% Aarbechtsplaze pro Joer als néideg ze verkafen! Kaum ee Mënsch hei am Land wëll an 20 Joer duebel esou vill Aarbechtsplazen hei am Land hunn - wann dat och duebel esouvill Leit, Verkéier, a Wunnengen heescht. Kee Verkéiersproblem a keng Wunnengsnout kennen esou laangfristeg geléist ginn.
Denkt drun, dass mir eist Land, eise Kanner weiderreechen! Loosst eis also sou nohalteg wéi méiglech liewen!
